Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen o... more
FAQs about Buvette - De Fussballpodcast:How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?The podcast currently has 221 episodes available.
December 06, 2022Episod 97 - Buvette LivetickerDobausse gëtt et esou lues fierchterlech kal an dat mierken och d'Jongen aus der Buvette. De Gilles fréiert schonn no 20m bei den Auto, den Dylan ass nom Match krank an de Fupa-Liveticker live Ticker léisst no. An trotzdeem ginn et do rëm herrlech Saachen ze berichten an dowéinst gëtt et an der Buvette elo déi nei Rubrik "De Liveticker". Soss gouf normal gebraddelt wei ëmmer an den Interview vum Schweinsteiger an dem Flick ënnert d'Lupp geholl....more33minPlay
November 29, 2022Episod 96 - Schnell a flësseg, mee firwat?Wat e Weekend. Masseg Punkten iwwer déi sech d'Jongen aus der Buvette freeën a n e schéine Freiden zu Köln. Ënnert anerem hunn déi dräi sech eppes iwwerluecht falls keen Arbitter op den Terrain kënnt an déi Ettelbrécker Buvette gëtt bis an den Himmel gelueft....more31minPlay
November 22, 2022Episod 95 - Danke SebD'WM huet ugefaangen a soll awer net d'Haaptthema an der Buvette sinn. Bis op e puer kleng witzeg Saachen wéi eng ze héich Zuschauerzuel an en eidele Stadion no 60 Minutten, widmen déi dräi aus der Buvette sech deene wichtege Saachen. Den Dylan zum Beispill feiert dem Sebastian Vettel säi Karrieres-Enn op eng ganz besonnesch Aart a Weis an de Ben erzielt eis wéi ee de Match a 4 Méint géint Portugal kucke kann....more30minPlay
November 15, 2022Episod 94 - De perfekte WeekendWat e Weekend. Masseg Punkten iwwer déi sech d'Jongen aus der Buvette freeën a n e schéine Freiden zu Köln. Ënnert anerem hunn déi dräi sech eppes iwwerluecht falls keen Arbitter op den Terrain kënnt an déi Ettelbrécker Buvette gëtt bis an den Himmel gelueft....more33minPlay
November 08, 2022Episod 93 - Schnell gaangenEt war rëm vill lass an der Fussballwelt. Den Dylan war zu Bielefeld, zu Mënster war dem Gilles säin Toppmatch an d'Champions League gouf ausgeloust. Ënnert anerem kruten de Ben, de Gilles an den Dylan eng hannert d'Läffelen well net genuch iwwer déi ënnescht Lige geschwat gëtt. Ma guer kee Problem....more37minPlay
November 01, 2022Episod 92 - Wann ech den Mbappé wierEt ass eng bësse méi roueg Episod: déi Dräi aus der Buvette sinn e bësse midd, wat se awer net dovunner ofhale soll iwwert dat wichtegt Thema vum Weekend ze schwätzen. Wat war bei Königsdorf erëm lass? Wat géif de Ben maachen, wann en den Mbappé wier, a wéi geet een amfong richteg mam Video-Assistent Referee em? D'Buvette huet och dës Kéier erëm op all Fro eng Äntwert....more30minPlay
October 25, 2022Episod 91- Wegbier BecksEt ass erëm Dënschden an et gëtt vill ze beschwätzen. Firwat huet de Benzema ëmmer e Verband gedroen? A wéi enger Liga spillt den Dylan do a firwat heeschen d'Bouwen amfong d'Bouwen? Ënnert anerem kucke ma erëm an d'Bundesliga wou dem Gilles seng Dortmunder nees gewonn hunn an an d'Zweet Liga wou den Terrence Boyd erëm fir Lautern geknipst huet....more36minPlay
October 18, 2022Episod 90 - Peaky Blinders oder Sherlock Holmes?An dëser Episod schwätzen de Ben, de Gilles an den Dylan doriwwer, dass dat Duell "Haaland vs Van Dijk" éischter ausgesäit wéi wann e Croisières-Schëff géint en AirBus360 spillt. Ënnert anerem gouf et a Spuenien bei Barcelona e ganz besonneschen Trikot an den Dylan fänkt d'Episod als Eminem un....more32minPlay
October 11, 2022Episod 89 - Do ass den Oli bal vum Stull gefallDen Dylan hat e wonnerbare Weekend zu Hamburg an de Gilles huet sech Samschdes zu Mainz blécke gelooss. Ënnert anerem erzielt eis de Ben firwat d'Spiller vu Wolfsburg an Augsburg haut alleguer schwaarz Zéiwen hunn. Wat u kengem laanscht gaangen ass, beschwätzen déi dräi och nach a kucke firwat den Oliver Kahn bal vum Stull gefall ass....more35minPlay
October 04, 2022Episod 88: Dräi Këschten zu WëntgerDéi 88. Episod Buvette an et gëtt gebraddelt wéi ëmmer. De Gilles gëtt relativ gutt mam BVB verglach, de Ben erzielt vu senger Weltrees op Wëntger an den Dylan huet eng Erklärung firwat de Füllkrug net an der Nationalequipe spillt. Ënnert anerem erzielt den Dylan vu sengem Lautern-Ausflug an et gëtt sech d´Fro gestallt wéi krass den Erling Haaland iwwerhaapt ass....more34minPlay
FAQs about Buvette - De Fussballpodcast:How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?The podcast currently has 221 episodes available.