Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen o... more
FAQs about Buvette - De Fussballpodcast:How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?The podcast currently has 221 episodes available.
August 30, 2023Episod 117 - Hien ass LaurentWeider geet et an der Buvette mat der Episod 117 an dës Kéier hunn déi dräi aus der Buvette sech vill mam Lëtzebuerger Fussball ausenee gesat. D'BGL Ligue gëtt ënner d'Lupp geholl, de Kader vun der Nationalequipe, d'Éierepromotioun an och d'Eenzelspiller wéi eise Laurent Jans. Natierlech gouf awer och rëm iwwer d'Bundesliga geschwat an zum Beispill eng Doppelpass-Zeen vu leschtem Weekend opgegraff....more37minPlay
August 23, 2023Episod 116 - Turnhal op SchalkeD'Buvette ass no enger verdammt laanger Summerpaus rëm fir Iech do. An dëser Episod schwätze mir iwwer eng interessant Arbitter Doku, de Ben erzielt vu sengem Buchtipp, den Dylan erzielt wéi et beim Auswäertsmatch op Schalke war an de Gilles mécht drop opmierksam, dass och dës Saison rëm an der Buvette gespillt gëtt....more33minPlay
May 24, 2023Episod 115 - Luerenzweiler meets BuvetteEt gouf laang driwwer geschwat a laang ugekënnegt dass d'Luerenzweiler Ekipp e puer Minutten an der Buvette kritt. No sou enger Saison kréien se elo eng ganz Episod an der Buvette. Vill Gebraddels a vill Infoen iwwer d'Opstigssaison vu Luerenzweiler an dëser Episod Buvette....more43minPlay
May 16, 2023Episod 114 - Das Wunder von MerschDes Kéier sinn de Ben an den Dylan eleng an der Buvette mee dat sollt se net hënnere fir iwwer genuch interessant Themen ze schwätzen. Wéi ass déi spuenesch Fussballkultur? Wie steigt of? Wie steigt op? Wéi eng Legende verloossen no dëser Saison de Lëtzebuerger Fussball? Mat wéi enge Mëttele wëll d'Jeunesse uewen an der Tabell stoen a klappt "das Wunder von Mersch"? All déi Froe ginn an der aktueller Episod Buvette gekläert....more34minPlay
May 10, 2023Episod 113 - Speck an Ierbessen zu ParäisEt war vill lass an an der Buvette gi rëm déi wichteg Froe gestallt. Wat ass zu Paräis beim Messi lass? Wien ass zu Lëtzebuerg Meeschter ginn? Wien ass alles schonn opgestigen? Wéi gewënnt een en Derby géint Déifferdeng? Wat ass mam Davie Selke lass a wéi kann et sinn, dass den Gilles am Managerspill zweetleschten ass?...more36minPlay
May 03, 2023Episod 112 - Vum Progrès bei d'VictoriaEt ass eng Spezialfolg, et ass eng Pressekonferenz, et ass alles wat ee wësse muss. Eise Ben wiesselt vu Nidderkuer no der Saison op Rouspert zeréck an d´Buvette sinn déi éischt déi et gewuer ginn. Wat fir Erfarungen hëlt e vu Nidderkuer mat? Wéi eng Nummer kritt hien zu Rouspert? Wéi eng Roll spillt hien elo? Dat alles a nach vill méi hunn de Gilles an den Dylan de Ben gefrot....more36minPlay
April 25, 2023Episod 111 - D'Babsi an der ExperteronnOch wann et technesch Problemer ginn, geet d´Qualitéit vun den Themen an der Buvette net verluer. Mir schwätzen iwwer d´Babsi an der Experteronn, dem Gilles säin Ausfluch an de Borussia Park a mat wiem de Michael Ballack den Erling Haaland vergläicht....more36minPlay
April 18, 2023Episod 110 - Buvette on TourEndlech war et esou wäit... Déi 3 aus der Buvette hunn et gepackt zesummen e Fussballmatch kucken ze goen. Leider war et net den Opstigsmatch vu Luerenzweiler, mee den Toppmatch aus der 2.Bundesliga. Kaiserslautern vs Hamburg. Doriwwer gëtt an der aktueller Episod natierlech ausféierlech geschwat, mee ënnert anerem och doriwwer wat zu Berlin lass ass, wien den Trikot vu Luerenzweiler designed huet a wat zanter 13 Matcher mat Nidderkuer lass ass....more31minPlay
April 11, 2023Episod 109: 160.000 MëttelfangerEt war rëm méi lass wéi geduecht. Den Dylan huet et bis op Braunschweig gepackt an et war kee vun deene schéinen Auswäertsmatcher. De Gilles war zu Dortmund an huet och rëm eng vill erlieft, de Ben huet verschlof a Luerenzweiler huet verluer. Zwou Saachen, déi et dëst Joer nach net gouf....more34minPlay
April 05, 2023Episod 108 - E beschassene Match fir de MarioEt ass eng vun deene stressegste Folgen an der Buvette-Geschicht. Op alle Fall fir de Ben. Trotzdeem kee Grond net iwwer déi aktuell Themen am Fussball ze schwätzen. Den Hermann Gerland hat de Weekend ee vun deenen authenteschsten Optrëtter am Doppelpass, den Maximilian Arnold ësst doheem Kelloggs mat Gin Tonic an den Dylan huet dem Gilles an dem Ben eng spannend Quizfro matbruecht....more29minPlay
FAQs about Buvette - De Fussballpodcast:How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?The podcast currently has 221 episodes available.