intensiv primitiv

intensiv primitiv

By Max Heil, Dani Cavalieri, EldoradioComedySociety & CultureImprov
Download on the App Store

intensiv primitiv episodes

  • 11 - Episoden-Ausfall
    Max Heil, Dani Cavalieri, Eldoradio
    Vue, dass de Max an den Dani lescht Woch e puer organisatoresch Schwieregkeeten haten an d’Episod 11 mat enger Woch Verspéidung eraus kënnt, haten se genuch Zäit sech ze preparéieren.
    Nodeems da kloer gëtt wisou den Ausfall passéiert ass, gräifen déi zwee verschidde Videoen a Sujeten op aus deene leschte Wochen. Dorënner ee klengt Meedchen dat virun der Queen vun engem Zaldot eng op d’Stier krut. Och mat dobäi sinn Umaachspréch vu jonker fir jonker an net ze vergiessen ass an dëser Episod den Joe Exotic alias ‘’ Tiger King’’.
    30 min
  • 10 - De Fränz an de Popst Dani
    Max Heil, Dani Cavalieri, Eldoradio
    Den Dani an de Max diskutéieren iwwert eise Premier de beduckst huet, an déi Mënschen mat der meeschter Muecht op der Welt dorënner ass zb och de Poopst Fränz!
    Wat den Dani eis erëm dozou ze zielen huet, dat gëtt ënnert anerem an dëser Episod diskutéiert.
    32 min
  • 9 - Den Zwee-Fanger-Aarsch-Gusti
    Max Heil, Dani Cavalieri, Eldoradio
    Den Dani huet säi Spuerschwäin eidel gemaach fir am Kader vum Podcast op London ze fléie fir sech do ee Bild vun der Corona-Situatioun ze maachen. Also dat ass mol dat wat hien eis gezielt huet. Schlussendlech souz hien am Stadion fir ee Match vun der NFL ze kucken an zwar Miami Dolphins VS Jacksonville Jaguars. Vue datt de Max näischt dovunner wosst huet den Dani him d’Zong laang gemaach an an der Episod 9 d’Geleeënheet genotzt fir alles ze beichten an dovunner ze zielen, dass hie verschidde Spiller esouguer kennegeléiert huet. Dorënner iwwregens och den Zwee-Fanger-Aarsch-Gusti.
    35 min
  • 8 - Listen Bambino
    Max Heil, Dani Cavalieri, Eldoradio
    An der ganz neier Episod vun Intensiv Primitiv ginn de Max an den Dani ënnert d’Museker. Dat heescht elo net, dass se just een Interview mat engem bekannte maachen, mee se huele sech zwee bekannte lëtzebuerger Museker u Bord an huele mat hinnen zesummen ee Lidd op. Laang Ried kuerze Sënn: De Max an den Dani hunn ee Lidd eraus bruecht. Dat zesumme mam Kiko vun der Band Zero Point 5 a mam Janu Decker alias UMI ( DJ a Produzent ). Eraus komm ass den Track ‘’Listen Bambino’’ a gläichzäiteg kënnegen déi zwee vun Intensiv Primitiv un, dass hire Podcast an Zukunft net just ee mol de Mount eraus kënnt mee zwee mol. Listen Bambino – UMI, Kiko Feat. Primo Tivio. Vill Spaass beim Lauschteren.
    31 min
  • 7-Toskana, Gladiator & Elon Musk
    Max Heil, Dani Cavalieri, Eldoradio
    Nodeems nees ee Mount vergaangen ass sinn déi zwee Chaoten nees ready fir nei Storyen ze zielen. De Max war an der Toskana op der Plaz wou een Deel vum Film Gladiator gedréint gouf an den Dani huet Norwegen onsécher gemaach. Niewent dem Jetset-Liewe vun deenen zwee, spillt awer och nach den Elon Musk eng grouss Roll.
    31 min
  • 6 - Cheer Beer
    Max Heil, Dani Cavalieri, Eldoradio
    De Max an den Dani wollte mat der 6. Episod de Bausteen fir eppes ganz Neies leeën. No laangem iwwerleeën si si op d'Iddi komm en eegene Béier ze maachen. Wat zimmlech interessant ass, well den Dani absolut keen Alkohol drénkt. Wat hunn déi zwee do gewurschtelt? Op wat wëlle se eraus a wéi wäit si se mat hirem Plang? Dat alles gëtt et an der Episod 6 - Cheer Beer.
    32 min
  • 5 - Sneaky Reveal
    Max Heil, Dani Cavalieri, Eldoradio
    Nodeems de Max an den Dani sech an de Podcast vun der Erklär&Laach geschlach hunn an dat ouni, dass d’Hosts vum Podcast et selwer wossten, ass et elo un der Zäit alles opzeléisen. Wéi hunn déi zwee dat fäerdeg bruecht? Sinn se an den illegale Beräich gerutscht a wat ass dobäi eraus komm? Froen op déi et Äntwerten an dëser Episod ginn. An natierlech gëtt och opgekläert ob den RTL hire Lieserbréif verëffentlecht huet.
    27 min
  • 4 - Dierf et e bësse manner sinn?
    Max Heil, Dani Cavalieri, Eldoradio
    Nodeems nees ee Mount vergaangen ass, dem Max den Handy an d'Toilette gefall ass an den Dani de Stagiaire op d'Kaffi-Siche-Goe konditionéiert huet, hunn déi zwee eppes erlieft wat se zum ëmdenke bruecht huet. Wéineger ass méi a méi ass an deem Fall een einfacht Kéis-Bréitchen. Ee Bréitchen dat déi zwee esou wäit bruecht huet, dass se ee Lieserbréif verfaasst hunn, deen elo och um offizielle Wee un den RTL geschéckt gëtt. Vill TamTam denkt der elo bestëmmt? Ma richteg geduecht! Oder villäicht awer net?
    25 min
  • 3 - Rollingstone: Partie Scopa mam Bopa!
    Max Heil, Dani Cavalieri, Eldoradio
    Ee Mount ass vergaangen nodeems de Max an den Dani op der Sich nom Stösi waren. An der Zäit huet sech bei deenen zwee e bëssen eppes (wéi) gedoen.
    Niewent engem klengen Update wat alles passéiert ass huelen déi zwee iech mat an Italien op eng Partie ''Scopa''. Ee Spill bei deem virun allem déi italienesch Nonoen an Nonas sech gären an d'Hoer kréien a sech Schëmmel a Bless vernennen. Wat een iwweregens och op engem Video gesäit, deen de Max an den Dani an dëser Episod analyséieren.
    D'Rees geet da vun Italien aus an d'USA op Wisconsin an de Rollingstone, een Duerf an deem viru méi wéi 100 Joer vill Lëtzebuerger ausgewandert sinn an haut nach ëmmer Lëtzebuergesch geschwat gëtt.
    30 min
  • 2 - "The Untold Truth"
    Max Heil, Dani Cavalieri, Eldoradio
    Mat vill Iwwerzeegung, Motivatioun a Courage hu mer eis getraut engem Mythos hei zu Lëtzebuerg op de Grond ze goen. De Stauséi ass virun allem am Summer déi perfekt Plaz fir sech hei am Land e bësse Vakanzefeeling ze gënnen. Dat ass awer nach laang net alles. Ënner Waasser si Ruinen vun Haiser a Brécken. En Duerf ënner Waasser, dat fir d’Lescht 1991 ze gesi war, wéi de Stauséi dréche geluecht ginn ass. D’Fro ass elo, wisou gëtt de Séi scho säit esou laangem net méi auslafe gelooss? Den Dani huet do ee Verdacht, deem mer op der Grond ginn an d'Episod 2 aus engem Schlauchboot um Stauséi ophuelen.
    27 min

About intensiv primitiv

From the publisher's feed

Hautdesdaags probéiert iergendwéi quasi jiddereen, sech no baussen esou perfekt a feelerfräi ewéi méiglech ze weisen. D’Gesellschaft erlaabt dacks keng Feeler, obwuel d’Perfektioun net vun dëser Welt ass. Eng Approche déi vill Leit dozou bréngt sech bewosst oder onbewosst ze verstellen an deemno och onglécklech ze sinn, well bannendran si mer dach alleguer primitiv. Déi eng méi, déi aner manner.