Der Ëmwelt an Europa geet et schlecht an et bléift net méi vill Zäit, fir eppes dovunner ze retten. Dat ass, graff gesot, de Constant vum Rapport „The European Environment – State and Outlook 2020“ vun der europäescher Ëmweltagence EEA. Wäert sech dat mam European Green Deal, deen eng Billioun Euro an de Klima- an Ëmweltschutz wëll stiechen, änneren? Wat sinn déi grouss Baustelle vum Natur- an Ëmweltschutz an Europa a bei wat fir Punkte krut Lëtzebuerg an dem genannte Rapport eng Datz?
Dat si Froen, déi d‘Isabel Spigarelli mam Joël Adami diskutéiert, deen dës Woch fir d‘woxx iwwert de Rapport vun der EEA geschriwwen huet. Donieft geet awer och riets doriwwer, wéi déi politesch Reaktioun op Ëmweltproblemer misst ausgesinn.