Gebraddels a Gesabbels

Gebraddels a Gesabbels

By Bob a MathisComedyImprov
Download on the App Store

Gebraddels a Gesabbels episodes

  • Een Dëppe voll Glühwäin

    Live aus dem Schapp hat de Bob déi wonnerbar Iddi fir a Chrëschtdags Stëmmung ze kommen.

    A wéi geet dat am beschten? Natierlech mat engem Dëppe voll Glühwäin. Vill Spaass bei dëser lëschteger Episod, wou dem Bob säin Ziedel zimmlech kleng war an de Mathis dowéinst wéi gewinnt a richteger Braddel a Sabbel Laun war.

    48 min
  • Äert drëtt Standbeen mam Pascal vu Wooltz

    D’Caféen an d’Restaurante sinn zou an et däerfen der nëmmen 2 aus engem Stot op Besuch kommen. Dat geet duer fir eng Podcast-Episod fir Iech opzehuelen. Fir den éischte Weekend da méi einfach ze maachen, kritt Dir dës Episod aplaz vum Méinden, wéi mir dat geplangt haten, schonn haut. Vill Spaass beim Lauschteren a maacht Iech et kamoud.

    1 hr 2 min
  • Ze vill vun allem

    Et ass Sonnden Owend zu Lëtzebuerg an et gëtt sech z'Iesse bestallt. 

    De Bob an de Mathis sinn do net anecht, just datt se rausfonnt hunn, datt een dat besser nom "Podcast ophuelen" mécht.

    Zwee déck Bäich, een Invité aus der Provence an een aus Éisträich, vill ze vill Froen, vill ze vill schnell. Mä dat kënnt vir, wann ee sech eng Woch net héiert a gesäit, plus déi traureg Erkenntnis datt muer Méinden ass.

    Vill Spass beim Lauschtere vun eiser 3ter Episod Gebraddels a Gesabbels.

    48 min
  • Et gëtt sech net geschummt

    3 Mikroen, den éischten Invité aus Irland, wëllen Ourdall an déi neiste Geschichten aus dem Alldag. De Bob an de Mathis huelen um Méinden ären neie liblings Podcast op, des Kéier hoffentlech mat besserem Sound. Merci a kommt gutt aus der Woch!

    43 min
  • Vill an ëmmer op déi selwecht Plaz

    De Bob an de Mathis hunn sech decidéiert, wou lo souwisou bal jiddereen et mécht, hir Conversatiounen vum Staminee an den Internet ze verschiben an zwar a Form vun engem Podcast.

    Zwee Kolleegen déi sech treffen an sech froen wisou ass dat esou, vill laachen, sou munch komesch Entdeckunge maachen an deen éischte Podcast an hirem Liewe ophuelen.

    Vill Spaass beim lauschteren.

    38 min

About Gebraddels a Gesabbels

From the publisher's feed

Zwee jonk Männer an der Bléi vum Liewen , schnëssen iwwert déi alldeeglech an einfach Saachen aus dem Lëtzebuerger Alldag.