D'Petitioun Nummer 3198 wëll all queer Inhalter aus der Schoul erauskréien. Dat suergt säit gutt zwou Woche fir Diskussiounen, virun allem well quasi jiddereen*t eppes aneres an den Text vun der Petitioun eraninterpretéiert. Mä wat fir Argumenter ginn am Fong benotzt, fir dës Petitioun ze verteidegen? Am Podcast schwätze mir doriwwer, analyséieren déi Ängschte, déi dohannert stinn a ginn och e puer historesch Beispiller, wou et esou Verbueter an änlech Initiative scho gouf.