Dës Woch schwätze mir iwwert sexistesch Kleederuerdnungen an Lëtzebuerger Lycéeë. De Stee vum Ustouss war dee vum Dikrecher Lycée (LCD), géint deen et eng Petitioun gëtt, déi op social media fir vill Opreegung gesuergt huet. Den Direkter, mä och de Präsident vum Schülerkommitee vun dem Lycée verdeedegen den Dresscode, mä dat mat schlechten Argumenter. Mir diskutéieren doriwwer, wisou dat esou ass, wisou vill Dresscode vun „Respekt“ oder „Provokatiounen“ schwätzen an wisou esou Formuléierunge problematesch sinn.
Een aneren Aspekt, iwwert dee mir schwätzen, sinn Aussoe vu Proffen, datt Schülerinnen si duerch hir Kleedung „reizen“ oder oflenke géifen. Dat wéisst een komescht Bild vu Sexualitéit op. Zum Schluss gi mir dann nach der Fro op de Grond, wisou et grad elo esou vill Opreegung zu sexisteschen Dresscode gëtt, obwuel déi Reegelwierker net nei sinn.