Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen o... more
FAQs about Buvette - De Fussballpodcast:How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?The podcast currently has 221 episodes available.
September 27, 2022Episod 87 - Lion KingEt war Lännermatchpaus an trotzdeem gëtt et genuch ze zielen. De Ben an den Dylan hate fräi an hunn de Weekend genoss. De Gilles bréngt Gerüchter an d Gespréich an erzielt vu sengem Weekend zu München. Ënnert anerem gëtt de Gerson vun deenen dräi zum Lion King gekréint, op dem Pizarro säin Oofschlossmatch gekuckt an op e spezielle Podcast higewisen....more32minPlay
September 20, 2022Episod 86 - Kung-Fu PandaAn dëser Folg geet et nees "heiß hier". De Gilles huet net laang gebraucht fir ze wësse wiem säi Goal genau sou war wéi dem Haaland säin, den Dylan erkläert firwat den Neymar eng giel Kaart krut an de Ben faasst d'BGL Ligue ganz einfach zesummen. Ënnert anerem gëtt iwwer d'Bayern geschwat a firwat weder de Ben, nach den Dylan dëse Weekend gespillt hunn....more33minPlay
September 13, 2022Episod 85 - Sponsor-BingoAn dëser Folg widmen de Ben, de Gilles an den Dylan sech dem Lëtzebuerger Fraefussball, et gëtt op dem Ben an dem Dylan säi Weekend gekuckt a weiderhin stellt sech d Fro wéini een dann elo Hänns päife kann. Ënnert anerem gi ganz geckeg Theesen opgestallt wat de Max Kruse dann no senger Karriäre mécht a firwat de Ben zu Nidderkuer ëmmer Sponsor-Bingo spillt....more39minPlay
September 06, 2022Episod 84 - Wampe amplaz vu SixpackDe Weekend ass erëm eriwwer an déi dräi aus der Buvette hunn erëm eng jett ze beschwätzen. De Gilles erzielt vu senge Preparatiounen op de Lautern-Match a wei eng Trainings-Mauer zu Waasserbëlleg ausgesi géif. Da schwätzt de Ben nach dem Nagelsmann seng Tipps an Tricks un an et gëtt sech op d Championsleague gefreet....more33minPlay
August 30, 2022Episod 83 - Schwalbe oder VogelE Weekend fir d´Geschichtsbicher. De Ben gëtt mat giel rout vum Terrain geschéckt a verschidde Journalisten notzen dat natierlech fir en herrlecht Wuertspill. An dëser Episod schwätzen déi dräi och nach doriwwer, wei se de verréckte Match vu Kaiserslautern erlieft hunn a wat an der Bundesliga lass war. Ënnert anerem schéngt et sou wei wann déi dräi Loscht op e ganz bestëmmte Skandal hätten....more33minPlay
August 23, 2022Episod 82: Geschnëtzeltes Crème ChampignonNodeems et lescht Woch Boulette gi sinn, dëschen d'Jongen aus der Buvette dës Kéier da mol nees eppes op, och wann et en zweete Versuch gebraucht huet. Ganz ongewinnt huelen déi Dräi des Kéier un engem Stéck op a braddele wei gewinnt iwwer de Weekend. Beim Dylan huet d'Saison ugefaange, de Ben war Kapitän an de Seba Thill bréngt lecker Flanken. Weidere Quatsch an dëser Episod....more35minPlay
August 17, 2022Episod 81: Boulette WeekendText: Dës Kéier treffen sech déi dräi aus der Buvette zu ganz ongewinnten Zäiten. Et ass zwar Feierdag zu Lëtzebuerg mee souvill gëtt et u sech net ze feieren... Goalkeeper déi eng Gaff maachen, Trainer, déi sech bal boxen a keng Punkten um Compte vum Ben. Ween ënnert der Woch e super Interview ginn huet beschwätzen déi Dräi och a schiele mat engem An op hier Kicker-Equipe....more35minPlay
August 09, 2022Episod - 80 Merde, wou leeft da lo hei e Match?Wéi gewinnt gëtt an der Buvette erëm iwwer déi wichteg Theme geschwat. An der BGL Ligue rullt de Ball nämlech nees, d´Bundesliga huet och erëm ugefaangen, an an der zweeter Liga surft Lautern op enger Well. De Gilles an de Ben gi mëttlerweil och rëm a Stadiex Fussball kucken, wat dozou feiert mol déi eng oder aner prominent Persoun ze treffen. D´Fro ass nëmme wien....more34minPlay
August 02, 2022Episod 79 - Zeréck an der BuvetteNo enger gefillten Éiwegkeet setzen de Gilles, de Ben an den Dylan rëm an der Buvette. D'EM vun den Damme gëtt Revue passéiere gelooss, de Ben schwäermt vun engem herrlechen Dag um Betze an de Gilles mécht op d´Kicker Managerspill opmierksam. E labbere Start an déi nei Saison Buvette....more31minPlay
May 24, 2022Episod 78 - Teschnesche GrottekickDei läscht Folg fir dës Saison an trotzdem eng ganz besonneg! Dei 3 aus der Buvette hu sech neemlech Gäscht agelueden fir op e ganz grousse Fussballsdaag opmierksam ze maachen! D'Missioun Grottekick an d FC Jeunesse Biwer sinn zu besuch an der Buvette a schwetze matt hinnen iwwer dei lescht Fussballswoch, an där zum Beispill d‘Hamburger Auer ass mee och firun allem fir op e besonnegen Daag anzelueden!...more37minPlay
FAQs about Buvette - De Fussballpodcast:How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?The podcast currently has 221 episodes available.