Podpurri - mir schwätze Kultur!

Podpurri - mir schwätze Kultur!

By RTL Radio LëtzebuergSociety & Culture
Download on the App Store

Podpurri - mir schwätze Kultur! episodes

  • Podpurri Episod 124: De Moler Pit Riewer, 28/02/2024
    Zejoert gouf hie mam Prix révélation vum CAL ausgezeechent.

    Am Centre d'art nei Liicht kann een aktuell dem Pit Riewer seng éischt Solo-Ausstellung gesinn an där d'Molerei zwar am Mëttelpunkt steet, den Ausgangspunkt awer ëmmer eng Foto ass an och e Gedicht eng wichteg Roll spillt. An engem Café zu Diddeleng huet de Moler dem Claudia Kollwelter ënnert anerem erkläert wéi d'Ausstellung zustane koum, wéi en iwwer Ëmweeër schlussendlech zu Antwerpen Molerei studéiert huet a wat de CAL Präis fir hie bedeit.
    26 min
  • Podpurri Episod 123: D'Dänzerin a Choreografin Claudia Urhausen, 21/02/2024
    Als Dänzerin a Choreografin ass d'Claudia Urhausen souwuel op der Bün wéi och hannendrun doheem.

    Zanter iwwer 15 Joer schafft si u souwuel artistesche wéi och edukative Projeten a kombinéiert Danz mat net just Musek, mee och Theater oder Konscht. Trotz gutt gefëlltem Agenda, huet si tëscht Prouwen an de Rotonden Zäit fonnt fir mam Claudia Kollwelter iwwert hir Aarbecht ze schwätzen, iwwert Hip-Hop, d'Ënnerscheeder mat Professionellen Dänzer a Laien ze schaffen a villes méi...
    32 min
  • Podpurri Episod 122: De Moler Roland Schauls, 27/11/2023
    "Ach Schissimatucki" oder "Wozu noch arbeiten?" datt sinn nëmmen e puer Titele vu Biller déi de Moment an der Galerie Reuter Bausch gesi kann.

    Wierker vum Kënschtler Roland Schauls, deen no Joren emol rëm zu Lëtzebuerg ausstellt. D'Claudia Kollwelter huet an der Ënneschtgaass mam Moler ënnert anerem iwwert säi Schaffprozess geschwat, iwwert Ironie, Stuttgart a Spontanitéit.
    26 min
  • Podpurri Episod 121: D'Rapperin Nicool, 12/10/2023
    "N vun der Welt" heescht déi zweet EP vun der Lëtzebuerger Rapperin Nicool.

    D'Release dovunner ass an e puer Deeg an d'Musekerin huet bei enger Taass Kaffi mam Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwert d'Welt vum Hip-Hop geschwat, iwwert Sujeten déi se impaktéieren an influenzéieren an awer och iwwert hir sozial Oder an d'Parallellen tëscht Musek a Psychotherapie.
    27 min
  • Podpurri Episod 120: De Moler Arny Schmit, 27/09/2023
    Beyond Nature heescht seng aktuell Expo an der Galerie "Reuter Bausch".

    Den Arny Schmit stellt net just Tableaue, mee och Installatiounen aus. A sengem Studio huet deMoler dem Claudia Kollwelter erkläert wou seng Leidenschaft fir Landschaften hir kënnt, wéi hie vum zeechnen op d'mole koum an haut och méi dräidimensional schafft. Donieft huet de Kënschtler iwwert seng eegen Entwécklung geschwat, iwwert d'Technik déi hie fir seng Biller benotzt an d'Loscht mat der Konscht ze experimentéieren.
    31 min
  • Podpurri Episod 119 De Museker John Rech, 11/07/2023
    Sport, Musek, BD - de John Rech lieft vill Passiounen. Seng Léift fir d'Musek koum an der Schoul mat der Band T42 an dono Dream Catcher.

    A sengem Büro zu Diddeleng huet den John Rech méi erzielt iwwer säin Job als Direkter vum Kulturzenter Op der Schmelz, iwwer seng Begeeschterung, fir BDe mam Andy Genen ze maachen an iwwer den Dream-Catcher-Album, dee se viru fënnef Joer am Musée des Mines opgeholl hunn an elo op de Live-Concerten derbäi hunn.
    35 min
  • Podpurri Episod 118: D'Dänzerin a Choreogrpahin Sylvia Camarda, 04/07/2023
    Als Dänzerin, Choreographin a Politikerin huet d'Sylvia Camarda e gutt gefëllten Agenda.

    D'Passioun fir den Danz huet si schonn als Kand entdeckt an du stoung och séier fest datt dat net just en Hobby sollt bleiwen. Ma och hiert d'politescht Engagement ass hir extrem wichteg, an dofir ass et och net Zoufall datt d'Claudia Kollwelter d'Sylvia Camarda an der Stater Gemeng begéint huet fir ënnert anerem iwwert Projeten ze schwätzen déi an Zukunft ustinn:
    32 min
  • Podpurri Episod 116: The X, 20/06/2023
    "The x" heescht e neien Electro-Pop Duo dee rezent seng éischt EP eraus bruecht huet.

    D'Sarah Kertz an de Yannick Stein sinn d'Gesiichter a Stëmmen derhannert. Op der Terrass vun engem Café huet d'Claudia Kollwelter d'Museker getraff a mat hinnen ënnert anerem iwwert d'Musekszeen zu Lëtzebuerg, Concerten an zukünfteg Projete geschwat.
    28 min
  • Podpurri Episod 115 D'Filmrealisatrice Laura Schroeder, 06/06/2023
    No "Schatzritter" a "Barrage" huet d'Laura Schroeder mat "Maret" hiren drëtte Long-Métrage am Kino..

    "Maret" erzielt déi ongewéinlech Geschicht vun enger Fra, déi vun engem Moment op deen aneren d'Erënnerung un déi lescht Joren aus hirem Liewe verléiert. Eng revolutionär Operatioun op Lanzarote kéint hir hëllefen, mee d'Maret ass sech net méi sécher, ob si nach wëllt déi Persoun sinn, déi se lo lues a lues entdeckt.
    29 min

About Podpurri - mir schwätze Kultur!

From the publisher's feed

Konscht, Theater, Bicher, Musek, Liesungen, Filmer - mir schwätze Kultur a ginn eisen Invité vun der Woch duer besichen, wou en eis ëmfänke wëlt.

More shows like Podpurri - mir schwätze Kultur!

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners