Zeenewiessel

Zeenewiessel

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Zeenewiessel episodes

  • S02E01: D'Finanzdirektesch

    De 7. Februar 2024 kritt d'Caritas-Finanzdirektesch e Mail vum "marc.crochet55(at)gmail.com". Si soll dem Generaldirekter Marc Crochet bei enger geheimer finanzieller Transaktioun hëllefen. An hir Äntwert kënnt direkt: "Ok bien reçu". Wéi verhält d'Finanzdirektesch sech wärend den éischte Woche vun der Fraude? A wéi kann et sinn, datt si op ee Presidententrick eragefall ass?

    Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.

    "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden.

    Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel.

    Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel.

    Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich.

    Fir Froen a Feedback: [email protected]

    32 min
  • S02 Carambolage: Trailer

    Tëschent Februar a Juli 2024 kritt d'Caritas 61 Milliounen Euro geklaut. Wéi kann et sinn, datt dëse risege Bedruch gelongen ass? A war den Ënnergank vun där kathoulescher Organisatioun domadder inevitabel? Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck an 8 Episoden. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast.

    Dës Recherche leet oppen, wéi kleng a grouss Accidenter sech an dëser Affär uneneereien. D'Verhale vun der Finanzdirektesch an de Banken, d'Schwieregkeeten an der Generaldirektioun an am Verwaltungsrot, an d'Decisioune vu Bistum, Premier an Ausseminister ginn am Detail beliicht.

    Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien a Jo Diseviscourt. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: [email protected]

    3 min
  • S01E04: De Rechtsstaat

    D'Khadija an d'Imen Salmi ginn am Mäerz 2024 nees expulséiert. Huet de Rechtsstaat an hirem Fall zweemol versot?

    "Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. 

    Recherche: Pia Oppel 

    Host: Jean-Claude Franck

    Froen a Feedback: [email protected] 

    17 min
  • S01E03: Den Enquêteur
    2013 muss den André Kemmer wéinst senger Verwécklung an ee Geheimdéngschtskandal ënner Eed an der Chamber aussoen. Seng Zesummenaarbecht mam Geheimdéngscht huet mat der Enquête géint den Taoufik Salmi ugefaangen. Mir erzielen, wéi déi Enquête gefouert gouf.
    "Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden.
    Recherche: Pia Oppel
    Host: Jean-Claude Franck
    Froen a Feedback: [email protected]
    26 min
  • S01E02: De Papp
    Am November 2002 gouf eng Justiz-Enquête géint den Taoufik Salmi lancéiert. War den Terrorverdacht géint hie justifiéiert? A wat fir Konsequenzen hat dëse Verdacht fir hien?
    "Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden.
    Recherche: Pia Oppel
    Host: Jean-Claude Franck
    Froen a Feedback: [email protected]
    28 min
  • S01E01: D'Schwësteren
    Am November 2023 kommen d'Khadija an d'Imen Salmi zeréck op Lëtzebuerg. Firwat goufe si 20 Joer virdrun als kleng Kanner an Tunesien expulséiert?
    "Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden.
    Recherche: Pia Oppel
    Host: Jean-Claude Franck
    Froen a Feedback: [email protected]
    20 min
  • Kollateralschued: Trailer
    Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?
    Recherche: Pia Oppel
    Host: Jean-Claude Franck
    Froen a Feedback: [email protected]
    3 min

About Zeenewiessel

From the publisher's feed

Den 100,7-Doku-Podcast. Spannend a seriell verzielt.