Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
Du wëlls deemnächst studéiere goen an hues dausend Froen? Oder du bass aktuell op enger Uni oder enger Héichschoul ageschriwwen, mee och hei ginn et Onkloerheeten? Dann ass den ACEL Studentecorner gen... more
FAQs about Den ACEL Studentecorner:How many episodes does Den ACEL Studentecorner have?The podcast currently has 16 episodes available.
September 20, 2025Episod 6 - D'REEL op BesuchDe 5. September waren de Ben an de Fabien am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwer d'REEL geschwat, déi de Weekend vum 18. - 21. September zu Stroossbuerg ass. Wat genee ass eng REEL? Wat mécht een op enger REEL? Firwat soll een als Student oder Studentin un enger REEL deelhuelen?Tipp: all Student a Studentin soll op mannst ee mol eng REEL erlieft hunn!...more16minPlay
September 20, 2025Episod 5 - Den LSH an den LSWü op BesuchDen 29. August waren d'Cathy vum LSH an de Sébastien vum LSWü am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwer Heidelberg a Würzburg als Studentestied geschwat an awer och op d'Studiegäng op deene verschiddenen Unien an Héichschoulen an deenen zwou Stied gekuckt. Wat kann een alles zu Heidelberg an zu Würzburg studéieren? A wat ass den LSH an den LSWü?Tipp: virun allem zu Würzburg ginn et Studiegäng mat besonnesche Spezialisatiounen!...more18minPlay
August 13, 2025Episod 4 - D'Alesontia an déi Jonk BAD op BesuchDen 1. August waren d'Laura vun der Alesontia an den Alexej vun der jonker BAD am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwer Bonn als Studentestad geschwat an awer och op d'Studiegäng am Bibliothéikswiesen, an der Archivistik an an der Dokumentatioun gekuckt. Wat kann een alles zu Bonn studéieren? Wou kann ee Studiegäng wéi Archivistik studéieren? A wat bedeit eigentlech Alesontia a Jonk BAD?Tipp: d'Laura konnt vill skurril Fakten iwwer Bonn erzielen!...more21minPlay
July 09, 2025Episod 3 - D'ANEIL an d'REEL op BesuchDe 27. Juni waren de François vun der ANEIL an de Ben vun der REEL am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwer Studiegäng am Ingenieurswiesen an an de Naturwëssenschaften sou wéi awer och iwwert d'REEL geschwat. Wat kann een alles am Ingenieursberäich an am Naturwëssenschaftlecheberäich studéieren? Wou kann een dës Studiegäng iwwerall studéieren? A wat ass iwwerhaapt eng REEL?Tipp: jidderee muss op mannst eemol wärend sengem Studium eng REEL matgemaach hunn....more25minPlay
June 02, 2025Episod 2 - Den LSC an den LSMaas op BesuchDen 30. Mee waren de Max vum LSC an de Yannick vum LSMaas am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert Köln a Maastricht geschwat. Wéi ass et do ze studéieren? Wat kann een do studéieren? A wat maachen déi zwou Stied sou interessant?Fun Fact: Enn Mee ass um Eldo einfach mol Fuesmusek gelaf!...more23minPlay
April 30, 2025Episod 1 - D'ACEL op BesuchDe 25. Abrëll gouf et déi éischt Editioun vum ACEL Studentecorner an hei waren dann direkt dräi Vertrieder vun der ACEL op Besuch am Studio. Zesumme mam Lena, dem Gianni an dem Mattis gouf iwwert de Choix vun der Uni, d'Wunnengssich an d'Bourse geschwat. Donieft gouf awer och iwwert d'Cerclen an iwwer d'Eventer, déi déi Lëtzebuerger Studentenzeen prägen, geschwat....more24minPlay
FAQs about Den ACEL Studentecorner:How many episodes does Den ACEL Studentecorner have?The podcast currently has 16 episodes available.