Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

All Moiesstudio episodes

  • Marc Spautz, CSV-Aarbechtsminister
    Méi flexibel schaffen - ass d'Propose vum Aarbechtsminister eng "fausse bonne idée"? Donieft schwätzte mir iwwer d'Plattformaarbecht: Lëtzebuerg muss d'EU-Direktiv dréngend ëmsetzen.
    13 min
  • Presserevue vu 07:15
    Nom Mikhail Fridman kéint och déi russesch Gasprombank fir Lëtzebuerg e Problem ginn an och de Skandal ronderëm déUeno-Bank a Paraguay huet Repercussiounen op Lëtzebuerg
    5 min
  • Neien Zeenewiessel-Podcast: D'Extremschwëmmerin Paule Kremer am Portrait
    D’Paule Kremer huet sech den Defi gesat fir als éischt Lëtzebuergerin duerch 7 Mieres-Enkten ze schwammen. Dräi huet si scho gepackt: Hir ass et gelongen a 14 Stonnen vun England duerch den Äermelkanal a Frankräich ze schwammen. Och d’Strooss vu Gibraltar tëscht Spuenien a Marokko huet si gemeeschtert, grad wéi de Catalina-Kanal a Kalifornien. Mee dann, am August 2025, ass bei enger Qualifikatioun op eemol näischt méi gaangen. No 10 Minutte klëmmt si aus dem Waasser a si weess: Zréck an d’Waasser wëll si net méi.
    Am neie Zeenewiessel-Portait geet et ëm Sturheet, Identitéit an ëm d’Fro: wat kann een aus enger perséinlecher Kris léieren?
    0 min
  • Presserevue vun 08:15
    Den Ausseminister Xavier Bettel schwätzt am Interview iwwer Israel, Palestina an d'Lëtzebuerger Aussepolitik an den ASTM-Koordinator iwwert d'Weltklimakonferenz
    0 min
  • Paul Galles

    Haut ass zu Antalya an der Tierkei den Optakt vun der Klimakonferenz COP31. 10 Joer nom Paräisser Ofkommes kommen do Delegéiert aus bal 200 Länner zesumme fir iwwer d'Klimapolitik ze diskutéieren. Wat erwaard sech de President vun der Klima-Chamberkommissioun Paul Galles?

    0 min
  • Mat dobäi beim Selbstbehaaptungscours vun der Police

    Vill Leit kennen et: Elo wou et méi fréi däischter gëtt an een der Däischter heemgeet, kritt een en ongutt Gefill. Villäicht muss een och duerch e Park oder eng roueg Strooss a scho fillt ee sech onsécher. Et schéissen engem 1.000 Froen an de Kapp: Wat maache wann ech verfollegt ginn oder wann ech an eng Geforesituatioun kommen? Wéi kann ech potentiell geféierlech Situatiounen dobaussen op der Strooss évitéieren? Fir dat ze léieren bitt d’Police zesumme mat Partner wéi der Croix-Rouge oder Femmes en détresse e Cours un, deen a verschidde Modulen agedeelt ass. De Cours zilt ënner anerem op Selbsthaaptung a Selbstverdeedegung of. De Jo Welfringer war fir eis beim franséischsproochege Selbstbehaaptungscours mat dobäi an huet gekuckt wat do geléiert gi soll.

    6 min