Drug Stories

Drug Stories

By Centre National de Prévention des AddictionsSociety & CultureEducation
Download on the App Store

Drug Stories episodes

  • Folge 08 - LSD
    Firwat nennt een den Dag vun der Entdeckung vun der Wierkung vum LSD op d’Bewosstsinn de Bicycle-Day?

    D’Jessy an de Luc schwätzen iwwer d’Urspréng vum Lysergsäurediethylamid oder ebe kuerz LSD.

    De Luc erkläert, dass ee vum LSD net kierperlech ofhängeg ka ginn. Wat d’Gefor vun enger psychescher Ofhängegkeet ugeet, ass dat awer wuel net sou kloer.
    Och iwwer d’Wierkungen an de Risiko vun engem „Bad Trip“ gëtt geschwat. Wat ass esou een Horror-Trip eigentlech? Wéi kann een dat vermeiden? An wéi reagéiert een an dem Fall am beschten?
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: [email protected]

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
    7 min
  • Folge 07 - Psychedelesch Pilzen
    Magic Mushrooms, Fungien, Psyllos, Mexikaner, Hawaianer. Si hu vill Nimm, déi psychedelesch Pilzen. Mee wat sinn déi Zauber-Champignonen dann eigentlech lo genau a wéi wierken se?

    D’Jessy an de Luc geheien e Bléck zréck an d’Geschicht, diskutéieren den Ënnerscheed tëscht de klassesche Magic Mushroom, de sougenannte Magic Trüffelen an de Fliegenpilzen a froen sech wat dat alles mat dem Weihnachtsmann ze dinn huet.

    Och iwwer d’Wierkungen an d’Niewenwirkungen vun de psychedelesche Pilze gëtt geschwat, souwéi doriwwer, dass se hei am Land illegal sinn.
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: [email protected]

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
    8 min
  • Folge 06 - MDMA / Ecstasy
    Als „Partydrog“ oder och als „Kuscheldrog“ ginn Ecstasy respektiv MDMA och bezeechent. Ecstasy ass dobäi e Sammelbegrëff fir verschidde Substanzen, déi eng änlech Wierkung hunn, an MDMA ass déi bekanntsten dovun.

    Wat gëtt et nach alles ze wëssen a sinn et wierklech just „harmlos faarweg Pëllen“ oder gëtt et dach Risiken & Niewenwirkungen?

    D`Jessie an de Luc kucke sech dat an der heiten Episod vum Podcast genee un. 
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: [email protected]

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
    6 min
  • Folge 05 - Kokain
    Kokain gehéiert zu der Grupp vun Drogen, déi opputschend wierken.
    Mee, ass dat wouer, datt fréier am Coca Cola Kokain dra war?
    An ass an de Koka-Bliedern a Südamerika dat selwescht dra wéi an dem wäisse Pudder?

    D`Jessie an de Luc ginn der Saach op de Grond a klären nach vill méi aner Froen. 
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: [email protected]

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
    7 min
  • Folge 04 - Cannabis
    D’Bléie vum Cannabis ginn och nach Gras, Weed oder Marihuana genannt. Planz vun där Bléie kommen, heescht Hanfplanz. De gepressten Haarz vun der Planz och nach Haschisch oder Shit genannt.

    An wéi gesot, haut schwätze mer iwwer eng deemools illegal Drog, d.h zu Lëtzebuerg ass Cannabis nach ëmmer net komplett legal...


    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: [email protected]

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
    9 min
  • Folge 03 - Koffein
    Kaffi, Cola an Energy Drinks begleeden eis duerch de ganzen Dag? Vill Leit kënne bal net ouni. Kee Wonner, datt Koffein déi am meeschte konsuméiert Droge ass. Mee, firwat ass dat esou? Wat ass esou besonnesch um Koffein a gëtt et iwwerhaapt Nodeeler oder Risiken?

     All dat an nach vill méi diskutéieren d`Jessie & de Luc an der heite Podcast Folleg.
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: [email protected]

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
    8 min
  • Folge 02 - Alkohol
    Alkohol ass e gudde Léisungsmëttel, et ka Famillen, Bezéiungen, Frëndschaften opléisen.., mee leider léist den Alkohol keng Problemer! Ma dat mécht Mëllech och net!

    Sou oder sou änlech Spréch iwwer den Alkohol fënnt een der honnert, mol méi witzeg mol manner…

    Mee wat ass dann den Alkohol – eis Kulturdroge Nr 1- Jessie & Luc huelen se mol ënnert Lupp.
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: [email protected]

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
    9 min
  • Folge 01 - Tubak
    Historesch gëtt et vill do ze zielen, wéi den Tubak eriwwer an Europa komm ass oder, dass zum Beispill a Russland em déi eicht Hallschent vum 17. Jht den Tubakskonsum vum Klerus als Doudsënn ugesi war an ee bestrooft ginn ass wann ee beim Fëmmen erwëscht ginn ass, an zwar ass dann engem d`Nues opgerass a d`Lëpsen opgeschnidde ginn..

    Also Bild vum Tubak huet an der Geschicht oft gewiesselt vun der Doudsënn bis hin zum cool si wann ee fëmmt

    Dat an villes méi beliichten Jessie an de Luc an dëser Podcast Folleg iwwert den Tubak
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: [email protected]

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
    9 min

About Drug Stories

From the publisher's feed

Drug Stories ass déi néi Rubrique vum Centre National de Prévention des Addictions (CNAPA) an Zesummenaarbecht mat Graffiti, d’Jugendsendungen um Radio ARA