Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
We invite filmmakers from Luxembourg and all over the world to discuss their passion and craft of making movies! ... more
FAQs about 35M Elevator Pitch:How many episodes does 35M Elevator Pitch have?The podcast currently has 29 episodes available.
January 12, 2024MAGALY TEIXEIRA – Nom ApplausD'Magaly Teixeira ass eng spannend Kënschtlerin mat ville Facetten. Ugefaang huet alles mam Danz. An zwar net den übleche Ballet- oder Hiphop-Unterrecht. Nee, beim Magaly war dat op engem ganz aneren Niveau! Mee och Gesang spillt a sengem Liewen eng wichteg Roll. Wann hatt mat senger Fado-Band optrëtt, fillt hatt sech senge portugisesche Wuerzele ganz no.Och wann een d'Magaly als Energiebündel bezeechne kann, deem seng positiv Ausstralung ustécht, wëll dat net heeschen, dass hatt net och déi schwiereg Phase kennt, wann den Applaus bis verklongen ass. Dann dauchen – grad wéi bei all Kënschtler – och bei him Dämonen op.D'Magaly schwätzt mat vill Passioun iwwert de Beruff vum Schauspiller, mee erzielt grad sou offen iwwert déi negativ Gefiller, Zweifel an Ängscht, déi mat dësem Liewensstil verbonne sinn. En Thema, wat oft Tabu ass.Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more1h 8minPlay
December 29, 2023AMANDINE KLEE – D'Musikalitéit vun der KameralënsWéi d'Amdandine Klee als Teenager déi éischte Kéier eng Kamera op der Schëller hat, stoung fir hatt seng Beruffung fest. Als Frontfra vun enger Rockband war eigentlech Musik seng éischt Passioun – wat haut e groussen Afloss huet op seng Manéier Biller ze komponéieren.Als eng vu wéinege Kamerafraen an dësem männlech-dominéierte Beruff, huet d'Amandine fréi geléiert sech duerchzebäissen, a setzt sech haut als erfollegräich DP an, Gläichheet an Akzeptanz um Filmset eng Normalitéit ze maachen.An dësem inspiréierende Gespréich potere mer mam Amandine iwwer d'Qualitéiten déi en DP muss matbréngen – wéi een trotz klenge Mëttele grousse Kino maache kann – a wisou et nach ëmmer bäi Wäitem net genuch Fraen hannert der Kamera gëtt.Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more1h 30minPlay
December 16, 2023FÉLIX KOCH – E Superheld am Regie féierenDe Félix Koch ass deene meeschte Lëtzebuerger als d'Regietalent hannert dem Succès vum "Superjhemp Retörns" bekannt. Säi Kachkéis-gedriwwene Superhelden Epos huet 2018 fir vill gutt Stëmmung an de Lëtzebuerger Kino's Säll gesuergt.Als Regieassistent vum Michael "Bully" Herbig ugefaangen, ass de Félix zënter 2007 an der Film & TV Branche aktiv. Nom Superjhemp, huet hie Regie fir d'ARD Serie "Großstadtrevier", an d'RTL Actionfilmer "Balko-Teneriffa" gefouert. Hie weess also wéi dat leeft, wann op engem Filmset geballert gëtt!Wéi een effizient schafft, seng Visioun trotz Stress an Zäitdrock duerchsetzt – a wat ee mécht wann den Haaptschauspiller sech e Messer duerch d'Hand stécht – dat verréit eis de Félix eis an dëser Episod!Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more1h 5minPlay
December 02, 2023TOMMY SCHLESSER – E Liewe fir d'SchauspillereiEt ginn net all ze vill Leit zu Lëtzebuerg déi nach näischt vum Tommy Schlesser héieren hunn. Zënter sengem Debut als professionelle Schauspiller an der Sitcom "Comeback" (2012) huet säi Wee hien an international Produktioune queesch duerch d'Welt gefouert.Mee wéi huet alles beim Tommy ugefaang? Als Kand huet hie schonn mat sengem Brudder (eisen Host, Émile V. Schlesser) éischt Filmer gemaach. Déi si schliisslech ëmmer méi grouss an éiergäizeg ginn, bis de Wonsch säi Liewen dëser Passioun ze widmen, net méi ze ennerdrécke war.Den Tommy erzielt eis wéi schwéier et heiansdo ass als Schauspiller d'Familljeliewen an de Beruff ënnert een Hutt ze bréngen; wéi hie virun engem Dréi zum "Rodeo-Stéier" gëtt; a wat mengt den Tommy eigentlech, wann hie seet hie wier "am Tunnel"?Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more1h 6minPlay
November 18, 2023TIMO WAGNER – De Kierper als wichtegst Instrument(SPOILER!) Ugefaangen huet alles mam Sport. De Schauspiller Timo Wagner hat eigentlech schonn de Wee vum Leeschtungssport ageschloe, wéi et hien et op d'Bün a virun d'Kamera gezunn huet. Wéi sech rausstellt hunn déi zwou Welten awer vill méi gemeinsam wéi ee mengt.Zur Zäit ass den Timo um groussen Ecran am spektakuläre "Läif a Séil" ze bewonneren. Eng mysteriéis Roll, déi hie bis an de klengsten Detail virbereet huet. Wéi enge kierperleche Strapazen huet hie sech fräiwëlleg ausgesat fir dës Roll? A wat ass en absolutten No-Go an der Kommunikatioun mam Regisseur?Dat, a villes méi, verréit eis den Timo Wagner an dësem intime Gespréich.Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more1h 5minPlay
November 04, 2023JACQUES MOLITOR – Horror mat Häerz(SPOILER!) De Jacques Molitor huet net nëmmen e grousst Filmwëssen, mee mat zwee Feature Filmer och genuch Erfarung fir iwwer d'Handwierk vum Regieféieren an seng Schwieregkeeten ze schwätzen. Mat sengem neie Film "Kommunioun" (Wolfkin) liwwert de Jacques e spannende Genre-Mix: Horror, Coming-of-Age an Social Drama. Eppes, dat ee bis haut nach net am Lëtzebuergesche Kino ze gesi krut.De Jacques erzielt eis wéi hien d'Erausfuerderung gemeeschtert huet, mat enger komplizéierter Diva ze schaffen – engem richtege Wollef.Merci un Les Films Fauves fir d'Clips.Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more1h 2minPlay
October 27, 2023LOIC TANSON – Eng roueg Stëmm am wëlle Westen(SPOILER!) Mat engem Lëtzebuerger Western, dem spektakuläre Läif a Séil, liwwert de Regisseur Loic Tanson säin éischte Feature Film. Poetesch, brutal an eng immersiv Rees an eng vergaangen Epoch.No jorelaanger Erfahrung als Filmkritiker huet de Loic de Sprong op déi aner Säit gewoot. Dräi Kuerzfilmer an e puer Dokumentairen hunn hien op dëse grousse Projet virbereed – déi opwännegst an deierste Lëtzebuerger Produktioun bis dato.De Loic verréit eis wéi hie mat senge Schauspiller "schafft", wat ee mécht fir säin Team zesummenzeschweessen – a wéi ee bluddeg Szenen realistesch an effektiv ëmsetzt!Merci u Samsa Film fir d'Clips.Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more1h 7minPlay
October 22, 2023FABIEN COLAS – Produzéieren zu Hollywood an zu LëtzebuergAls éischt Episod féiere mer mol e Selbstgespräch. An zwar mat eisem eegenen Host, dem Fabien Colas.De Fabien ass zu Lëtzebuerg gebuer, an huet sech iwwert déi lescht 10 Joer zu Hollywood eng Karriär opgebaut. Als Produzent vu Music Videos huet hie scho mat Artiste wéi dem Miley Cyrus, Christina Aguilera, Lil Wayne oder dem ASAP Rocky zesumme geschafft. Obwuel hien sech zu Los Angeles niddergelooss huet, zitt et hien ëmmer nees zréck heem op Lëtzebuerg.An dësem éischten Talk verréit hie wéi de verréckten Alldag op esou grousse Produktiounen ausgesäit. Wat huet hie schonn alles mat exzentresche Stars erlieft? A wiem géif hie gär mol eng Kéier am Lift begéinen? Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more1h 5minPlay
October 21, 2023E Podcast iwwer d'Leidenschaft Filmer ze maachen35M Elevator Pitch ass e Podcast iwwer d'Léift zum Film, an alles wat mat der Magie vum Kino ze dinn huet. Och wa mir eis op d'Filmindustrie zu Lëtzebuerg fokusséieren, wëlle mir eis awer net just op eis Heemecht begrenzen.All Episod invitéiere mir eng Perséinlechkeet aus Film & TV, fir am Detail iwwert hier Konscht an de Beruff vum Filmemaachen ze poteren. Mir wëllen e Bléck hannert d'Kulisse fräiginn, Anekdote vum Set erhaschen, an aus Erfarunge léieren. Wat fléisst alles an d'Entstehung vun engem Film? Wéi baut een eng Karriär an dëser Industrie op? Wéi gëtt ee mat deene verschiddenen Challengen eens?A wie wëllen eis Gäscht emol am Lift treffen?De Fabien Colas & Émile V. Schlesser hunn zesummen d'Produktiounsfirma 35M Films gegrënnt a schaffen zënter 2012 als Produzenten– a Regisseuren Duo. Als passionéiert Filmemaacher hunn den Émile & Fabien decidéiert e Podcast iwwer hier Leidenschaft ze kreéieren. Eng Idee, déi scho laang an hire Käpp gebrodelt huet.Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture...more3minPlay
FAQs about 35M Elevator Pitch:How many episodes does 35M Elevator Pitch have?The podcast currently has 29 episodes available.