Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen o... more
FAQs about Buvette - De Fussballpodcast:How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?The podcast currently has 221 episodes available.
March 28, 2023Episod 107 - Dem Ben säi FazitNo enger klenger Paus ass d'Buvette rëm do. Zwar nëmmen zwee vun dräi mee dat sollt duergoen, fir iwwer d'Lännermatcher ze schwätzen. De Ben huet ganz drësche seng Meenung zum 0:6 géint Portugal ausgeschwat, hat alt nees e Virschlag wéi een den Toppmatch an der Éierepromotioun hätt kéinten ausspillen an huet sech gemellt fir eventuell mol rëm e Match ze päifen....more32minPlay
March 15, 2023Episod 106 - Fréijoer am FussballEt mierkt een dass dobausse Fréijoer gëtt. D'Villercher zwitscheren, et ass e bësse méi waarm an den HSV fänkt rëm un den Opstig ze verspillen. Grousst Thema an der aktueller Buvette ënnert anerem, wéi d'Arbitter am Fussball behandelt ginn a wat mir fir Erfarunge gemaach hunn. Ob mir d'Reegelen iwwerhaapt nach wëssen? Da war och nach d'Revierderby mat engem ganz sauere Foul un de Bülter....more32minPlay
March 08, 2023Episod 105 - "Lücke in der Mannschaftskasse"Et war esou vill lass an deene leschten Deeg a wei ëmmer gouf an der Buvette iwwer all Quatsch diskutéiert. Verspiert e Ben Vogel iwwerhaapt Drock bei engem Eelefmeterschéissen? Wat huet de Gilles alles zu München am Grünwalder erlieft? Wou sinn d'Suen aus der Bremer Mannschaftskasse a wéi vill Matcher muss de Leo Barreiro lo nach an der Bundesliga spille fir de Jeff Strasser ze iwwerhuelen? Dat a villes méi an der aktueller Buvette....more38minPlay
March 01, 2023Episod 104 - Do falen engem d'Eeër aus der BoxEt ass erëm vill geschitt. De Gilles kuckt mëttlerweil 2. Bundesliga a bréngt do deen een oder anere Sproch mat an d'Buvette. Ënnert anerem sinn zwee Stiermer bei eis am Gespréich an et gëtt driwwer geschwat firwat de Selke erëm op de Buedem komme muss. Natierlech gouf och de Lëtzebuerger Fussball rëm geschwat a gekuckt wat iwwerall geschitt ass....more35minPlay
February 22, 2023Episod 103 - Extra-Stonne fir den DylanDen Dylan drénkt dann haut mol e Glas Waasser well Fuesent zu Köln dann dach méi haart war wéi erwaart. De Ben an de Gilles kréien et hin de Marc Thomé mam Julian Nagelsmann ze vergläichen an da gëtt och nach de Karim Adeyemi bis an den Himmel gelueft. Ënnert anerem gëtt e bëssen iwwer d'Champions League a verschidde skurril Geschichten an de Stadie gebraddelt....more31minPlay
February 14, 2023Episod 102 - Gegen GegenDat nämmlecht Gebraddels wéi ëmmer: de Ben kritt et hin eng perfekt Zesummefaassung vu Bayern ze maachen, den Dylan war um Zappes-Cup Fan vun der Equipe Gegen Gegen an d'Sky-Moderatoren nerven ëmmer nach, woubäi de Ben do schonn e Nofollger fir den Didi Hamann fonnt huet....more35minPlay
February 07, 2023Episod 101 - Haaptsaach e JosEt war rëm immens vill lass. De Programm an der Buvette ass voll. Dem Ben fält op, dass zu Lëtzebuerg bal all Stadion e "Jos" am Numm huet an et gëtt de grousse Gewënner vum Gewënnspill genannt. Ënnert anerem schwätze mir iwwert déi aktuell Gefillslag vun all Lautern-Fan, de Frankfurt-President a wéi et méiglech ass vun der Ersazbänk e Goal ze schéissen....more34minPlay
January 31, 2023Episod 100: Op déi Honnertst ustoussenD'Buvette huet déi Honnert voll gemaach an dat gëtt souguer mat engem Special Guest gefeiert. Iwwer de Fussball gëtt trotzdeem gebraddelt an do gouf et och genuch ze beschwätzen. De Christian Streich huet e super Interview ginn, de Gnabry war op der Fashion Week a Kaiserslautern huet 3:1 gewonnen. Fir de Ben e Grond och mol déi Lëtzebuerger Kaiserslautern-Fans ze luewen....more33minPlay
January 24, 2023Episod 99 - Klappjuegd mam PuyolD´Buvette ass no enger laanger Wanterpaus an där vill geschitt ass nees do. An trotzdeem huet sech näischt geännert. Fussball hunn déi 3 tatsächlech net esou vill gekuckt, mee Theme ginn et genuch fir ze schwätzen. Sou ënnert anerem de Puyol, dee mat 100 km/h duerch de Bësch leeft an de weltbekannte Monaco-Stammtisch....more33minPlay
December 13, 2022Episod 98 - An de Bierger ass et glatD´Buvette geet an d´Wanterpaus. An dëser Folg zeien de Ben, de Gilles an den Dylan nach eng kéier e klenge Bilan aus der Hironn. Ënnert anerem fält op, dass sech zu Nidderkuer sou munches geännert huet. Dann ass dem Ben en Opruff vu Schengen opgefall an de Gilles bréngt dem Manuel Neuer seng aktuell Situatioun op de Punkt. An zu gudder Lescht gëtt et einfach nëmmen e Merci vun eis, un iech....more33minPlay
FAQs about Buvette - De Fussballpodcast:How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?The podcast currently has 221 episodes available.