Al Schanken

Al Schanken

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Al Schanken episodes

  • Op eiser Playlist stinn eng etlech Tracken aus dësem Genre mat Interpreten an Interpretinnen, déi sech Zäit dofir huelen - déi meescht Lidder an dëser Stonn ginn iwwer 6, 7 oder méi Minutten. Keent dovunner koum - wéi dat nawell üblech war - an enger staark gekierzter Versioun eraus (de sougenannte radio edit), fir datt se “radiotauglech“ waren an net wéinst Iwwerlängt direkt am Archiv gelant sinn.
    De Genre Classic rock gëtt besonnesch benotzt fir Opnamen, déi an de spéide Sechzeger bis Mëtt Siwwenzeger am Beräich Rock produzéiert goufen. De Begrëff sollt allerdéngs eréischt e puer Joer duerno opdauchen, eng amerikanesch Radiostatioun hätt en 1981 als éischte benotzt. Mat den erweiderten technesche Méiglechkeeten an neien Instrumenter - speziell am Keyboard-Beräich - goung d’Zäit vum Classic rock lues awer sécher op en Enn. Mee och méi spéit hunn ëmmer erëm Rock-Acts sech un de Kompositioune vun deemools inspiréiert.
    Playlist:
    1. Status Quo - Roadhouse Blues (Piledriver, 1972 / Orginal: The Doors, Morrison Hotel, 1970)
    2. Green Day - Like A Rolling Stone (21st Century Breakdown, 2009 / Orginal: Bob Dylan, Highway 61 3. Revisited, 1965)
    4. Black Crowes - My Morning Song (The Southern Harmony And Musical Companion, 1992)
    5. Spooky Tooth - I Am The Walrus (The Last Puff, 1970 / Orginal: The Beatles, Magical Mystery Tour, 1967)
    6. Mike Harrison - Make Me Smile (Mike Harrison Meets The Hamburg Blues Band, 2006)
    7. Crosby & Nash - Don’t Dig Here (Crosby &Nash, 2004)
    8. Crosby, Stills & Nash - Dear Mr. Fantasy (CSN Box Set, 1991 / Orginal: Traffic, Mr. Fantasy, 1967)
    9. Frumpy - How The Gipsy Was Born (Frumpy 2, 1971)
    10. Jefferson Starship - Miracles (Red Octopus, 1975)
    1 hr
  • Keb‘ Mo‘ live
    De Keb‘ Mo‘ (biergerlechen Numm: Kevin Moore, Joergang 1951) steet zanter iwwer 50 Joer op der Bün. 2017 war hien, zesumme mat sengem amerikanesche Landsmann Taj Mahal zu Déifferdeng um Bluesfestival ... an huet do voll iwwerzeegt. Am Asaz an dëser Stonn ass säin duebele Live, “The Hot Pink Blues Album” vun 2017. E Wierk, dat dem Keb‘ Mo‘ seng Karriär a säi Mix aus Songwriting an dacks liicht verjazztem Blues, dee gutt fléisst, beschtens erëmgëtt.
    De Museker gräift meeschtens op eng Westerngittar vun der Mark Gibson zeréck. Him zu Éieren huet déi amerikanesch Firma aus Nashville, Tennessee, 2012 de Keb‘ Mo‘ Bluesmaster Signature Model erausbruecht.
    Playlist:
    1. Hank Shizzoe - Where The Roads Have No End (Walk, 1996)
    2. James McMurtry - Childish Things (Childish Things, 2006)
    3. Gurf Morlix - One More Second (Last Exit To Happyland, 2009)
    4. Ben Sidran - Picture Him Happy (Picture Him Happy, 2017)
    5. Keb Mo’ - She Just Wants To Dance (live) (That Hot Pink Blues Album, 2016)
    6. Keb Mo’ - The Worst Is Yet To Come (live) (idem)
    7. Keb Mo’ - Rita (live) (idem)
    8. Sara K. - I Can’t Stand The Rain (Hell Or High Water, 2006)
    9. Allan Taylor - Frenchtown (Hotels And Dreamers, 2003)
    10. Kelly Hogan - We Can Have Nice Things Together (I Like To Keep Myself In Pain, 2012)
    11. Bo Ramsey - Stranger Blues (Stranger Blues, 2006)
    12. Van Morrison & Joey Defrancesco - Goldfish Bowl (You’re Driving Me Crazy, 2018)
    13. Booker T. & The MGs - Boot Leg (The Complete Stax-Volt-Singles, 1991)
    1 hr
  • In concert
    Véier Mol geet et an dëser Stonn an de Concert: d‘Amerikanerin Beth Hart ass Invitée vun den zwee Top-Gittaristen Joe Bonamassa a Jeff Beck, déi 2022 verstuerwe Christine McVie ass d’Haaptprotagonistin bei eisen Tracks vu Fleetwood Mac, de Kanadier David Clayton-Thomas erënnert u seng Zäit als Frontmann vun der Jazz-Rock-Formatioun Blood Sweat & Tears an de Mick Fleetwood steet mat Kolleegen op der Bün am Londoner Palladium, fir un de Peter Green (Grënner vu Fleetwood Mac) ze erënneren.
    Playlist:
    1. Joe Bonamassa & Beth Hart - Nutbush City Limits (Live In Amsterdam, 2014)
    2. Jeff Beck feat. Beth Hart - Purple Rain (Live At The Hollywood Bowl)
    3. Fleetwood Mac - Say You Love Me (The Dance, 1997)
    4. Fleetwood Mac - You Make Lovin’ Fun (idem)
    5. Fleetwood Mac - Don’t Stop (live) (idem)
    6. David Clayton-Thomas - Go Down Gamblin’ (In Concert: A Musical Biography, 2006)
    7. David Clayton-Thomas - Gimme That Wine (idem)
    8. David Clayton-Thomas - Lucretia McEvil (idem)
    9. Mick Fleetwood & Friends - Doctor Brown (Celebrate The Music Of Peter Green And The Early
    10. Years Of Fleetwood Mac, 2021)
    11. Mick Fleetwood & Friends - Oh Well (idem)
    12. Mick Fleetwood & Friends - Shake Your Moneymaker (idem)
    1 hr
  • Entspaant op Vältesdag
    Gemittleche Rock, dacks akustesch virgedroen, relax an ofgehaangen Tracks, vun Zäit zu Zäit e klenge Schotz Groove: op Vältesdag geet et an der Emissioun éischter entspaant zou. Deemno: zeréckleeën an de Grëff an déi musikalesch Archivkëscht einfach genéissen!
    Playlist:
    1. Pietà Brown - Precious Game (In The Cool, 2005)
    2. Aña Canas - Rock n Roll (Volta, 2012)
    4. 3. Calvin Russell - One Meat Ball (acoustic) (Crossroad, 2000)
    5. Courtney Yasmine - Stupid With Your Love (Red Letter Day, 2015)
    6. Magnus Lindgren feat. Ida Sand - Brutal Truth (Stockholm Underground, 2017)
    7. Greg Brown - Mose Allison Played Here (Sland 6 Mind, 1997)
    8. KT Tunstall - Girl And The Ghost (Acoustic Extravaganza, 2006)
    9. The Moody - Marsden Band - Spoonful (Live In Hell, 1997)
    10. Chip Taylor & Carrie Rodriguez - Wild Thing (Live From The Ruhr Triennale, 2007)
    11. Stereophonics - Maybe Tomorrow (You Gotta Go There To Come Back, 2003)
    12. Turin Brakes - They Can’t Buy The Sunshine (Kackinabox, 2004)
    13. The Go-Betweens - Finding You (Oceans Apart, 2005)
    14. Duke Robillard - Glide On (Swing, 1987)
    1 hr
  • Special Marianne Faithfull
    Mat Live-Opnamen erënnere mir an dëser Stonn un d’Marianne Faithfull. Déi englesch Musekerin an Actrice ass den 30. Januar am Alter vun 78 Joer gestuerwen.
    Sämtlech Lidder si vun der Compilatioun “The Montreux Years“, eng Zesummestellung vun Optrëtter um Festival an der Schwäiz tëschent 1995 an 2009. Den “Alabama Song” a “Mack The Knife“ fënnt een um Album “20th Century Blues“ (1996).
    Playlist:
    1. Why D’ya Do It
    2. Madame George
    3. Broken English
    4. Times Square
    5. Sister Morphine
    6. Working Class Her
    7. Tower Of A Song
    8. Mack The Knife
    9. Alabama Song
    10. Song For Nico
    1 hr
  • Nick Cave an David Bowie live
    Am Juni 2000 war den David Bowie (1947-2016) Gaascht vun der BBC an där hirem Music Theatre zu London - en Optrëtt dee kuerz virum Bowie-Gig um Festival zu Glastonbury opgeholl gouf an deen de Museker a seng Band an Topform dokumentéiert. Fir vill huet dëse Concert dee vu Glastonbury selwer an de Schiet gestallt ... obwuel deen net schlecht war!
    Am Abrëll elo ginn et da 25 Joer, datt den Nick Cave (Joergang 1957) a seng Band The Bad Seeds den Album “The Good Son” publizéiert hunn - den Australier huet mat dësem Wierk méi wéi een iwwerrascht. De Schotz Melancholie an Däischtert ass wuel nach ëmmer derbäi, mee dësen Album ass däitlech méi hell, méi positiv an och méi accessibel wéi seng rau an explosiv Virgänger.
    De Grond ass am Privatliewe vum Nick Cave ze sichen: hien huet deemools e gutt Joer Entzuch vu senger Heroin-Ofhängegkeet hanner sech, huet an där Zäit ë. a. de Piano als Therapie-Instrument entdeckt a virun allem: mat der Brasilianerin Vivian Carneiro trëtt eng nei Fra a säi Liewen. Déi zwee bestuede sech, e klenge Luke komplettéiert d’Familljegléck, dat dann och e puer Joer laang am sonnege Brasilie stattfënnt.
    Zwee vun den Haapttracken um Album sinn “The Ship Song” an “The Weeping Song”, allebéid antëschent Klassiker vum Nick Cave.
    Playlist:
    1. The Human League - The Lebanon (Hysteria, 1984)
    2. Roxy Music - Love Is The Drug (Siren, 1975)
    3. Talking Heads - Psycho Killer (Talking Heads: 77)
    5. David Bowie - Stay (live) (Brilliant Adventure: 1992-2001, 2021)
    6. David Bowie - Cracked Actor (live) (idem)
    7. David Bowie - Heroes (live) (idem)
    8. David Bowie - I’m Afraid Of Americans (live) (idem)
    9. The 69 Cats - Werewolves Of London (Transylvanian Tapes, 2014)
    10. Iggy Pop - Louie Louie (American Caesar, 1993)
    11. Nick Cave and the Bad Seeds - The Ship Song (live) (Live Seeds, 1993)
    12. Nick Cave and the Bad Seeds - The Weeping Song (live) (idem)
    13. Nick Cave and the Bad Seeds - Deanna (live) (idem)
    1 hr
  • The New Barbarians Live
    Hannert dësem Bandnumm verstoppt sech e Side Project vum Rolling Stones-Duo Ron Wood / Keith Richards.
    Am Fréijoer 1979 sinn déi zwee Gittariste mat Musekerkolleegen uechter Kanada an d’states getourt, am selwechte Joer gouf et et och en Optrëtt um Knebworth-Festival am Viirprogramm vu Led Zeppelin - an dat war et dann och schons fir d’New Barbarians, wou och nach de Faces-Keyboarder Ian McLagan derbäi war, dann dach éischter onerwaard den Jazz-Bassist Stanley Clarke, de Stones-Saxophonist Bobby Keys an als Drummer de Zigaboo Modellist, dee soss bei der Funkband The Meters gespillt huet.
    D’Band huet offiziell just 1 Live-Album erausbruecht (‘Buried Alive’, 1979). Bei Geleeënheet vum record store day ass 2016 eng limitéiert Single nogereecht ginn mam bezeechnenden Titel: New Barbarians - They offer nothing more than ear-to-ear violence! … an anere Wierder: rauen an ongeschlaffene rock ‘n’ roll!
    D’Playlist vun haut:
    01. Focus – Hocus Pocus (Focus II, 1971)
    02. Chicago – I’m A Man (Chicago Transit Authority, 1969)
    03. Stow Lake – Flite (Flite, 1970)
    04. The New Barbarians – Sweet Little Rock ’n’ Roller (live) (Buried Alive: Live in Maryland, 1979)
    05. The New Barbarians – Buried Alive (live) (Buried Alive: Live in Maryland, 1979)
    06. The New Barbarians – F.U.C. Her (live) (Buried Alive: Live in Maryland, 1979)
    07. The Blessing – Hurricane Room (Prince Of The Deep Water, 1991)
    08. The Cure – Wrong Number (Greatest Hits Acoustic, 2001)
    09. The Doors – L.A. Woman (L.A. Woman, 1971)
    1 hr
  • Down Macon, Georgia
    De Sound vun der legendärer southern rock-Formatioun The Allman Brothers Band ass den Owend omnipresent an den Ale Schanken – ouni d’Band selwer, dofir awer mam laangjärege Gittarist Warren Haynes a senger Band Gov’t Mule, mat Live Tracks vum Bandgrënner Gregg Allman ( 1947 - 2017) déi hien doheem zu Macon, Georgia opgeholl huet a mat der hollännescher Leif de Leeuw Band, déi hire Virbiller gläich den duebele Live dediéiert huet.
    D’Allman Brothers Band, gegrënnt 1969, ass 2014 offiziell opgeléist ginn. Mam Gregg Allman ass dräi Joer duerno de leschte Museker vum original Lineup gestuerwen.
    D’Playlëscht:
    01) Gov’t Mule – Soulshine (live) (Mule On Easy Street, 2006)
    02) Gregg Allman – Statesboro Blues (live) (Back To Macon, GA, 2015)
    03) Gregg Allman – Midnight Rider (live) (Back To Macon, GA, 2015)
    04) Gregg Allman – Ain’t Wastin’ Time No More (live) (Back To Macon, GA, 2015)
    05) Ras Smaila – Hey Joe (Black Man’s Blues, 1999)
    06) Moonalice – Time Has Come Today (acoustic) (Light Side Of The Moonalice – An Acoustic Adventure, 2023)
    08) Gov’t Mule – Lay Of The Sunflower (live) (The Deepest End, 2003)
    09) Gov’t Mule – Banks Of The Deep End (live) (The Deepest End, 2003)
    10) Leif De Leeuw Band – Ramblin’ Man (live) (Plays The Allman Brothers Band, 2019)
    11) Leif de Leeuw Band – Stand Back (live) (Plays The Allman Briôthers Band, 2019)
    Zesummegestallt a präsentéiert vum Fred Medernach
    1 hr
  • Carla Olson a Mick Taylor live
    Am Repertoire vum Duo Carla Olson / Mick Taylor ginn et eng Hellewull Erënnerungen un de Sound an un d’Kompositioune vun de Rolling Stones ... wat kee Wonner ass: den Taylor war bis 1974 Gittarist bei de Stones a gräift hei, zesumme mat der US-Rockfra Carla Olson op eng etlech Nummeren aus där Zäit zeréck. Zesumme stoungen si de 4. Mäerz 1990 am Roxy zu Hollywood op der Bün.
    Och viru Publikum presentéiert sech den New Yorker Gittarist Popa Chubby. Vun him héiere mir Tracke vum Otis Redding, Van Morrison a mat “Hey Joe“ eng ural Schank, déi den Jimi Hendrix populär gemaach huet.
    Playlist:
    1. Chicago - Listen (Album: Chicago Transit Authority, 1969)
    2. The Ides Of March - Vehicle (Vehicle, 1970)
    3. Blood, Sweat & Tears - Smiling Phases (Blood, Sweat And Tears, 1968)
    4. Popa Chubby - Hey Joe (live) (Live At FIP, 2003)
    5. Popa Chubby - The Dock Of The Bay (live) (Live At FIP, 2003)
    6. Carla Olson & Mick Taylor - Remember That Moon (live) (Live At The Roxy Theatre, 1990)
    7. Carla Olson & Mick Taylor - Sway (live) (Live At The Roxy Theatre, 1990)
    8. Carla Olson & Mick Taylor - Silver Train (live) (Live At The Roxy Theatre, 1990)
    9. The Electric Prunes - Little Olive (single, 1966)
    10. 13th Floor Elevators - You Gonna Miss Me (single, 1966)
    11. The Animals - House Of The Rising Sun (The Animals, 1964)
    12. Popa Chubby - Gloria (live) (Live At The Roxy Theatre, 1990)
    1 hr
  • Cactus live
    Haarde Rock mat engem Schotz Boogie oder Blues - dat war d’Rezept vun der US-amerikanescher Band Cactus, déi aus fréiere Membere vu Vanilla Fudge entstanen ass. Mat dëser Kombinatioun hat si ufanks de 70er och hei an Europa Erfolleg, speziell mat hirem Live-Album, deen 1972 um Mar Y Sol Pop Festival op Puerto Rico opgeholl gouf.
    Ee bis ewell leschten Album vu Cactus ass “Tightrope“ aus dem Joer 2021. Vum original Line-Up ass just nach den Drummer Carmine Appice derbäi.
    Playlist:
    1. Left Lane Cruiser - Still Rollin’ Claw Machine Wizzard, 2017)
    2. The Clash - London Calling (London Calling, 1979)
    3. Wire - Mannequin (Pink Flag, 1977)
    4. Ramones - I Wanna Be Sedated (Road To Ruin, 1978)
    5. The Stranglers - No More Heroes (No More Heroes, 1977)
    6. Brandi Carlile - Raise Hell (Bear Creek, 2012)
    7. Melissa Etheridge - Your Little Secret (Your Little Secret, 1995)
    8. Courtney Barnett - Charity (Tell me How You Really Feel, 2018)
    9. Cactus - Swim (live) (’Ot ‘n’ Sweaty, 1972)
    10. Cactus - Bad Mother Boogie (live) (’Ot ‘n’ Sweaty, 1972)
    11. Blackfoot - Spendin’ Cabbage (Tomcattin’, 1980)
    12. Everlast - What It’s Like (Whitey Ford Sings The Blues, 1998)
    13. Iggy Pop - Livin’ On The Edge Of The Night (Brick By Brick, 1990)
    14. Humble Pie - I Don’t Need No Doctor (live) (Performance Rockin’ Fillmore, 1971)
    1 hr

About Al Schanken

From the publisher's feed

De Rock'n'Roll-Kolléisch um 100,7