// USO NET MATLIESEN //
Smalltalk um Ufank? ech hunn och bis 23h geschafft, Luxembourg Music Awards, Reportage den Owend am Magazin ;-)
Den Testauto vun haut, den neie BMW X5, ass dat éischter ee fir gemittlech weiderzeschlofen, oder fir waakreg ze ginn?
E grousse schwéiere Boulevard-Cruiser, dat ass näischt, wou ech perséinlech mir de Wecker giff stellen, fir éischter opzestoen... Mä wann um Mallendeckel M50d steet, da kinnt ech schwaach ginn. Et ass d'Topversioun, an ech verrode schonn emol esouvill: 760 Newtonmeter, dat zitt engem dem Divi ewech...
Op eisem Site hu mir eng Foto vun deem Badetti. Ass dat wierklech en neie Modell, oder nëmmen e Facelift?
Ästhetesch huet sech effektiv net vill gedoen. Déi hënnescht Luuchte sinn e bësse méi schmuel, erënneren elo un den X4. An dann huet en eng riseg iwwerdimensional Calendre. Déi gesäit aus, wéi wann se alles, wat sech hir an de Wee stellt, opsuckele wëllt. Gesäit zimlech aggressiv aus, a schéint och Androck ze maachen. Däitsch Autobunn, bësse méi zackeg ënnerwee, do ass jiddferee geréckelt, wou en dat Haus op Rieder am Réckspigel gesinn huet. Neien X5 och bësse méi grouss ginn, mä wierklech nëmmen am Zentimeterberäich, virun allem 6 Zentimeter méi breet (fir dass et nach méi einfach gëtt, fir sech mat esou engem groussen Auto an enke Parkhaiser d'Auer ze briechen).
Wa sech vum Look hir net vill gedoen huet, wat ass dann elo wierklech nei um neien X5?
Intérieur: op den éischte Bléck fält de voll digitale Cockpit op. Zwee grouss 12 Zoll Ecranen, een an der Mëtt, hallef integréiert, liicht op de Chauffer ausgeriicht, an dann een virum Chauffer. Bis elo bei BMW Kombinatioun aus digitalen an analogen Elementer, beim X5 elo och e groussen Ecran. Gesäit gutt aus, ass awer net onbedéngt méi einfach ginn, fir et ze bedéngen. Vill Informatiounen, vill Méiglechkeeten fir Saachen anzestellen... Et brauch ee scho bal en Informatik-Bachelor fir domatter eens ze ginn.
Soss Intérieur: verbessert Finitioun, héichwäerteg Matièren. Deelweis awer och bling-bling. Eng Optioun an eisem Testauto: crafted clarity, Schalthiewel a groussen Dréi-Dréck-Knäppchen aus Kristall. Huet mech e bëssen u Russland-Kitsch erënnert... Wien sech dat ukucke wëllt: Foto um RTL-Automag-Instagram!
Beim Kristall-Schalthiewel kritt de Serge kee Blénken an d'Aen. Mä wann ech elo "M-50-d" soen...
Reien-6-Zylinder-Diesel, 3 Liter, véier Turboen (Quad-Turbo), 400 Päerd, a beandrockend 760 Newtonmeter Dréimoment. Katapultéiert déi 2,4 Tonnen a 5.2 Sekonnen vun 0 op 100. Beandrockend Leeschtung. En Dram vun engem Motor. méi laangen Trajet iwwert däitsch Autobunnen, scho beandrockend wannste mat 160 ronderëm rulls, an du hues awer nach Reserven ënnert der Pedall, wouste nach douce an de Sëtz gedréckt gëss, wannste eng Kéier acceleréiers. 8-Gang-Automatik e Genoss... Aner méi normal Motorisatiounen: 40i an 30d, och alles 6-Zylinder.
Ass den X5 eng Sportsmaschinn?
Fuerwierk gouf a Saache Confort verbessert. Bis elo nëmme Loftfiederung hannen, beim neie Modell och Loftfiederung optional op der viischter Achs. Effektiv, richteg confortabel. Op der anerer Säit: och nach genuch Dynamik. Fuerwierk reagéiert präzis op Lenkcommandoen, mä bon, bei 2,4 Tonnen dierf een sech dann awer keng Wonner erwaarden. Also ganz éierlech: an engem 5er Touring hätt mir den M50d wahrscheinlech nach vill méi Spaass gemaach... Kleng Präzisioun: et kritt een elo och en Offroad-Package, dorobber huet BMW bis elo ëmmer verzicht.
Mir rulle mam Automag esoulues an d'Chrëschtvakanz, musse virdrun awer nach an der Caisse passéieren
Knapp 67'000 Euro Basis fir den 30d, den M50d kascht nach emol 24'000 Euro extra. Mä domatter ass et net gedoen, vill Optiounen, eisen Testauto huet ëm déi 120'000 Euro kascht... Et wier also wierklech am duebele Sënn vum Wuert e grousse Kado fir ënnert de Chrëschtbeemchen.