Keck!

Keck!

By Catherine Nothum, Sarah Raparoli, Lynn WarkenComedySociety & CultureNewsEntertainment News
Download on the App Store

Keck! episodes

  • 10 - "Hei si mer erëm"
    Spoiler Alert: D'Episod fänkt net nees mat Gesang un – mee mat engem seriöen Thema.
    Dir braucht/sollt, d'Lautstäerkt also net erofzedréinen. Mir hunn eis richteg op dës Episod gefreet. Net well et mat der 10. Episod e klenge Jubiläum ass - dat hu mer eréischt beim Ophuele gecheckt. Nee, mir huelen nämlech net méi am Home Office op. Yey! D'Sarah gedenkt senge SIMS, d'Lynn schwëmmt géint de Stroum a verleeft sech a fir et ronn ze maache räisst dem Catherine seng Box. Ma dann happy Keck héich 10.
    44 min
  • 9 - E Konschtwierk un Absurditéiten
    Déi lescht Episod a Quarantän bitt eng Ode un d’Radio Skills. Firwat d’Mask fir d’Sarah wéi e Soutien ass, d’Lynn am léifsten Hymne lauschtert fir Sport ze maachen an d’Catherine sech fir d‘Ofschlossexame schick gemaach huet, dat kläre mer an dëser REPSody.
    40 min
  • 8 - An de Bandana geschnäizt
    Afantasie an Dramdeitung - dës Episod ass vu Spiritualitéit net ze iwwerbidden. Soss Highlights: d'Sarah weess elo, datt e Bandana eng eekleg Ugeleeënheet ka ginn, d'Cat huet erkannt, datt eng Mikrowell engem d'Liewen net ëmmer vereinfacht an d'Lynn schneit anere Kanner hire Rateschwanz of... Dës Episod huet also alles, fir iech 40 Minutte laang ze ënnerha len. D'Quarantän-WG geet an déi nächste Ronn!
    41 min
  • 7 - Aggressiv, gestresst a perséinlech
    Skandal: D'Lynn huet d'Catherine an d'Sarah hannergaangen a muss sech erklären. D'Catherine hätt et bal net an dës Episod gepackt an d'Sarah gëtt äiskal ausgelaacht. Bonus: Mir sinn ënner d'Quizzer gaangen a gi mol méi, mol manner perséinlech. Grënn genuch, iech d'Episod eranzezéien. #TheMadnessContinues
    41 min
  • 7 - Aggressiv, gestresst a perséinlech
    Skandal: D'Lynn huet d'Catherine an d'Sarah hannergaangen a muss sech erklären. D'Catherine hätt et bal net an dës Episod gepackt an d'Sarah gëtt äiskal ausgelaacht. Bonus: Mir sinn ënner d'Quizzer gaangen a gi mol méi, mol manner perséinlech. Grënn genuch, iech d'Episod eranzezéien. #TheMadnessContinues
    41 min
  • 6 - D'Jacquira ënnert den Episoden
    Den Titel vun dëser Episod ass kee schlecht Wuertspill - en huet mat engem Geständnes ze dinn, dat mir iech net virenthalen duerften - mir deele jo alles mat iech. Verréckelt de Video Call an är 5 virtuell Aperoen, gënnt iech e Stéck Banannebrout a maacht et iech gemittlech: Elo kritt dir eis nees op d'Oueren, d'Quarantän-WG geet an déi 2. Ronn!
    37 min
  • #Special - De Feierstorch: Kapitel VI - Dréi dech ëm, Jeannine
    De Feierstorch - en Héierbuch, dat vun de Jonge vun "Hei Elei Lauschter Lo" an d’Liewe geruff ginn ass. All Kapitel entspréngt der wëller Imaginatioun vun engem anere Podcast. Bis ewell duerfte sech "Paus.", "Happy Hippo", "Tun a Max - De Podcast" an "Erklär&Laach" d’Aventurë ronderëm de Feierstorch aus de Fanger suckelen. "Keck!" gouf mam Kapitel 6 chargéiert an dierf d’Story ëm de prächtege Vull weider spanen. Dat hei ass näischt fir schwaach Nerven - et kënnt näischt esou, ewéi ee sech et erwaart huet. #PlotTwist - Nominéiere wäerte mer iwwregens en Newcomer-Podcast, soen déi, déi eréischt 5 Episoden eraus bruecht hunn, mir nominéieren d’Krunnemécken.
    10 min
  • 5 - Mam Video Call op d'Toilette #QuarantänEdition
    Wéini dierfe mir nees eraus? Wéi wäert eis d'Liewen no der Kris ausgesinn? A wäerte mir eis an d'Zukunft nach d'Hand ginn? Op all dës Froe ginn et an dëser Episod keng Äntwerten. Wat mir iech awer verséchere kënnen: Och an der Isolatioun kritt dir eis weider op d'Oueren. Bleift gesond a virun allem: Bleift (keck) doheem!
    33 min
  • 4 - Traus de dech nach ze houschten?
    D'Lynn huet nach eng Lift-Story. D'Cat erfënnt Tinder nei. D'Sarah gëtt am Tram ausgegrenzt. 3 Mol gehouscht an Zack an d'Quarantän? Vu Guilty Pleasures iwwert ongewéinlech Phobien - mir deelen alles mat iech, just kee Virus.
    39 min
  • 3 - Speckgürtel, Dick Pics an deier Wunnengen
    Carpe diem - Lebe den Tag. Nee, dat ass net eist Motto. Jo, dës héich inspirational Quote ass tatsächlech an dëser Episod gefall. D'Lynn muss eng wichteg Fro beäntwert kréien, d'Sarah brauch Nohëllef am Franséischen an d'Cat sicht een Doheem.
    48 min

About Keck!

From the publisher's feed

Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an…