Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Automag: BMW X5, 19/12/2018
    // USO NET MATLIESEN //

    Smalltalk um Ufank? ech hunn och bis 23h geschafft, Luxembourg Music Awards, Reportage den Owend am Magazin ;-)


    Den Testauto vun haut, den neie BMW X5, ass dat éischter ee fir gemittlech weiderzeschlofen, oder fir waakreg ze ginn?

    E grousse schwéiere Boulevard-Cruiser, dat ass näischt, wou ech perséinlech mir de Wecker giff stellen, fir éischter opzestoen... Mä wann um Mallendeckel M50d steet, da kinnt ech schwaach ginn. Et ass d'Topversioun, an ech verrode schonn emol esouvill: 760 Newtonmeter, dat zitt engem dem Divi ewech...

    Op eisem Site hu mir eng Foto vun deem Badetti. Ass dat wierklech en neie Modell, oder nëmmen e Facelift?

    Ästhetesch huet sech effektiv net vill gedoen. Déi hënnescht Luuchte sinn e bësse méi schmuel, erënneren elo un den X4. An dann huet en eng riseg iwwerdimensional Calendre. Déi gesäit aus, wéi wann se alles, wat sech hir an de Wee stellt, opsuckele wëllt. Gesäit zimlech aggressiv aus, a schéint och Androck ze maachen. Däitsch Autobunn, bësse méi zackeg ënnerwee, do ass jiddferee geréckelt, wou en dat Haus op Rieder am Réckspigel gesinn huet. Neien X5 och bësse méi grouss ginn, mä wierklech nëmmen am Zentimeterberäich, virun allem 6 Zentimeter méi breet (fir dass et nach méi einfach gëtt, fir sech mat esou engem groussen Auto an enke Parkhaiser d'Auer ze briechen).

    Wa sech vum Look hir net vill gedoen huet, wat ass dann elo wierklech nei um neien X5?

    Intérieur: op den éischte Bléck fält de voll digitale Cockpit op. Zwee grouss 12 Zoll Ecranen, een an der Mëtt, hallef integréiert, liicht op de Chauffer ausgeriicht, an dann een virum Chauffer. Bis elo bei BMW Kombinatioun aus digitalen an analogen Elementer, beim X5 elo och e groussen Ecran. Gesäit gutt aus, ass awer net onbedéngt méi einfach ginn, fir et ze bedéngen. Vill Informatiounen, vill Méiglechkeeten fir Saachen anzestellen... Et brauch ee scho bal en Informatik-Bachelor fir domatter eens ze ginn.

    Soss Intérieur: verbessert Finitioun, héichwäerteg Matièren. Deelweis awer och bling-bling. Eng Optioun an eisem Testauto: crafted clarity, Schalthiewel a groussen Dréi-Dréck-Knäppchen aus Kristall. Huet mech e bëssen u Russland-Kitsch erënnert... Wien sech dat ukucke wëllt: Foto um RTL-Automag-Instagram!

    Beim Kristall-Schalthiewel kritt de Serge kee Blénken an d'Aen. Mä wann ech elo "M-50-d" soen...

    Reien-6-Zylinder-Diesel, 3 Liter, véier Turboen (Quad-Turbo), 400 Päerd, a beandrockend 760 Newtonmeter Dréimoment. Katapultéiert déi 2,4 Tonnen a 5.2 Sekonnen vun 0 op 100. Beandrockend Leeschtung. En Dram vun engem Motor. méi laangen Trajet iwwert däitsch Autobunnen, scho beandrockend wannste mat 160 ronderëm rulls, an du hues awer nach Reserven ënnert der Pedall, wouste nach douce an de Sëtz gedréckt gëss, wannste eng Kéier acceleréiers. 8-Gang-Automatik e Genoss... Aner méi normal Motorisatiounen: 40i an 30d, och alles 6-Zylinder.

    Ass den X5 eng Sportsmaschinn?

    Fuerwierk gouf a Saache Confort verbessert. Bis elo nëmme Loftfiederung hannen, beim neie Modell och  Loftfiederung optional op der viischter Achs. Effektiv, richteg confortabel. Op der anerer Säit: och nach genuch Dynamik. Fuerwierk reagéiert präzis op Lenkcommandoen, mä bon, bei 2,4 Tonnen dierf een sech dann awer keng Wonner erwaarden. Also ganz éierlech: an engem 5er Touring hätt mir den M50d wahrscheinlech nach vill méi Spaass gemaach... Kleng Präzisioun: et kritt een elo och en Offroad-Package, dorobber huet BMW bis elo ëmmer verzicht.

    Mir rulle mam Automag esoulues an d'Chrëschtvakanz, musse virdrun awer nach an der Caisse passéieren

    Knapp 67'000 Euro Basis fir den 30d, den M50d kascht nach emol 24'000 Euro extra. Mä domatter ass et net gedoen, vill Optiounen, eisen Testauto huet ëm déi 120'000 Euro kascht... Et wier also wierklech am duebele Sënn vum Wuert e grousse Kado fir ënnert de Chrëschtbeemchen.
    0 min
  • Automag: E-Home Coco, 17/12/2018
    R T L Automag
    Méindeg: 17.12.2018
    U S O :
    …d’Elektromobilitéit steet haut mol erm am Mëttelpunkt am Automag. Et geet em den E-Home Coco. Keen Auto mee déi éischt Roulotte mat Elektro Power.
    Wat déi kann a firwat daat gut ass, dat huet de Christian Schmit eraus font.

    T E X T :
    …Jo an eng gut Geleenheet heifir war de Caravan Salon zu Düsseldorf. Well do sinn mir mam Helge Fesker an d‘Gespréich komm, deen ass Entwecklungsingenieur bei Dethleffs. De Pionnéier aus der Branche, proposéiert nom Elektro Camper 2017, dann elo den innovativen E-Home Coco?

    (Cut 1…)35sec

    Do kann een z.b astellen dass den Auto vidrun nëmme nach 100kg muss zéien. En enormen Avantage wann, jo wann dann deemnächst hannert den Elektroauto eng Roulott ugekrempt gett.

    (Cut 2…)30sec

    Am Moment just e Prototyp, awer schon am Fréijor soll et méi konkret ginn. Et geet iwwer d’Alpen?

    (Cut 3…)

    Di zwee Elektromoteuren an der Achs schaffen also elo aktiv mat, sou dass d’Roulott nett méi just passiv hannendrun hänkt. Ausserdeem dingt d’Stierung vun den Elektromotricen als ESP fir dass alles schéi brav an der Spuer bleift. Elo weess een dass de Batterie Package keng belleg Léisung waert ginn. Doweenst kann sech den E-Home Coco nett nëmmen an der Vaknz nëtzlech maachen, Helge Fesker?

    (Cut 4…)

    Nach ass et Zukunftsmusek, mee wann elo di Elektroauto Well op äis duer kennt, dann kéint den E-Home Coco mëttelfristeg Réalitéit ginn. Bei Dethleffs schaffen si op alle Fall elo schon un der Homologatioun…

    Ofso Speaker:
    …an dir kennt iech schon elo glaich e puer Biller ukucken. Dat op www.auto.rtl.lu


    0 min
  • "Tuning Foire" zu Essen, 15/12/2018
    U S PO :
    ...haut geet et am Automag em Tuning Branche.
    T E X T :
    ...genee an di Essen Motor Show ass a bleift e Publikums Magnéit.  1968 goung et lass, mee schonn an de 1950er Joren huet een ugefangen un de Motoren ze schrauwen fir e puer Päerd méi eraus ze këddelen, do goufen di éischt Nockewellen geschärft an et koumen duebel Vergaseren an d’Spill.
    Deen éischte Spoiler koum vun Kamei an huet de VW Käfer verschéinert. “Fahrzeugveredelung” huet dat déi Zäit geheescht.
    Speaker:                  Jo an hautdesdaags?
    Ech hat d ‘Chance zu Essen den Harald Schmidtke kennen ze léieren, dat ass de President vum Verband der Automobil Tuner. D’Fro un hien, WLTP Norm, Elektro Autoen, huet do den Tuner an Zukunft nach eng Chance?
    (Cut 1...) 30”
    An tatsächlech stoung op der Essen Motor Show och e getunten TESLA. Wat ass de Kick beim Tuning. Méi déif méi breet, opfalen egal wat et kascht, oder sinn äis Autoen sou langweileg gestylt dass si getunt musse ginn?
    (Cut 2...) 22”
    30 Joer ass den Harald Schmidtke elo schonn an deem Métier, an ass an tëscht gefrot fir weltwäit ze beroden. An Däitschland ass villes gesetzlech reglementéiert, op europäeschem Plang gëtt an sech keng Harmonisatioun.
    Speaker:                  Woumat leit een dann am Moment am Trend?
    Tjo dat hunn ech mech als Laien och gefrot?
    (Cut 3...) 24”
    An dann hänken mir d’Fro gläich hannendrun. Gëtt bei Verschiddenen dat lescht Hiem an e getunten Auto investéiert?
    (Cut 4...) 35”
    Interessant och zu deem Thema eng Statistik dass bei eisen däitsche Noperen nobäi 20% nach eng Kéier 10 000 Euro fir opteschen oder techneschen Tuning investéieren. Mam After Market loosse sech Millioune verdéngen...
    Wichteg wier och d’Qualitéit, esou den Harald Schmidtke, verkéiers sécher musse een ënnerwee sinn. Dowéinst eng interessant Campagne “Tune it safe” an de Stand och zesummen mat der däitscher Police.
    (Cut 5...)
    Speaker:                        Et gëtt an sech och kee Präis Limit, oder?
    Neen, eng Grenz no uewen besteet nett. Am noen Osten, Vereenegt Arabesch Emirater beispillsweis do gëtt et keng Spillregelen, an do gëtt et besonnesch bont gedriwwen, an no uewen ass och kee Präis Limit.
    Jo a woumat ass dann eisen Interview Partner esou ënnerwee,  a wat war dat Krasst wat hien bis elo gesinn huet?
    (Cut 6...) 15”
    Eng gutt Partie Lëtzebuerger pilgeren awer och all Joer op Essen, ech hat eng Équipe vun Duelem begéint déi sech och voll a ganz dem Tuning verschriwwen hunn, an dat als coolen Hobby gesinn.
    Ofso Speaker:                          Fotoen vun esou Tuning Beispiller hues du och mat bruecht, gedu? An déi kenne mir äis op www.auto.rtl.lu ukucken.

    0 min
  • "Tuning Foire" zu Essen , 15/12/2018 11:15
    Dëse Weekend dréit sech an der LUXEXPO / THE BOX alles ëm de Motorsport op der Motor Show de Luxembourg.
    De Christian Schmit war allerdéngs op di gréisst "Tuning Foire" an Europa, an dat zu Essen.
    D’"Essen Motor Show" ass eng ideal Plaz fir mol de Bols ze fillen bei den Tuning Spezialisten...
    0 min
  • "Tuning Foire" zu Essen, 15/12/2018 11:15
    Dëse Weekend dréit sech an der LUXEXPO / THE BOX alles ëm de Motorsport op der Motor Show de Luxembourg.
    De Christian Schmit war allerdéngs op di gréisst "Tuning Foire" an Europa, an dat zu Essen.
    D’"Essen Motor Show" ass eng ideal Plaz fir mol de Bols ze fillen bei den Tuning Spezialisten...
    0 min
  • Automag, 12/12/2018
    ...salut. Jo kennegeléiert hate mir eis d’lescht Joer am Summer op den portugiseschen Azoren. Also de Mazda CX-3 an ech. Als fuschnei voiture de location kruten mir deen. En agréabele Begleeder, sou hunn ech e nach an Erënnerung. Soe mir gläich, dass all déi di de Virgänger fueren sech keng Gedanke musse maachen. De Facelift, oder d ‘Carosserie Retouchen falen dezent aus. Déi dynamesch a fluide Linnen bleiwen erhalen. Just dem Mazda Expert fält op dass d’Kühlergrill liicht changéiert huet, an dass e bësschen Chrom un den CX 3 kennt.
    Och nei adaptiv LED Matrix Scheinwerfer déi aus 11 LED Segmenter bestinn.
    Bannenan bleift och zimlech alles beim alen. Gutt verschafft, an den haarde Plastik just op deene Plazen wou et nett vill opfällt.
    Den Handbrems Hiewel gouf a Pensioun geschéckt. Fonctionnéiert elo elektresch, a natierlech gouf bei den Assistenz Systemer no gebessert fir mat der Konkurrenz Schrëtt ze halen.
    Méi Neits dann ënnert dem Capot. Houfreg gëtt do annoncéiert dass all Motoren di streng Euro 6d Temp Norm erfëllen. An dat ouni SCR Kat an esou muss och keen Adblue nogefëllt ginn. Mir haten den Diesel am Test. Dee krut eng Leeschtungs Sprëtz. D’Kubikzuel klemmt vun 1600 op 1800, an et sinn elo 115 a Plaz 105 PS.
    Mir haten deen a Kombinatioun mat der CVT Boîte, jo di stufeloos iwwer déi hei schonn dacks riets goung. An déi konnt mech och déi Kéier nett iwwer zeechen. Et ass schonn kammoud schalten ze loossen, mee di kuerz 6 Gang Boîte mécht hei sécher méi Spaass.
    Soss bleift ze notéieren dass den CX 3 vun Mazda vill positiv Eegeschaften huet. Dee neie Motor kann och d’Fuerleeschtungen verbesseren. 11,5 Sekonnen fir Tacho Nol op 100 ze kréien an 180 km/h ginn am Alldag deck duer.  Jo an de Verbrauch leit mat 6,7 Liter exakt 1 ½ Liter iwwer deem wat Mazda versprécht. Präis vum Testauto als Topmodell Skycruise mat 4WD: 29 966 Euro, virun Optiounen...
    Eriwwer dann an de grousse Brudder, den CX 5 vun Mazda.
    Och dee gouf weider entwéckelt.. Hei sinn d’Retouchen awer schonn méi remarquabel. Duerch Zoufall hunn ech nieft dem Virgänger Modell geparkt, an dann falen d’Verännerungen engem op. Vun vir an och vun hannen wierkt den “Kodo Design” elo méi modern.  Keng Revolutioun, mee optesch gelongen. An den Loft Widderstand konnt esou em 6 % verbessert ginn.
    Am Soul Red Crystal koum en an den Test. Steet em gutt, dat muss engem awer e puer honnert Euro extra wäert sinn.
    Nett den neien Benzin Motor, neen den 184 PS staarken Turbo Diesel hat Mazda parat gestallt. Och hei gëtt elo schonn di streng Euro 6d Temp Norm erfëllt. Hei muss vun Zäit zu Zäit den Additif Ad Blue nogefëllt ginn.
    Den 2,2 Liter kennt op 445NM Dréimoment, mee a Kombinatioun mat der CVT Boîte geet e bësschen Agilitéit verluer. Kultivéiert a souverän motoriséiert ass een trotzdem ënnerwee. Positiv de Verbrauch vun eppes iwwer 7 Liter.
    Am Intérieur gëtt et Luef fir ganz bequem Lieder Fauteuilen a soss vill Luxus Featuren déi eng agréabel Rees erméiglechen. Mat der 4 X 4 Traktioun och bei nach méi sécher. Den Écran fir Infotainment a Navi ass leider nach ëmmer eng Nummer ze kleng.
    Bei Mazda wéilten si op mannst dann 40 600 Euro fir den CX 5 an där vun äis gefuerener Versioun. E puer Optiounen dreiwen de Präis och nach no uewen.
    Béid  Modeller CX 3 an CX 5 mam neie Look sinn direkt disponibel...
    0 min