Zanter e puer Woche gëtt zu Reiden fläisseg vum Äerdschëff gebaut. Mat dem Begrëff gi Gebaier bezeechent, déi besonnesch ekologesch gebaut ginn. Ee vun den Haapt-Ingrediente sinn al Pneuen. Dat klengt zwar paradox, mä ass trotzdeem eng interessant Aart a Wéis vu „Upcycling“. Mir erklären, wisou dat esou ass. Ausserdeem kréie mir Andréck vum Chantier, bei dem sech virun allem jonk Fräiwëlleger bedeelegt hunn. An […]