Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen o... more
FAQs about Buvette - De Fussballpodcast:How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?The podcast currently has 221 episodes available.
November 08, 2023Episod 127 Arjen Robben vu WishEt war rëm vill lass am Fussball. Wéi geet et mam Tuchel a Sky weider ? Wat ass bei Rouspert géint den UNK geschitt? Wéi huet den Dylan de Match géint de Mike Wunderlich erlieft? Wéi kritt den Urs Fischer trotz 12 Nidderlagen d'Leit op seng Säit? Genau déi a nach wieder Froe beschwätzen de Ben an den Dylan an der neier Episod Buvette....more35minPlay
October 31, 2023Episod 126 - Net gepickt, mee gestochertEng nei Woch an eng nei Episod Buvette. De Fussball schléift ni! An dowéinst hunn sech de Ben an den Dylan rëm sämtlech Froe gestallt. Wat war deemools zu Péiteng lass, wou et onfaassbar vill gereent huet, firwat ass den Thorsten Mattuschka esou e sympathesche Moderator a wisou gëtt aktuell zu Saarbrécken gestochert a net gepickt?...more36minPlay
October 24, 2023Episod 125 - Don't drink and driveEt gëtt eppes ze feieren an der Buvette! Net nëmmen déi 125. Episod mee ochnach aner bestëmmte Saachen. De Fussball soll natierlech och rëm net ze kuerzkommen. Dowéinst ginn sech an dëser Episod ënnert anerem Froe gestallt, wat under Monnerecher Buvette esou gutt ass, wat de Gilles fir e Gedeessems huet derichtegen BVB-Trikot ze kréien a wat et an e puer Méint mat de Spiller vuSchalke geschitt....more34minPlay
October 18, 2023Episod 124 - EuphorieEn Thema iwwert dat dat ganzt Land geschwat huet. Eis Nationalekipp. An dëser Episod vun der Buvette huelen de Ben an den Dylan d'Matcher géint Island a Slowakei ënner d'Lupp a schwätzen iwwert Zockerflanken vum Laurent Jans, iwwert eng super Stëmmung am Stadion an iwwert eng gesamte Fussball-Euphorie am ganze Land....more31minPlay
October 11, 2023Episod 123 - Den Eden beim Henssler123 Episode Buvette... Ufangs si mir nach zu zwee mee de Gilles gëtt och nach an dëser Episod agewiesselt. Mir schwätzen iwwert dem Ben seng Victoria Rosport, dem Dylan seng Königsdorfer a vill weider interessant Themen. Wat mécht den Eden Hazard elo no senger Karriär? Wat huet de Giroud net gepackt a firwat leeft et beim Ben a beim Dylan grad sou gutt, dass se rëm en 9 Punkte Weekend erliewen?...more35minPlay
October 03, 2023Episod 122 - Fehlendes CommitmentEt war e laange Weekend fir déi dräi aus der Buvette. Den Dylan huet e fräie Sonndeg genoss a spillt en Dënschdeg eng éischt Coupe-Finall, de Ben huet mat Rouspert an der Coupe de Luxembourg fir eng Iwwerraschung gesuergt an de Gilles konnt sech alles a Rou ukucken. Iwwer d'Bundesliga gëtt dës Kéier natierlech och rëm geschwat an zemools iwwer dem Max Eberl säi feelend Commitment....more34minPlay
September 27, 2023Episod 121 - D´Nuller-VögelAm Lëtzebuerger Fussball ass vill lass. 24 rout Kaarten goufen et no 7 Spilldeeg an der BGL Ligue an de Ben ass der Saach natierlech op de Grond gaangen. Déi Mierscher sammelen als Opsteiger weiderhin hier Punkten an e Grond dofir ass de Stiermer Benny Bresch, iwwert deen de Gilles eng steil These opstellt. Beim Dylan an der TUS leeft et och an de Ben an den Dylan hunn an der lescht souguer eppes gemeinsam....more33minPlay
September 22, 2023Episod 120 - Die Nummer sucht den SpielerBesser spéit wéi ni. D´Buvette ass rëm fir iech do. Wat ass mam Ben lass a wou kommen seng offensiv Aktiounen hier, géint wien spillt den Dylan an der nächster Coupe a wéi schéin war de Goal vum Golkipp vun Neapel wannechgelift? All dat a nach weider Froen hu sech de Ben an den Dylan an der néier Episod vun der Buvette gefrot....more37minPlay
September 13, 2023Episod 119 - De klengen Iwwermotivéierte géint de grousse FaulenEng Woch déi vill Theme fir ze beschwätze mat sech bruecht huet. Lëtzebuerg gewënnt engersäits souverän 3:1 géint Island a kasséiert ob der anerer Säit 9 Goaler géint Portugal. D'Buvette hëlt an dëser Episod net nëmmen dëse Match ënnert d'Lupp, mee och d'Dokumentatioun vum DFB, den Trainerwiessel bei deenen Däitschen an natierlech d'Lëtzebuerger Ekippen déi de Weekend gespillt hunn....more33minPlay
September 08, 2023Episod 118 - De Co-Trainer BenEt ass vill lass am Lëtzebuerger Fussball a villäicht kennt d'Lännermatchpaus genau richteg. Beim Ben wëssen se net méi op e nach Spiller oder Co-Trainer ass, d'Opsteiger glänzen an der Éierepromotioun an et ginn Diskussiounen iwwer eng speziell Nummer 1 zu Beggen. International huet dem Seba Thill säi Goal et an d'Nominatioun vum Tor des Monats gepackt an de Bonucci ass laut Buvette de Summertransfer schlecht hin....more30minPlay
FAQs about Buvette - De Fussballpodcast:How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?The podcast currently has 221 episodes available.