De 14. Februar 2008 verschwënnt d'Sigrid Paulus no engem heftege Sträit mat sengem Mann, de Gerd.
Den Dag selwer an déi kommend Deeg hofft een nach dass d'Sigrid rëm kënnt, mee fir déi nächst 5 Joer ass näischt vum Sigrid ze fannen. Bis d'Duechter d'Christina mat enger Iwwerleeung bei d'Police geet.
Am Zëmmer 348 vun enger Pension am Texas gëtt den Greg Flineke dout opfonnt. Äusserlech feelt dem Mann näischt, mee seng Innereien sinn zerfetzt. Wat ass geschitt, dass den Greg sou säin Enn fonnt huet?
Den 29. August 2007 ass d'Hannah Wiedeck um Wee fir Heem, nodeems et bei sengem Frënd war. D'Eltere waarde mam Owesiessen op hat, mee et kënnt do ni un. Puer Deeg drop fënnt een d'Läich vun engem Meedchen. Wat ass mam Hannah geschitt?
De 26. Mäerz 1998 gëtt den 13 Järegen Tristan Brübach zu Frankfurt am Liederbachtunnel vun engem Onbekannten op grausam Aart a Weis ermort. Wien dësen Onbekannten ass a firwat den Tristan stierwe misst, ass bis haut net gekläert.
Wat iwwert de Fall gewosst ass a wat do sou geschitt ass, erziele mir iech an dëser Episod.
De 7. September 1996 no engem Boxkampf zu Las Vegas, kënnt et zu engem Drive-by-shooting. Hei schéisst een Onbekannten op den BMW an deem den Tupac dran souz. Dëse gett déidlech blesséiert. Wie geschoss huet, ass bis haut net gekläert.
1965 kommen d'Sylvia Likens a seng Schwëster bei d'Gertrude Baniszewski, déi di zwee Kanner bei sech ophëlt. Ufanks ass alles an der Rei, ma et dauert net laang bis fir d'Sylvia d'Hell ausbrécht an hatt méi spéit ëmbruecht gëtt. Wat alles geschitt ass, duerch wien a wéi genau, gidd dir an dëser Episod gewuer.
Wärend dem 2. Weltkrich, gouf vum Japaner Shiro Ishii d'Eenheet 731 gegrënnt. Hei goufen extrem mënscheveruechtend Experimenter gemaach a biologesch sou wéi chemesch Waffen entwéckelt.
Alles wat an der Eenheet 731 geschitt féiert dozou, dass de Shiro Ishii als japanesche Josef Mengele bezeechent gëtt. Wat d'Eenheet 731 war a wat se gemaach hunn erziele mir iech an dëser Episoden.
2008 gëtt d'Welt an Schock versat nodeems am éisträicheschen Amstetten ee vun den grausamste Verbriechen aus den leschten 20 Joer opflitt. De Josef Fritzl huet wärend 24 Joer seng eegen Duechter am Keller gefaange gehalen a mëssbraucht. Wéi dat Ganzt geschitt ass, a wéi et opgeflunn ass, erziele mir iech an dëser Episod.
Ufank 2016 deckt de Chris Monteiro eng Hitman-for-hire Websäit am Darkweb op an erstellt eng Lëscht mat den Zilpersounen. Ganz uewen op der Lëscht steet den Numm vum Amy Allwine.
Wien ass den Auftraggeber mam Numm DogDayGod? Firwat wëll desen d'Amy ermorden loossen?
Nodeems dem Mariane B. säi Meedchen am Alter vu 7 Joer grausam ermort gëtt an de Täter viru Gericht steet, hëlt d'Fra d'Justiz an déi eegen Hand.
virbestrooften Wéi et dozou koum, wien den Täter war a firwat en dat 7 Joer aalt Meedchen ëmbruecht huet, gitt dir an dëser Episod gewuer.
47 min
About Loscht op Mord
From the publisher's feed
"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch.
De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn.
An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.