Al Schanken

Al Schanken

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Al Schanken episodes

  • Golden Earring live
    Déi hollännesch Band Golden Earring gouf 1961 vun e puer Schoulkolleege an d’Liewe geruff a bestoung bis 2021 - mat der schwéierer Krankheet vum Matgrënner George Kooymans gouf deemols e Schlussstréch gezunn.
    “Radar Love“ um Album “Moontan“ war 1973 de Megahit fir de Quartett. Mee och scho virdru konnt Golden Earring eng etlech Kompositiounen an den Charts placéieren, dëst uechter ganz Europa. Dräi vun dësen éischten Erfolleger hu mir an der Live-Versioun derbäi.
    Op der Playlist stinn och dräi Kompositioune vum John Fogerty, interpretéiert vu senger Band Creedence Clearwater Revival, dem Bluesgittarist Duke Robillard an der US-Band Broken Homes.
    Playlist:
    1. Free - Wishing Well (Heartbreaker, 1972)
    2. David Bowie - Jean Genie (Aladin Sane, 1973)
    3. Doobie Brothers - China Grove (The Captain And Me, 1973)
    4. Roxy Music - Do The Strand (For Your Pleasure, 1973)
    5. Golden Earring - Buddy Joe (live) (2nd live, 1981)
    6. Golden Earring - Back Home (live) (2nd live, 1981)
    7. Golden Earring - Holy Holy Life (live) (Naked Truth III, 2005)
    8. Broken Homes - Born On The Bayou (OST Born On The 4th Of July, 1989)
    9. Duke Robillard - Who’ll Stop The Rain (A Blues Tribute To CCR, 2001)
    10. Creedence Clearwater Revival - Chameleon (Pendulum, 1970)
    11. Elvis Costello - Watching The Detectives (My Aim Is True, 1977)
    12. Ian Dury - Wake Up Make Love With Me (What A Waste, 1978 / recorded 1977)
    13. Talking Heads - Pulled Up (Talking Heads:77, 1977)
    14. Boston - More Than A Feeling (Boston, 1976)
    1 hr
  • Guns N’ Roses live
    Gëtt d’Luxexpo um Kierchbierg den 28. Juli ieren eng Zort Paradise City? Wait and see ... An dëser Stonn stinn e puer Live-Opname vun der US-Band op der Playlist a ginn esou e Virgeschmaach op den Optrëtt vun Axl Rose, Slash a Co.!
    Playlist:
    1. Guns N’ Roses - Paradise City (live) (Live Era ’87-’93)
    2. Izzy Stradlin - Cuttin’ The Rug (Izzy Stradlin and the Ju Ju Hounds, 1992)
    3. Slash feat. Iggy Pop - We’re All Gonna Die (Slash, 2010)
    4. Guns N’ Roses - Knockin’ On Heaven’s Door (live) (Live Era ’87-’93)
    5. Guns N’ Roses - Sweet Child O’ Mine (live) (Live Era ’87-’93)
    6. Raconteurs - Hands (Broken Boy Soldiers, 2006)
    7. The Jesus & Mary Chain - April Skies (Darklands, 1987)
    8. Queens Of The Stone Age - I Sat By The Ocean (… Like Clockwork, 2013)
    9. Primal Scream - Medication (Vanishing Point, 1997)
    10. Guns N’ Roses - Sympathy For The Devil (OST Interview With The Vampire, 1994)
    11. Guns ‘N Roses - Breakdown (Use Your Illusion II, 1991)
    1 hr
  • Mad Dogs and Englishmen
    Mad Dogs and Englishmen: mat deem Duebelalbum si mir mam Joe Cocker am Joer 1970 - dëst bei enger éischter wéineg professionell organiséierter Tour, déi den Englänner aus Sheffield a 56 Deeg uechter net manner wéi 48 Stied an den USA geféiert huet ... mat eegenem gelounte Bandfliger, fir deemoleg Zäiten en absolutte Luxus. Eng ustrengend an deier Tour, déi wuel e Grammy-nominéierten Duebelalbum an e Concertsfilm mat sech bruecht huet, allerdéngs och fir e Riselach am Portmonni.
    Antëschent gëtt et eng deluxe Versioun vu “Mad Dogs and Englishmen” mat e puer Bonus-Songs, mee och op där gëtt et keng eng Joe Cocker-Kompositioun - alles Coverversiounen, wéi eis zwee Tracken den Owend: “Delta Lady” huet de Leon Russell geschriwwen, deen op der Tour Gittarist a Keyboarder war, “Feelin Allright” ass signéiert Dave Mason … dee mir duerno an der Emissioun nach mat senger Band Traffic derbäi hunn.
    Playlist:
    1. Blue Oyster Cult - The Reaper (Agents Of Fortune, 1976)
    2. Buddy Miles & Double Trouble - The Wind Cries Mary (Blue Haze: Songs Of Jimi Hendrix, 2000)
    3. Jimi Hendrix - Angel (Cry Of Love, 1970)
    4. Paul Weller - All Along The Watchtower (Studio 150, 2004)
    5. Joe Cocker - Delta Lady (live) (Mad Dogs And Englishmen, 1970)
    6. Joe Cocker - Feelin Allright (live) (idem)
    7. Stevie Ray Vaughan - Cold Shot (Double Trouble, 1984)
    8. Joe Bonamassa - Redemption (Redemption, 2018)
    9. Traffic -Light Up Or Leave Me Alone (live) (On The Road, 1973)
    10. Keith Richards - Gimme Shelter (live) (Live in London ’92, 1992)
    1 hr
  • In concert
    Mir ginn dës Stonn véier Mol an de Concert - eis Affichen heeschen Talk Talk, Paul Weller, Jean-Louis Murat a Lucinda Williams.
    Playlist:
    1. Talk Talk - Such A Shame
    2. Talk Talk - It’s My Life (allebéid: Live at Montreux, 1986)
    3. Paul Weller - Remember How We Started / Doninoes (Live Wood, 1994)
    4. Paul Weller - If I Only Could Be Sure
    5. Paul Weller - The Bottle (allebéid: Bonus Disc “Studio 150”, 2004)
    6. Jean-Louis Murat - Qu’est-ce qu’au fond du cœur
    7. Jean-Louis Murat - Blues du Cygne (allebéid: Live aux PIAS Nites, 2015)
    8. Lucinda Williams - Are You Down
    9. Lucinda Williams - Out Of Touch (allebéid: Live at the Fillmore, 2005)
    1 hr
  • Fluid architecture
    Fluid architecture
    D’Lidd steet an der éischter Rei ... an et ass de Stoff fir Geschichtenerzielerinnen an - Erzieler, déi erlieften oder erduechte Momenter op hir eege Manéier vertount hunn. Déi Bausteng a Form vu Lidderzeilen uneneesetzen, Stéck fir Stéck, an dës - begleet vun Nouten - zum fäerdege Song zesummebauen. Oder wéi d’Kanadierin Joni Mitchell seet: “I see music as fluid architecture.”
    Playlist:
    1. PJ Harvey - You Said Something (Stories From The City, Stories From The Sea, 2000)
    2. Van Morrison - Fire In The Belly (The Healing Game, 1997)
    3. Marianne Faithfull - Prussian Blue (Horses And High Heels, 2011)
    4. Elliott Murphy - Small Room (Beauregard, 1998)
    5. Melanie Safka - Dust In The Wind (Moments From My Life, 2002)
    6. Paul Weller - Cold Moments (22 Dreams, 2008)
    7. Keb Mo’ - Move (BLUESamericana, 2014)
    8. Suzanne Vega - Marlene On The Wall (Suzanne Vega, 1985)
    9. Ida Sand - Woodstock (Young At Heart, 2015)
    10. Neil Young - Dreamin’ Man (Harvest Moon, 1992)
    11. Joni Mitchell - Borderline (Turbulent Indigo, 1994)
    12. Patti Smith - Where Duty Calls (Dream On Life, 1988)
    13. Stephen Stills - Treetop Flyer (Stills Alone, 1991)
    1 hr
  • Technicolour Dreams
    Et geet an dëser Stonn virun allem eran an d’Enn Sechzeger mat Tracken, déi dacks vu legalen a besonnesch illegale Substanzen nëmmen esou strotzen, mat Rock/Pop, dee sech an de psychedeelesche Beräich erawot an esou dem Zäitgeescht vun deemools absolut Rechnung dréit. A mat Bands, deenen hir Produktiouen och haut nach op de Radioe lafen ... oder awer déi komplett aus dem Vergiess mussen erausgeholl ginn.
    Playlist:
    1. Sunday - Ain’t It A Pity (Sunday, 1971)
    2. Sunday - Tree Of Life (Sunday, 1971)
    3. Fire - Father’s Name Is Dad (single, 1968, compil: Looking At The Pictures In The Sky, 2017)
    4. Status Quo - Technicolour Dreams (Picturesque Matchstickable Message From The Status Quo
    5. Small Faces - Itchicoo Park (There Are But Four Small Faces, 1968)
    6. The Spencer Davis Group - Time Seller (With Their New Face On, 1968)
    7. The Doors - Break On Through (The Doors, 1967)
    8. The Jimi Hendrix Experience - Purple Haze (Are You Experienced, 1967)
    9. Steppenwolf - Magic Carpet Ride (live) (Live At 25, 1994 / Original: The Second, 1968)
    10. Steppenwolf - The Pusher (live) (Live At 25, 1994 / Original: Steppenwolf, 1968)
    11. The Smoke - My Friend Jack (It’s Smoke Time, 1967)
    12. The Byrds - Eight Miles High (Fifth Dimension, 1966)
    13. Marmelade - I See The Rain (There’s A Lot Of It About, 1967)
    1 hr
  • The Pretenders an de Bléck op de Concertskalenner
    Déi US-brittesch Band The Pretenders gouf 1978 gegrënnt … an d’Band ronderëm déi charismatesch Frontfra Chrissie Hynde ass bis haut aktiv. Ee bis ewell leschten Album (“Relentless“) koum 2023 eraus. Déi grouss Zäit vun de Pretenders war déi éischt Hallschent vun den 80er, wou weltwäit eng etlech Erfolleger an den Charts ze verbuche sinn - dräi dovunner lafen an dëser Stonn an de Live-Tracken.
    E Bléck op de Concertskalenner ass och derbäi mat den Affichen The Black Keys (29.06. Rockhal), Fun Lovin’ Criminals (11.10. opderschmelz) a Louis Bertignac (09.11. Rockhal).
    Playlist:
    1. The Black Keys - Lonely Boy (El Camino, 2011)
    2. The Clash - London Calling (London Calling, 1979)
    3. David Bowie - Boys Keep Swinging (Lodger, 1979)
    4. Ramones - I Wanna Be Sedated (Road To Ruin, 1978)
    5. Fun Lovin’ Criminals - Scooby Snacks (Come Find Yourself, 1996)
    6. Southern Culture On The Skids - Firefly (Too Much Pork For Just One Fork, 1991)
    7. Webb Wilder - Tough It Out (Doo Dad, 1991)
    8. Pretenders - Middle Of The Road (live) (Live From New York City, 2009)
    9. Pretenders - Back On The Chain Gang (live) (idem)
    10. Pretenders - Don’t Get Me Wrong (live) (idem)
    11. Louis Bertignac - Embrasse-Moi (Suis-Moi, 2014)
    12. Manu Chao - Rainin In Paradize (La Radiolina, 2007)
    13. Amadou & Mariam - Taxi Bamako (Dimanche à Bamako, 2004)
    14. Catherine Ringer - Z Bar (Ring ‘n’ Roll, 2011)
    15. Creedence Clearwater Revival - I Heard It Through The Grapevine (Cosmo’s Factory, 1970)
    1 hr
  • Jerry Garcia live
    Den Jerry Garcia (1942-1995) war de Bandleader vun der legendärer US-Jamrock-Formatioun Grateful Dead, huet awer och mat eegener Band an a villen Zesummenaarbechte Placken erausbruecht. Dacks sinn et bei him laang Stécker déi - besonnech live - vill Improvisatioune vun alle bedeelegte Museker proposéieren, seele gëtt dobäi op d‘Auer gekuckt, et rullt gemittlech an nawell gären op eng absolut laidback Manéier …
    Mat den zwou US-Bands Moonalice a Moses Guest sinn zwou méi rezent Formatiounen derbäi, déi vill am Grateful Dead-Stil spillen, den Titel “Bird Song” ass dann och am Original eng Co-Kompositioun vum Jerry Garcia.
    De Chris Robinson hat ufanks den 90er senger Band Black Crowes eng Zäit laang de Réck gedréit an huet als Chris Robinson Brotherhood gerockt ... dat meeschtens och mat entspaante Gittaresound. Eis zwee Tracke kommen allebéid vum Debutalbum aus dem Joer 1992. Antëschent sinn d’Black Crowes erëm zesummen.
    Playlist:
    1. Moonalice - Fair To Even Odds (Dave’s Way Vol. 6, 2011)
    2. Moses Guest - Wheel (Best Lait Plans, 2007)
    3. Moonalice - Bird Song (Cool Cats, 2024)
    4. Jerry Garcia Band - Cats Under The Stars (live) (Fall 1989 - The Long Island Sound, 2013)
    5. Jerry Garcia Band - That What’s Love Will Make You Do (live) (Garcia Live Vol. One, 2013)
    6. Chris Robinson Brotherhood - Rosalee (Big Moon Ritual, 2012)
    7. Chris Robinson Band - 100 Days Of Rain (idem)
    8. The Allman Brothers Band - Southbound (Brothers And Sisters, 1973)
    1 hr
  • Op eiser Playlist stinn eng etlech Tracken aus dësem Genre mat Interpreten an Interpretinnen, déi sech Zäit dofir huelen - déi meescht Lidder an dëser Stonn ginn iwwer 6, 7 oder méi Minutten. Keent dovunner koum - wéi dat nawell üblech war - an enger staark gekierzter Versioun eraus (de sougenannte radio edit), fir datt se “radiotauglech“ waren an net wéinst Iwwerlängt direkt am Archiv gelant sinn.
    De Genre Classic rock gëtt besonnesch benotzt fir Opnamen, déi an de spéide Sechzeger bis Mëtt Siwwenzeger am Beräich Rock produzéiert goufen. De Begrëff sollt allerdéngs eréischt e puer Joer duerno opdauchen, eng amerikanesch Radiostatioun hätt en 1981 als éischte benotzt. Mat den erweiderten technesche Méiglechkeeten an neien Instrumenter - speziell am Keyboard-Beräich - goung d’Zäit vum Classic rock lues awer sécher op en Enn. Mee och méi spéit hunn ëmmer erëm Rock-Acts sech un de Kompositioune vun deemools inspiréiert.
    Playlist:
    1. Status Quo - Roadhouse Blues (Piledriver, 1972 / Orginal: The Doors, Morrison Hotel, 1970)
    2. Green Day - Like A Rolling Stone (21st Century Breakdown, 2009 / Orginal: Bob Dylan, Highway 61 3. Revisited, 1965)
    4. Black Crowes - My Morning Song (The Southern Harmony And Musical Companion, 1992)
    5. Spooky Tooth - I Am The Walrus (The Last Puff, 1970 / Orginal: The Beatles, Magical Mystery Tour, 1967)
    6. Mike Harrison - Make Me Smile (Mike Harrison Meets The Hamburg Blues Band, 2006)
    7. Crosby & Nash - Don’t Dig Here (Crosby &Nash, 2004)
    8. Crosby, Stills & Nash - Dear Mr. Fantasy (CSN Box Set, 1991 / Orginal: Traffic, Mr. Fantasy, 1967)
    9. Frumpy - How The Gipsy Was Born (Frumpy 2, 1971)
    10. Jefferson Starship - Miracles (Red Octopus, 1975)
    1 hr
  • Op eiser Playlist stinn eng etlech Tracken aus dësem Genre mat Interpreten an Interpretinnen, déi sech Zäit dofir huelen - déi meescht Lidder an dëser Stonn ginn iwwer 6, 7 oder méi Minutten. Keent dovunner koum - wéi dat nawell üblech war - an enger staark gekierzter Versioun eraus (de sougenannte radio edit), fir datt se “radiotauglech“ waren an net wéinst Iwwerlängt direkt am Archiv gelant sinn.
    De Genre Classic rock gëtt besonnesch benotzt fir Opnamen, déi an de spéide Sechzeger bis Mëtt Siwwenzeger am Beräich Rock produzéiert goufen. De Begrëff sollt allerdéngs eréischt e puer Joer duerno opdauchen, eng amerikanesch Radiostatioun hätt en 1981 als éischte benotzt. Mat den erweiderten technesche Méiglechkeeten an neien Instrumenter - speziell am Keyboard-Beräich - goung d’Zäit vum Classic rock lues awer sécher op en Enn. Mee och méi spéit hunn ëmmer erëm Rock-Acts sech un de Kompositioune vun deemools inspiréiert.
    Playlist:
    1. Status Quo - Roadhouse Blues (Piledriver, 1972 / Orginal: The Doors, Morrison Hotel, 1970)
    2. Green Day - Like A Rolling Stone (21st Century Breakdown, 2009 / Orginal: Bob Dylan, Highway 61 3. Revisited, 1965)
    4. Black Crowes - My Morning Song (The Southern Harmony And Musical Companion, 1992)
    5. Spooky Tooth - I Am The Walrus (The Last Puff, 1970 / Orginal: The Beatles, Magical Mystery Tour, 1967)
    6. Mike Harrison - Make Me Smile (Mike Harrison Meets The Hamburg Blues Band, 2006)
    7. Crosby & Nash - Don’t Dig Here (Crosby &Nash, 2004)
    8. Crosby, Stills & Nash - Dear Mr. Fantasy (CSN Box Set, 1991 / Orginal: Traffic, Mr. Fantasy, 1967)
    9. Frumpy - How The Gipsy Was Born (Frumpy 2, 1971)
    10. Jefferson Starship - Miracles (Red Octopus, 1975)
    1 hr

About Al Schanken

From the publisher's feed

De Rock'n'Roll-Kolléisch um 100,7