Och 51 Joer no Stonewall gëtt et ëmmer nach vill Diskriminéierung géint Membere vun der LGBTIQA-Communautéit. Dat läit net nëmmen, mä awer och, un der Representatioun an de Medien. Déi huet sech vir Schwuler a Lesben an deene leschten Dekade gebessert, mä bei trans Persoune gëtt et nach vill ze maachen. Mir ënnerhalen eis dës Woch am Podcast iwwert dat Thema a kucken eis unhand vun der Netflix-Dokumentatioun „Disclosure“ un, wéi sech d‘Art a Wéis, wéi trans Persounen a Film a Serien duergestallt huet, am Laf vun de Jore geännert huet. Schlussendlech gi mir dann och nach e puer Tipps fir Serien, déi an dësem Aspekt besonnesch kuckenswäert sinn.