Op ee Bléck erkennen, op ee Liewensmëttel gesond ass oder net – dat versprécht de Nutri-Score. Mat enger einfacher Bewäertung op enger Skala vun A bis E solle Konsument*innen direkt gesinn, wéi gesond eng Iesswuer ass. Mä esou einfach ass et natierlech net. D‘ULC an d‘Patientevertriedung hunn sech an deene leschte Woche fir de Nutri-Score ausgeschwat, och d‘Konsumenteschutzministerin Paulette Lenert huet sech grondsätzlech fir de System ausgeschwat.
Mir kucken eis haut méi genee un, wat sech hannert dësem Bewäertungssystem verstoppt, wou seng Vir- a seng Nodeeler sinn. Nieft de Kritiken, déi um Nutri-Score geäussert ginn an de Méiglechkeeten, ze trickse fir Firmen, déi Liewensmëttel produzéiere werfe mir awer och e Bléck op aner Mesuren, déi d‘Regierung kéint ergräifen, fir besser iwwert eng gesond Ernierung opzeklären.