Gebraddels a Gesabbels

Gebraddels a Gesabbels

By Bob a MathisComedyImprov
Download on the App Store

Gebraddels a Gesabbels episodes

  • Mea Culpa dir léif Leit

    No enger gezwongener Paus starten déi zwee Sabbeler endlech rëm mat enger neier Episod.

    Den Mathis leet direkt erem mat 100 à l´heure lass an zielt vun sengen neisten Impressiounen aus Hamburg, den Bob deelt seng méi oder manner flott dreem mat iech, wisou waren mir esou lang fort a wei ass et mat der Episod "Zu speider Stonn Deel 2"?

    Lauschtert am beschten selwer eran.

    Vill Spaass!

    44 min
  • -Zu spéider Stonn- (éischten Deel)

    D´Fréijoer ass ugepaff! De Bob an de Mathis starten des Woch mat enger duebel Episod. Am éischten Deel kommen mir nach eng kéier kuerz op dem Bob seng Vakanz ze schwätzen, déi erfollegräich Lëtzebuerger Serie Capitani däerf och natierlech net feelen an eng kleng Rees an Vergaangenheet zum Ursprong vum Bob an Mathis senger Frëndschaft an enger SNJ Kolonie ass och derbäi. Am zweeten Deel hu mir dann mol nees eng kéier Invitée´n bei eis. Sidd gespaant op den éischten Deel vun den Epsioden -Zu spéider Stonn- a virun allem, vill Spaass beim ulauschteren.

    27 min
  • Moien Fuerte, Ola Lëtzebuerg

    Des Episod ass wei aus engem Goss, villäicht leit et drun datt de Bob an Vakanz geflunn ass, genauer gesot op Fuerteventura. Aus éischter  Hand bericht en eis wei seng Fliger Erfarung war. De Mathis zielt vun sengen Fliger Geschichten an huet eng nei nëtzlech Good News fir iech. D´Rollen si vertosch gi well de Mathis fänkt des kéier un an den Bob huet en léiwen Sproch fir iech, also lauschtert eran an ameséiert iech gutt. Vill Spaass.

    51 min
  • Helau um Fuesfreiden

    De Bob flitt an Vakanz, an fir an déi richteg Business Class Stëmmung ze kommen gëtt op typesch Lëtzebuerger Manéier mat enger Kippchen ugestouss. De Mathis huet rëm eng nei Good News of the Week, an den Bob huet een Musek an een Serien Tipp fir iech an et natierlech sou munch aner Saachen. Vill Spaass beim Ulauschteren är Fuesgecke Bob a Mathis.

    46 min
  • De Rhythmus ass dran

    De Méindes Rhythmus ass endlech dran, juhu se hunn et gepackt!

    De Pascal setzt am Publikum an däerf nëmmen laachen an drénken, d´Rubrik -U wat denks de bei- an dem Mathis seng Good News of the Week ass mat da bei, de Bob zielt vum Superbowl an dobäi mécht de Mathis en richteg geckeg well deen d´ganz Nuecht geschlof huet, ah jo an ee Gewënnspill hu mer des kéier  fir iech, also gutt oppassen an Vill Spaass beim lauschteren

    45 min
  • Et ass Liichtmëssdag

    D´Kanner schellen un der Dier, et ass Liichtmëssdag. 

    De Bob an de Mathis hunn nei Rubriken an hire Podcast erabruecht, de Bob weist, wéi gutt e sange kann an ënnert anerem sinn d'Themen "Kläpperei" an "Tinder" ënnert d´Lupp geholl ginn.

    Vill Spaass!

    59 min
  • Ola Ola vun hannen no vir

    De Bob an de Mathis brauchen een Jingle, ASMR, zwou nei Rubriken, ganz vill Ola Ola, zwee nei Microen an déi längsten Episod déi mir bis elo opgeholl hunn, dat erwaard iech. Vill Spaass!

    1 hr 11 min
  • Déi Auserwielten

    De Bob an de Mathis sinn  auserwielt ginn, anscheinend hunn déi do uewe gemierkt, wei wichteg mir si fir eist Land. Ahjo, an d´Thema - Nimm vun Jonk an Al an d´Profilfotoe vu Leit sinn nees ënnert Lupp geholl ginn a villes méi. Eng knackeg lëschteg Episod.

    42 min
  • Ham an Noss

    Ham an Noss, oder wei een och ka soen: Hamburg an Nouspelt.

    Also wann een dës éischt Episod op Distanz kéint beschreiwen, dann als een décke Steen am Schung.  Zwee Mol hu mer et probéiert an elo ass et endlech gaang. Mat vill Méi a Gedold aka Invitéeën hu mer et gepackt.  

    De Bob an de Mathis soen iech Merci fir Är Ënnerstetzung, egal wat dëst Joer nach bréngt, mir loossen iech net am Stach: Weekly Gebraddels a Gesabbels vum Fäinste fir d'Laun ze hiewen.

    51 min
  • Better together Kur an de Kinnek Gambrinus

    D'Chrëschtdeeg sinn ëm, de Mathis huet nach ellen Nowéien a bleift dowéinst an dëser Episod beim Waasser a beim Ingwer Shot. Dem Bob geet et awer rëm gutt an hien traut sech schonn un den hellege Gambrinus. Zesumme schnësse sie iwwer Hipsches an Habsches vun den alljärleche Saachen, déi een an dëser Zäit mécht: Kachen, Prosten an de Kevin alleng doheem kucken. Vill Spaass beim Lauschteren.

    52 min

About Gebraddels a Gesabbels

From the publisher's feed

Zwee jonk Männer an der Bléi vum Liewen , schnëssen iwwert déi alldeeglech an einfach Saachen aus dem Lëtzebuerger Alldag.