Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
We invite filmmakers from Luxembourg and all over the world to discuss their passion and craft of making movies! ... more
FAQs about 35M Elevator Pitch:How many episodes does 35M Elevator Pitch have?The podcast currently has 32 episodes available.
October 22, 2023FABIEN COLAS – Produzéieren zu Hollywood an zu Lëtzebuerg 🇱🇺Als éischt Episod féiere mer mol e Selbstgespräch. An zwar mat eisem eegenen Host, dem Fabien Colas.De Fabien ass zu Lëtzebuerg gebuer, an huet sech iwwert déi lescht 10 Joer zu Hollywood eng Karriär opgebaut. Als Produzent vu Music Videos huet hie scho mat Artiste wéi dem Miley Cyrus, Christina Aguilera, Lil Wayne oder dem ASAP Rocky zesumme geschafft. Obwuel hien sech zu Los Angeles niddergelooss huet, zitt et hien ëmmer nees zréck heem op Lëtzebuerg.An dësem éischten Talk verréit hie wéi de verréckten Alldag op esou grousse Produktiounen ausgesäit. Wat huet hie schonn alles mat exzentresche Stars erlieft? A wiem géif hie gär mol eng Kéier am Lift begéinen? Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com...more1h 5minPlay
October 21, 2023E Podcast iwwer d'Leidenschaft Filmer ze maachen35M Elevator Pitch ass e Podcast iwwer d'Léift zum Film, an alles wat mat der Magie vum Kino ze dinn huet. Och wa mir eis op d'Filmindustrie zu Lëtzebuerg fokusséieren, wëlle mir eis awer net just op eis Heemecht begrenzen.All Episod invitéiere mir eng Perséinlechkeet aus Film & TV, fir am Detail iwwert hier Konscht an de Beruff vum Filmemaachen ze poteren. Mir wëllen e Bléck hannert d'Kulisse fräiginn, Anekdote vum Set erhaschen, an aus Erfarunge léieren. Wat fléisst alles an d'Entstehung vun engem Film? Wéi baut een eng Karriär an dëser Industrie op? Wéi gëtt ee mat deene verschiddenen Challengen eens?A wie wëllen eis Gäscht emol am Lift treffen?De Fabien Colas & Émile V. Schlesser hunn zesummen d'Produktiounsfirma 35M Films gegrënnt a schaffen zënter 2012 als Produzenten– a Regisseuren Duo. Als passionéiert Filmemaacher hunn den Émile & Fabien decidéiert e Podcast iwwer hier Leidenschaft ze kreéieren. Eng Idee, déi scho laang an hire Käpp gebrodelt huet.Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com...more3minPlay
FAQs about 35M Elevator Pitch:How many episodes does 35M Elevator Pitch have?The podcast currently has 32 episodes available.