Am November 1941, viru genee 80 Joer, gouf déi Lëtzebuerger Kollaboratiounspartei VdB vun der Nazi-Partei iwwerholl, zu engem Zäitpunkt also, wou den Drock vum NS-Regimm, fir aus de Lëtzebuerger Däitscher ze maachen, méi stark ginn ass. Wat zu Lëtzebuerg passéiert ass, huet sech och an der lëtzebuerger Communautéit a Frankräich widderspiggelt. Si ass dowéinst en interessanten Echantillon fir d'Mechanismen vun der Kollaboratioun ze verstoen.