Euranet Plus Podcast

Euranet Plus Podcast

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Euranet Plus Podcast episodes

  • Wat wëlle mir fir d'Ukrain?
    Et vergeet bal keen Dag, wou mir net iwwer de Krich an der Ukrain héieren, liesen, gesinn oder doriwwer schwätzen. An dee Krich mécht de Mënschen an der Europäescher Unioun nawell zolidd Suergen. D’EU-Bierger erwaarden och vun der Europäescher Unioun, datt se der Ukrain weider hëllefen a se ënnerstëtzen. Just wann et awer ëm Militärhëllef geet, da ginn d'Meenungen auserneen.
    15 min
  • Wat wëllen déi europäesch Baueren?
    D’Ekipp vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus war fir dëse Podcast an der europäescher Landwirtschaft ënnerwee. D’Journalisten hunn d’Meenung bei nawell zimmlech rosene Baueren a ganz Europa agefaangen. D’Fro ass dobäi: Wat wëllen d’Baueren?
    21 min
  • Euranet Podcast: Fir wien oder firwat gouf bei den Europwale gewielt?
    An de Podcaste vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus, stellen d’Journalistinnen an d’Journalisten eng ganz Partie Froen, wat d’Biergerinnen an d’Bierger an Europa vun der Europäescher Unioun erwaarden a wat d’EU kann, soll a misst maachen.
    Hei stinn d’Europawalen am Mëttelpunkt. De Jean Claude Majerus resüméiert Äntwerten zu enger ganzer Partie Froen. Wéi eng Trende kann een aus de Resultater vun den Europawalen erausliesen? Gouf et Verännerungen an der Wielerdemografie oder och, wéi wäerten déi nei Europadeputéiert d’EU-Politik an Zukunft beaflossen?
    16 min
  • Wéi kann een Desinformatiounen entschäerfen?
    Zanter dem amerikaneschee President Donald Trump hu Fakenews an Desinformatiounen eng ganz nei Envergure a Qualitéit kritt. D’Journalistenekipp vum europäesche Radionetzwierk Euranet plus war fir dëse Podcast an den EU-Memberstaaten ënnerwee fir erauszefannen, wou mir aktuell, am Joer vun den Europawalen, mat de Fake News an der Desinformatioun stinn. D’Fro ass dobäi: Wéi kann een Desinformatiounen entschäerfen?
    A Kooperatioun mat Euranet Plus - deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit
    Presentéiert vum Jean Claude Majerus.
    17 min
  • Wat wëllen d'Baueren?
    D’Journalistenekipp vum europäesche Radionetzwierk Euranet plus war an der europäescher Landwirtschaft ënnerwee an hunn d’Meenung vun nawell zimmlech rosene Baueren a ganz Europa agefaangen. D’Fro ass: Wat wëllen d’Baueren?
    A Kooperatioun mat Euranet Plus - deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit
    Presentéiert vum Jean Claude Majerus.
    21 min
  • D’Stëmme vun den EU-Stroossen
    Déi Europäesch Unioun ass mat enger ganzer Partie Problemer konfrontéiert, wéi de Krich an der Ukrain, d’Protester vun den europäesche Baueren, déi ekonomesch Situatioun, d’Migratioun, de Klimachangement oder d’Verdeedegungspolitik, fir nëmmen déi ze nennen. Mee wat denken dann d’Bierger:innen an der Europäescher Unioun? Wéi gesi si d’EU? Wéi eng Doleancen hu si a wéi eng an Erwaardunge setze si an d’EU?
    Am Euranet-Podcast waren d’Mataarbechter vun Euranet plus op den europäesche Stroossen ënnerwee fir de Bols bei de Mënschen ze fillen.
    A Kooperatioun mat Euranet Plus - deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit
    Presentéiert vum Jean Claude Majerus.
    15 min
  • Kënnen nei Technologien d’Welt retten?
    KI, Satellitten, Wiedermanipulatiounen, wat kann dat bréngen?
    Wéi genee a wéi wäit kënnen nei Technologien de Klimachangement an de Grëff kréien? Kënne mer eis dorobber verloossen amplaz eis schlecht Gewunnechten, déi der Welt schueden, ze änneren?
    Et muss een iwwert Zukunft diskutéiere fir eraus ze fanne wéi eng Erwaardunge mer an Innovatioun an Technologie kënnen hunn.
    Op der COP 28 huet goufen techno-solutionistesch Léisunge vun e puer Säite propagéiert an d’Virdeeler vu Geo-Engineering-Techniken goufen an d’Fënster gestallt, datt awer als Nodeel vun anere konkrete Mesure fir den Energiebesoin ze reduzéieren.
    Wéi eng Roll sollen elo dës technologesch Léisungen an der internationaler Klimapolitik spillen, doriwwer geet et déi Kéier Kéier beim Jean Claude Majerus am EU Green Deal Podcats vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus
    14 min

About Euranet Plus Podcast

From the publisher's feed

Wat brauchs du an ech vun der Europäescher Unioun? Eis Journalisten an der EU sinn där Fro op de Fong gaangen.