...salut. Jo kennegeléiert hate mir eis d’lescht Joer am Summer op den portugiseschen Azoren. Also de Mazda CX-3 an ech. Als fuschnei voiture de location kruten mir deen. En agréabele Begleeder, sou hunn ech e nach an Erënnerung. Soe mir gläich, dass all déi di de Virgänger fueren sech keng Gedanke musse maachen. De Facelift, oder d ‘Carosserie Retouchen falen dezent aus. Déi dynamesch a fluide Linnen bleiwen erhalen. Just dem Mazda Expert fält op dass d’Kühlergrill liicht changéiert huet, an dass e bësschen Chrom un den CX 3 kennt.
Och nei adaptiv LED Matrix Scheinwerfer déi aus 11 LED Segmenter bestinn.
Bannenan bleift och zimlech alles beim alen. Gutt verschafft, an den haarde Plastik just op deene Plazen wou et nett vill opfällt.
Den Handbrems Hiewel gouf a Pensioun geschéckt. Fonctionnéiert elo elektresch, a natierlech gouf bei den Assistenz Systemer no gebessert fir mat der Konkurrenz Schrëtt ze halen.
Méi Neits dann ënnert dem Capot. Houfreg gëtt do annoncéiert dass all Motoren di streng Euro 6d Temp Norm erfëllen. An dat ouni SCR Kat an esou muss och keen Adblue nogefëllt ginn. Mir haten den Diesel am Test. Dee krut eng Leeschtungs Sprëtz. D’Kubikzuel klemmt vun 1600 op 1800, an et sinn elo 115 a Plaz 105 PS.
Mir haten deen a Kombinatioun mat der CVT Boîte, jo di stufeloos iwwer déi hei schonn dacks riets goung. An déi konnt mech och déi Kéier nett iwwer zeechen. Et ass schonn kammoud schalten ze loossen, mee di kuerz 6 Gang Boîte mécht hei sécher méi Spaass.
Soss bleift ze notéieren dass den CX 3 vun Mazda vill positiv Eegeschaften huet. Dee neie Motor kann och d’Fuerleeschtungen verbesseren. 11,5 Sekonnen fir Tacho Nol op 100 ze kréien an 180 km/h ginn am Alldag deck duer. Jo an de Verbrauch leit mat 6,7 Liter exakt 1 ½ Liter iwwer deem wat Mazda versprécht. Präis vum Testauto als Topmodell Skycruise mat 4WD: 29 966 Euro, virun Optiounen...
Eriwwer dann an de grousse Brudder, den CX 5 vun Mazda.
Och dee gouf weider entwéckelt.. Hei sinn d’Retouchen awer schonn méi remarquabel. Duerch Zoufall hunn ech nieft dem Virgänger Modell geparkt, an dann falen d’Verännerungen engem op. Vun vir an och vun hannen wierkt den “Kodo Design” elo méi modern. Keng Revolutioun, mee optesch gelongen. An den Loft Widderstand konnt esou em 6 % verbessert ginn.
Am Soul Red Crystal koum en an den Test. Steet em gutt, dat muss engem awer e puer honnert Euro extra wäert sinn.
Nett den neien Benzin Motor, neen den 184 PS staarken Turbo Diesel hat Mazda parat gestallt. Och hei gëtt elo schonn di streng Euro 6d Temp Norm erfëllt. Hei muss vun Zäit zu Zäit den Additif Ad Blue nogefëllt ginn.
Den 2,2 Liter kennt op 445NM Dréimoment, mee a Kombinatioun mat der CVT Boîte geet e bësschen Agilitéit verluer. Kultivéiert a souverän motoriséiert ass een trotzdem ënnerwee. Positiv de Verbrauch vun eppes iwwer 7 Liter.
Am Intérieur gëtt et Luef fir ganz bequem Lieder Fauteuilen a soss vill Luxus Featuren déi eng agréabel Rees erméiglechen. Mat der 4 X 4 Traktioun och bei nach méi sécher. Den Écran fir Infotainment a Navi ass leider nach ëmmer eng Nummer ze kleng.
Bei Mazda wéilten si op mannst dann 40 600 Euro fir den CX 5 an där vun äis gefuerener Versioun. E puer Optiounen dreiwen de Präis och nach no uewen.
Béid Modeller CX 3 an CX 5 mam neie Look sinn direkt disponibel...