Al Schanken

Al Schanken

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Al Schanken episodes

  • Let’s go live!
    Et geet et an de Concert - mam Eric ‘Slowhand’ Clapton, mat der argentinesch-texanescher Kombinatioun LA Mississippi / Billy F. Gibbons (a ZZ TOP-Repertoire!) a mat Kult aus Australien, dem Angus & Co an hirem éischte Live-Album.
    Playlist:
    1. Eric Clapton - White Room (live) (Forever Man, 2015)
    2. Eric Clapton - Cocaine (live) (idem)
    3. Eric Clapton - Sunshine Of Your Love (live) (idem)
    4. LA Mississippi feat. Billy F. Gibbons - Sharp Dressed Man (live) (Siete Ombres – Una Noche, 2024)
    5. LA Mississippi feat. Billy F. Gibbons - Tush (live) (idem)
    6. LA Mississippi feat. Billy F. Gibbons - La Grange (live) (idem)
    7. AC/DC - Whole Lotta Rosie (live) (If You Want Blood You’ve Got It, 1978)
    8. AC/DC - High Voltage (live) (idem)
    9. AC/DC - Let There Be Rock (live) (idem)
    10. The Doors - Soul Kitchen (live) (Absolutely Live, 1970)
    1 hr
  • Zeréck am Ring!
    Déi eng hunn no 16 Joer Paus erëm en Album erausbruecht deen - düster a voller Weltschmäerz - iwwerzeegt, déi aner versti sech erëm no munch Divergenzen a ginn op eng direkt ausverkaaften Tour: The Cure an Oasis sinn allebéid mam Begrëff Comeback verbonnen.
    A mat Oasis ass och de Britpop a säin Ëmfeld aus den 90er Joren erëm ugesot ... an däers ass dofir och eng déck Schëpp derbäi!
    Playlist:
    1. Liam Galagher - Shock Wave (Why Me? Why Not, 2019)
    2. The Cure - Pictures Of You (live) (40 live)
    3. The Cure - A Forest (live) (40 live)
    Inspiral Carpets - Two Worlds Collide (Revenge Of The Goldfish, 1992)
    The Stone Roses - Made Of Stone (The Stone Roses, 1989)
    Pulp - Babies (single, 1992 / Album: His ‘n’ Hers, 1994)
    Blur - Country House (The Great Escape, 1995)
    Richard Ashcroft - Lucky Man (Acoustic Hymns, 2020)
    Richard Ashcroft feat. Noel Gallagher - C’mon People (Acoustic Hymns, 2020)
    Ride - 1000 Miles (Carnival Of Light, 1994)
    James - Sit Down (Gold Mother, 1990)
    Primal Scream - Rocks (Give Out But Don’t Give Up, 1994)
    Oasis - Fade Away (Definitely Maybe, 1994)
    1 hr
  • Ian Hunter and Calvin Russell live
    Mott The Hoople war ufanks de 70er Joren d’Formatioun vum Ian Hunter (Joergang 1939). Support koum deemols vum David Bowie, dee fir si produzéiert a geschriwwen huet. 1974 huet dem Englänner seng Solokarriär ugefaangen, an déi dauert bis haut: am héijen Alter huet den Hunter nach rezent zwee Wierker erausbruecht, “Defiance Part 1“ a “Part 2“, erauskomm 2023/2024.
    Den Texaner Calvin Russell (1948-2011) steet fir e Mix aus Rock, Folk a Blues, 10 Studio- a 5 Livealbumme stinn a senger Discographie. Besonnesch bei eisem franséischen Noper war hie ganz populär an dacks op Tournée, hei ass och 1993 “Le Voyageur“ entstanen, eng Zort Best of viru Publikum.
    Den T. Rex-Song “Get It On“ hat eng duebel Karriär: no senger Sortie an Europa (um Album “Electric Warrior“, 1971) koum hien dat Joer drop ënner dem neien Titel “Bang A Gong (Get It On) “ och an déi amerikanesch Charts.
    1 hr
  • Catfish live
    Mat Catfish ronderëm de Bandgrënner Bob Hodge kënnt an dëser Al Schanken-Stonn eng sécherlech net esou bekannte Band an den Asaz. Catfish stoung manner an der alleréischter Rei, wat de Bekanntheetsgrad betrëfft, si waren éischter “local heroes“ am US-Bundesstat Michigan. D‘Band huet et trotzdeem och bis an de renomméierten New Yorker Filmore East gepakt.
    Rock vollgepaakt mat enger décker Portioun Energie an engem Schotz Blues war d’Uleies vun der Formatioun, woubäi de Bob Hodge a seng Matmuseker live besonnesch gutt eriwwerkoumen. Hiren Album “Catfish live“ ass am Oktober 1970 doheem zu Detroit opgeholl ginn. Den Hodge, Joergang 1945, huet iwwer 20 Albume mat verschiddene Formatiounen opgeholl, hie steet haut nach geleeëntlech mat engem Blues-Repertoire op der Bün.
    Déi zwee Tracks vun L.A. Guns an Al Kooper op der Playlist si signéiert Donovan Leitch. Dee schottesche Singer/Songwriter trëtt de 26. Mäerz 2025 am Atelier op.
    Playlist:
    1. The Rolling Stones - Start Me Up (live) (Shine A Light, 2008)
    2. Derek and the Dominoes - Layla (Layla And Other Associated Love Songs, 1970)
    3. Neil Young - She’s A Healer (Are You Passionate, 2002)
    4. Catfish - Nowhere To Run (live) (Catfish live, 1971)
    5. Catfish - Mississippi River (live) (Catfish live, 1971)
    6. Al Kooper - Season Of The Witch (Super Session, 1968)
    7. L.A. Guns - Hurdy Gurdy Man (Rips The Covers Off, 2004)
    8. David Crosby - Long Time Gone (live) (It’s All Coming Back To Me Now, 1995)
    9. David Crosby - Till It Shines On You (live) (It’s All Coming Back To Me Now, 1995)
    1 hr 1 min
  • Paul Rodgers live
    Mat de Formatioune Free a Bad Company huet hien an den Enn Sechzeger a Siwwenzeger als Stëmm gläich e puer Rockklassiker interpretéiert (“Allright Now”, “Can’t Get Enough”, “Bad Company”, …), fir de Projet Queen + Paul Rodgers koum et ufanks den 2000er zur Zesummenaarbecht mam Duo Brian May/Roger Taylor, och solo ass den Erfolleg net ausbliwwen: de Mann aus Middlesbrough (Joergang 1949) zielt zu de grousse Stëmmen am Rockbusiness … a steet bis haut op ausverkaafte Bünen an am Studio: säi bis ewell leschten Album “Midnight Rose” koum am September 2023 eraus.
    Playlist:
    1. Manassas - The Treasure (Manassas, 1972)
    2. Canned Heat - On The Road Again (Boogie With Canned Heat, 1968)
    3. Quicksilver Messenger Service - The Truth (Quicksilver, 1971)
    4. Jefferson Starship - Miracles (Red Octopus, 1975)
    5. Grateful Dead - Touch Of Grey (In The Dark, 1987)
    6. Bad Company - Bad Company (live) (Live In Concert 1977 & 1979 / Original Studioalbum: Bad 7. Company, 1974)
    8. Paul Rodgers - Allright Now (live) (Free Spirit, 2018 / Original Studioalbum: Free - Fire And Water, 1970)
    9. Paul Rodgers - Wishing Well (live) (Free Spirit, 2018 / Original Studioalbum: Free - Heartbreaker, 1973)
    10. The Cure - Lovesong (Mixed Up, 1990)
    11. The Cure - Friday I’m In Love (Wish, 1992)
    1 hr
  • Et geet ëm d‘Lidd
    It’s all about the song: op Allerhellege geet et an der Haaptsaach ëm d’Lidd ... an dofir stinn dann och Nimm aus dem Genre Singer/Songwriter op der Playlist.
    Si erzielen, jiddwereen op eege Manéier, Erlieftes an Zesummegeschriwwenes, reell oder fiktiv Geschichten, déi hinnen um Häerz leien. Meeschtens geschitt dat op eng méi roueg a poséiert Manéier, esouguer wann - wéi beim Leonard Cohen - eng gréisser Formatioun inklusiv Chouer am Asaz ass. Déi vun him gewinnte Melancholie ass beim Kanadier awer och live omnipresent.
    Playlist:
    1. Patti Smith - Cash (Trampin’, 2003)
    2. Richie Havens - Handouts In The Rain (Wishing Well, 2005)
    3. Nick Drake - Hazey Jane I (Bryter Layter, 1971)
    4. Tom Waits - Long Way Home (Big Bad Love, 2002)
    5. Joni Mitchell - Coyote (Hejira, 1976)
    6. Leonard Cohen - Dance Me … (live) (Cohen live, 1994)
    7. Leonard Cohen - I’m Your Man (live) (Cohen live, 1994)
    8. Leonard Cohen - Everybody Knows (live) (Cohen live, 1994)
    9. Yo La Tengo - Did I Tell You (New Wave Hot Dogs, 1987)
    10. Eddie Vedder - You Got To Hide Your Love Away (I Am Sam, 2002)
    11. The Beatles - Something (Abbey Road, 1969)
    12. Ida Sand - Don’t Let It Bring You Down (Young At Heart, 2015)
    13. Boz Scaggs - It All Went Down The Drain (Come On Home, 1997)
    Zesummegestallt a presentéiert vum Fred Medernach.
    1 hr
  • It’s only rock’n’roll…
    Fënnef Joer virdru ware Jagger/Richards a Co. op Tournée uechter d’States, erauskomm ass dobäi den zweete Live vun der Band ‘Get Your Ya Ya’s Out!’ deen am September 1970 op de Maart koum. Dësen héichgelueften Album ass den Owend mat dräi Tracks derbäi. Nei an der Band war deemools de Gittarist Mick Taylor, deen de Brian Jones ersat huet. Hien hat schonns kuerz op ‚Let It Bleed‘ (November 1969) matgewierkt.
    Mat der Lou Reed-Kompositioun ‚Waiting For The Man’ där sech de Keith Richards rezent ugeholl huet an zwou Reprisen aus dem Stones-Repertoire (vum Hollänner Hans Theessink a vum Patti Smith) ginn et weider Abléck an de Sound vun den Englänner.
    D’Playlist vun haut:
    1. Frank Black – Johnny Barleycorn (Fast Man Raider Man, 2006)
    2. El Fish – One Kind Of Favor (Rewinder, 1998)
    3. Hot Boogie Chillun – Talkin ’bout You (Sweets, 1998)
    4. Herman Brood & His Wild Romance – Rock n Roll Junkie (Cha Cha, 1978)
    5. Hans Theessink – Sympathy For The Devil (Jedermann Remixed – The Soundtrack, 2011)
    6. Patti Smith – Gimme Shelter (Twelve, 2007)
    7. Keith Richards – I’m Waiting For The Man (The Power Of The Heart: A Tribute To Lou Reed, 2024)
    8. The Rolling Stones – Jumpin’ Jack Flash (live) (Get Your Ya Ya’s Out!, 1970)
    9. The Rolling Stones – Honky Tonk Women (live) (Get Your Ya Ya’s Out!, 1970)
    10. The Rolling Stones – Street Fighting Man (live) (Get Your Ya Ya’s Out, 1970)
    11. Roger Waters – Comfortably Numb (live) (In The Flesh, 2000)
    12. Fleetwood Mac – Albatros (single, 1968)
    1 hr
  • Bob Dylan – live & revisited
    Den 28. Oktober kënnt de Bob Dylan, no sengem Optrëtt am Abrëll 2017, eng weider Kéier an d‘Rockhal. An den Ale Schanken proposéiere mir Extraiten aus zwee Live-Albumme vun him an eng etlech Coverversiounen - mol méi, mol manner bekannt Opname vu Musekerinnen a Museker, déi ‚his Bobness‘ op hir Manéier interpretéieren.
    Sämtlech Tracks an dëser Stonn si signéiert Bob Dylan. Den Titel vun der Compilatioun ‚Whatever Colors You Have In Your Mind’ ass eng Textzeil aus dem Dylan Hit ‘Lay Lady Lay’, deen 1969 um Album ‘Nashville Skylne’ ze fannen ass.
    Den Track ‘When I Paint My Masterpiece’ ass fir d’éischt vu senger Begleetformatioun ‘The Band’ opgeholl ginn, eréischt duerno huet den Dylan d’Lidd och selwer interpretéiert.
    D’Playlist ass dës:
    1. Bob Dylan – Rainy Day Woman (live) (Before The Flood, 1974)
    2. Chris Thompson – Father Of Day (live) (Jukebox, 2019)
    3. Joan Osborne – Tangled Up In Blue (Songs Of Bob Dylan, 2017)
    4. Bob Dylan – Like A Rolling Stone (live) (Before The Flood, 1974)
    5. Bob Dylan - All Along The Watchtower (live) (Before The Flood, 1974)
    6. Bob Dylan – Knockin’ On Heaven’s Door (live) (Before The Flood, 1974)
    7. Monica Törnell - When I Paint My Masterpiece (Whatever Colors You Have In Your Mind, 2007)
    8. Ben Sidran – Gotta Serve Somebody (Dylan Different, 2009)
    9. Rosie Flores – Tonight I’ll Be Staying Here With You (Whatever Colors You Have In Your Mind, 2007)
    10. Bob Dylan – Tombstone Blues (live) (MTV Unplugged, 1995)
    12. Bob Dylan – Dignity (live) (MTV Unplugged, 1995)
    13. Richie Havens – Just Like A Woman (Mixed Bag, 1966)
    14. Bob Dylan – Country Pie (Nashville Skyline, 1969)
    1 hr
  • Calexico live
    “Feast Of Wire” ass dee 4. Studioalbum vun der US-Indie-Band Calexico, déi reegelméisseg Tex-Mex-Kläng an hire Kompositiounen derbäi hunn. Hir Heemechtsstad Tucson/Arizona ass net ze iwwerhéieren.
    Fir den 20. Gebuertsdag vun dësem Wierk koum 2023 eng “Anniversary Deluxe Edition” op hirem Label Quaterstick eraus. Als Bonus Disk ginn et hei 10 Tracken aus dem Concert, deen d’Band ëm den Duo Joey Burns/John Convertino de 25. Abrëll 2003 zu Stockholm am China Theatre gespillt huet, wéi si mam Studioalbum op Tour war.
    Playlist:
    1. Israel Nash - Rain Plans (Israel Nash’s Rain Plans, 2013)
    2. PJ Harvey - One Line (Stories From The City, Stories From The Sea, 2000)
    3. Ray Davies - All She Wrote (Other People’s Lives, 2006)
    4. Fish - Blind To The Beautiful (A Feast Of Consequences, 2014)
    5. Calexico - Quattro (live) (Feast Of Wire 20th Anniversary Edition, 2023)
    6. Calexico - Guëro Canelo (live) (Feast Of Wire 20th Anniversary Edition, 2023)
    7. Calexico - Alone Again (live) (Feast Of Wire 20th Anniversary Edition, 2023)
    8. Stan Ridgway - 16 Tons (Anatomy, 1999)
    9. Dandy Warhols - Godless (Thirteen Tales From Urban Bohemian,2000)
    10. Morblus - Ain’t No Sunshine (live) (On The Way back, live in Europe, 2013)
    1 hr
  • Eng nei Saison fir déi al Schanken!
    Eran an eng nei radio 100,7-Saison fir d’Emissioun Al Schanken, an där et ëm Rock a Pop vu gëschter a virgëschter geet. Beim Grëff an déi musikalesch Archivkëscht kënnt Dir Lidder “vun deemools“ erëmhéieren oder awer nei entdecken. Et si bekannten Nimm derbäi an där, déi scho bal an de Vergiess gerode sinn, et lafe grousse Klassiker, mee och kuerzlieweg One-Hit-Wonder, Live-Matschnëtter gehéieren derzou an och méi laang Tracken, déi soss manner Chance hu programméiert ze ginn ...
    Playlist:
    1. Ride - Future Love (This Is Not A Safe Place, 2019)
    2. Elastica - Never Here (Elastica, 1995)
    3. Wire - Mannequin (Pink Flag, 1977)
    4. The Jesus and Mary Chain - Happy When It Rains (Darklands, 1987)
    5. Frank Black - Hang On To Your Ego (Frank Black, 1993)
    6. Thurston Moore - Hashish (By The Fire, 2020)
    7. Sonic Youth - Stones (Sonic Nurse, 2004)
    8. Stan Ridgway - The Roadblock (Partyball, 1991)
    9. PJ Harvey - You Said Something (Stories From The City, Stories From The Sea, 2000)
    10. Naked Barbies - El Camino (Living Independently, 1998)
    11. Continental Drifters - Christopher Columbus Transcontinental Highway (Vermillion, 1999)
    12. The Stranglers - My Fickle Resolve (Giants, 2012)
    13. Stretch - Jonah and the Whale (Lifeblood, 1990)
    1 hr

About Al Schanken

From the publisher's feed

De Rock'n'Roll-Kolléisch um 100,7