DAN : Gëschter war de Staatsfong aus Norwegen eisen Thema. Haut bleiwe mer am Ländchen. Well och mir hunn e Staatsfong.Joel!
Den „Fond Souverain Intergénérationel du Luxembourg“, kuerz FSIL genannt, hat kee schlecht Joer 2024, Claude Arend.
Op Enn 2024 si 701 Milliounen Euro an eisem Generatiouns-Fond investéiert. Am Joer 2024 huet de FSIL e Rendement vu 6.51% opweises. Op Enn Dezember ware 55.55% an Obligatiounen, 42.85% an Aktien an 1.61% am Cash investéiert.
6.51% Performance. Kann dat sech weise loossen?
De Fonds de Compensation huet mat 48% Aktien a 45% Obligatiounen am Joer 2024 11.86% gemaacht. Dat sinn awer 5.3% méi. Sou op den éischte Bléck kënnt ee mengen an der „avenue de la Porte-Neuve » wier besser geschafft ginn.
Den MSCI World huet 2024 bal 20% gemaacht. Den FDC hat eppes 5% méi Aktien. Also ass en Ënnerscheed vu bësse méi wéi 1% normal. Hei sinn et der awer 5.3%.
Ech schléissen doraus, dat op de Staatsobligatiounen, warscheinlech wéinst méi enger heeger Duratioun, beim FSIL méi verluer ginn ass wéi beim FDC. Am Total huet den FSIL awer am Joer 2024 do eng net-realiséiert Perte vun 11.5 Milliounen an de Bicher stoen. Da couvréiert den FSIL systematesch 95% vu sengem Dollar Wärungsrisiko. An Zuele waren dat op Enn 2024 awer 193 Milliounen Dollar wou ofgeséchert waren. Wieren se dat net gewiescht, hätt de FSIL 1.7 Millioune méi verdéngt. Well dat ass den ausgewisene Verloscht. Ech well awer direkt soen, dat et absolut net falsch ass, an der Gestioun e Wärungsrisiko wëllen offzesecheren. Zanter dem Ufank vun dësem Joer huet den Dollar bekanntlech bal 10% géint den Euro verluer. Bei dem Thema vu Couverture gëtt et absolut näischt ze kritiséieren.
Ech héieren awer dat déi 6.51% Rendement fir d’Joer 2024 dir net duer ginn.
Den FSIL huet vu sengem Comité Directeur e Mandat kritt entweder e Rendement ze erreechen, wou liicht iwwert der EZB hirem wënschenswäerten Niveau vun Inflatioun ëm 2% léit. Oder awer, jee nodeems wat méi heeg ass, de Rendement vun engem Lëtzebuerger Staatsemprunt op 10 Joer. Dat wieren dann also 2.4% op der Präisdeierecht am Euroraum op Enn Dezember respektiv 2.8% fir de Rendement op engem Staatsemprunt. Géint déi Zuelen do gesinn déi 6.51% tipptopp aus.
An awer stéiert dech eppes.
367.000 oder 5 Basispunkten "droits de garde" fannen ech bësse vill fir e Staatsfong wou awer 700 Millioune mëttlerweil huet. Bis ewell hunn d’Membere vu sengem Comité d’Investissement benevole geschafft. Elo awer, op der Basis vun engem „Règlement Grand-ducal“ vu virun engem Mount, ginn et bal 17.000 Euro am Joer. Fir 4 Reuniounen. A 701 Milliounen an der Gestioun. Beim Fonds de Compensation ginn et 20.000 Euro fir 13 Reuniounen am Joer a 27 Milliarden Avoiren.