Drug Stories

Drug Stories

By Centre National de Prévention des AddictionsSociety & CultureEducation
Download on the App Store

Drug Stories episodes

  • Folge 18 - Bad Trip
    An dësem Podcast geet et natierlech net ëm schlecht Rees Erfarungen, mee vill méi wat een op Droge mol kéint erliewen. An dat ass net flott. Mee wie kann een sech virdru schützen a virun allem, wat kann ee maache wann een op sou engem Bad Trip ass?De Luc an d‘Jessie ginn iech och hei erëm e puer wäertvoll Tipps fir ee manner geféierlechen Ëmgang mat bewosstseinsverännerende Substanzen an och wat e ka maache wann de Bad Trip iwwert eng gewëssen Zäit unhält, och laangs nodeem d’Wierkung vun der Droge schonn eriwwer ass. 
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: [email protected]

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
    6 min
  • Folge 17 - Wat maache bei engem Noutfall?
    Bei all Drogekonsum, sief et vun Alkohol oder aneren Drogen, kann et mol zu enger Iwwerdoséierung kommen.An dësem Podcast erläuteren d’Jessie an de Luc wei et zu sou enger Iwwerdosis ka kommen a wourun een dat kann erkennen.Hei kritt een Tipps wat een onbedéngt an sou enger Situatioun soll maachen, respektiv, net maachen.
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: [email protected]

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
    5 min
  • Folge 16 - Crystal Meth / Speed
    Zu Lëtzebuerg ass Crystal Meth nach net ganz wäit verbreet. D’Jessy an de Luc schwätzen dofir méi generell iwwer Amphetaminne, déi och bei eis um Schwaarzmaart als Speed verkaaft ginn.

    De Luc erkläert, firwat Amphetaminnen am 2. Weltkrich un Zaldote verdeelt goufen a firwat dës Substanzen awer trotzdeem keng Superdrogen sinn.

    Et geet dann och drëm, wéi d’Wierkungen a Niewewierkunge vun Amphetaminnen ausgesi kënnen an dass se als Doppingmëttel a Kombinatioun mat kierperlecher Performance liewensgeféierlech kënne sinn an och net mat aner Substanze kombinéiert konsuméiert solle ginn.
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: [email protected]

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
    6 min
  • Folge 15 - Poppers
    Ënnert dem Numm Poppers versteet een eng Substanz déi schonn am 19. Joerhonnert hiergestallt an als Häerzmedikament agesat gouf.

    D’Jessy an de Luc diskutéieren, wéi Poppers wierken a firwat se an der Partyzeen an zur Loschterhéichung beim Sex beléift sinn. Et gëtt erkläert, dass dës Substanz inhaléiert gëtt an op kee Fall gedronk däerf ginn, wëll dat liewensgeféierlech ka sinn. De Luc beschreift och, wat fir Risike Poppers nach mat sech bréngen a wéini an a Kombinatioun mat wat fir Substanzen se op kee Fall geholl solle ginn.
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: [email protected]

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
    5 min
  • Folge 14 - Heroin
    Heroin gehéiert zu de sougenannten Opioiden an huet bei engem reegelméissege Konsum e ganzt héicht Suchtpotenzial. Mee gëtt ee wierklech direkt beim éischte Schoss schonn süchteg?

    D’Jessy an de Luc schwätzen iwwer déi verschidde Methoden, fir des Substanz ze konsuméieren (am beschte guer net!) an der Ënnerstëtzung, déi ofhängeg Konsumenten an de sougenannte Konsumräim kréien.
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: [email protected]

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
    6 min
  • Folge 13 - Legal Highs (NPS)
    Legal Highs ginn och nach NPS (nei psychoaktiv Substanzen) genannt. Dës chemesch hiergestallte Substanzen imitéieren d’Wierkung vun illegalen Drogen a sinn oft dee Moment wou se op de Maart kommen, nach net gesetzlech gereegelt.

    An dëser Folg erkläert de Luc firwat vill vun de sougenannte Legal Highs a Wierklechkeet trotzdeem net legal sinn, dass et dräi verschidde Kategorië vu Legal Highs gëtt, dass d’Niewewierkungen an d’Risiken oft méi schlëmm sinn, wéi bei den net syntheetesch hiergestallten Drogen a firwat Leit déi Substanzen trotzdeem konsuméieren.
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: [email protected]

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
    6 min
  • Folge 12 - Lachgas
    Dickstoffmonoxid (N2O), och bekannt enner dem Numm „Laachgas“, gëtt haut net wéi fréier beim Zänndokter als Betäubungsmëttel genotzt mais als Rauschmëttel am Partykontext konsuméiert. An Holland zum Beispill, sti dann owes virun de Bar’en an Disco’e Weenercher, déi Laachgas a Form vu Loftballon’e verkafen.

    Waat et domatt op sech huet erklären d’Jessy an de Luc. Sie schwätzen iwwert d’Hierkonft vum Laachgas an erklären d’Risike vum Konsum.
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: [email protected]

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
    5 min
  • Folge 11 - GHB (Liquid Ecstasy, K.O.-Tropfen)
    GHB ass eng vun de Substanzen, déi vu Kriminellen a Form vu K.O.-Drëpse benotzt ginn. GHB kann änlech wéi beim Alkohol zu Euphorie, Enthemmung, Schwindel oder Middegkeet féieren. GHB muss verdënnt ginn an ass immens schwéier ze doséieren. Eng Drëps ze vill ka schonn zu enger Iwwerdosis féieren. Virun allem a Kombinatioun mat Alkohol kann de Konsum vu GHB zum Koma féieren a souguer liewensgeféierlech sinn.

    De Luc erkläert, firwat déi Substanz awer och an der Bodybuilder-Szeen als Dopping-Mëttel beléift ass, firwat se och „Liquid Ecstasy“ genannt gëtt an wat den Ënnerscheed zum GBL ass. 
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: [email protected]

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
    7 min
  • Folge 10 - Ketamin
    Wann an dëser Folg vun „Special K“ geschwat gëtt, ass domat net eng Schossel Cornflakes gemengt, mee d‘Substanz Ketamin, déi och haut nach heiansdo an der Noutfallmedezin a virun allem an der Déieremedezin als Narkosemëttel benotzt gëtt.
    D’Jessy an de Luc diskutéieren, wat Ketamin als Drog fir eng Wierkung kann hunn, wat mat engem sougenannten „K-Hole“ gemengt ass a wat d’Risike vum Ketaminkonsum duerstellen, virun allem, wann et zesumme mat anere Substanze wéi Alkohol ageholl gëtt.
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: [email protected]

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
    6 min
  • Folge 09 - Syntheetesch Cannabinoiden
    An dëser Folg schwätzen d’Jessy an de Luc iwwer d’syntheetesch Cannabinoiden, déi zu de sougenannten NPS (neie psychoaktive Substanzen) gezielt ginn. NPS ass e Sammelbegrëff fir chemesch hiergestallten Substanzen. Mëttlerweil gëtt et honnerte vu verschiddenen syntheetesche Cannabinoide bei deenen den THC chemesch hiergestallt gëtt.

    De Luc erkläert, dass d‘Wierkungen an d‘Niewenwirkungen vun de syntheetesche Cannabinoide ganz ënnerschiddlech kënne sinn. An der Reegel sinn se änlech wéi beim Cannabis mee oft vill méi staark a kënnen am schlëmmste Fall souguer zum Doud féieren.

    Op wat kann een an dem Fall oppassen? An wou kann ee säi Weed teste loossen?
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: [email protected]

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
    5 min

About Drug Stories

From the publisher's feed

Drug Stories ass déi néi Rubrique vum Centre National de Prévention des Addictions (CNAPA) an Zesummenaarbecht mat Graffiti, d’Jugendsendungen um Radio ARA