Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Wat ännert duerch déi geplangte Steierreform? De Gilles Roth am Interview
    Firwat heescht déi nei Steierklass U? Wéi ginn d'Steierabattemente fir Kanner gerechent, wann d'Elteren net méi zesumme mee eenzel besteiert ginn? A wéi soll d'Steierverwaltung mat der méi grousser Unzuel un Dossieren eens ginn? De Finanzminister Gilles Roth erkläert seng Reformpläng ronderëm d'Aféierung vun enger eenzeger Steierklass.
    22 min
  • Noruff op de Robert Goebbels
    Schengen oder nach d'Nordstrooss, de Robert Goebbels huet seng Zäit als Minister markéiert. De Jean-Claude Juncker, de Ben Fayot an de François Bausch hu säi Wëllen a säin Engagement als LSAP-Minister ervirgehuewen.
    6 min
  • Luc Frieden: Lëtzebuerg schéckt keng Zaldoten an d'Ukrain
    Déi sougenannte Koalitioun vun de Wëllegen huet sech engagéiert der Ukrain Sécherheetsgarantien zoukommen ze loossen. Et ass net fir d’éischte Kéier, datt déi Decisioun geholl gouf - fir de Lëtzebuerger Premier huet een awer op der Reunioun vu gëschter “enorm” Fortschrëtter gemaach. Wou genee? An: Kann een den USA nach vertrauen? De Premier Luc Frieden huet gëschter an enger Online-Pressekonferenz op dës an aner Froe geäntwert.
    4 min
  • Zwei Herren am Strand
    De Jeff Schinker iwwer d'Theaterstéck mat deem Titel, dat muer oder iwwermuer am Stater Kapuzinertheater um Programm steet.
    7 min
  • Biolandwirtschaft
    Deen neie Bio-Aktiounsplang ass manner ambitéis wéi dee vu virdrun. Wat seet d'Vereenegung fir Biolandwirtschaft dozou? Froen un hir Direktesch Daniela Noesen
    8 min
  • Keng Reklamme fir Junk Food
    A Groussbritannie sinn am neie Joer Reklamme fir Junk Food, also ongesond Iessen, just nach owes op der Tëlee erlaabt, an online dierfen se guer net méi gewise ginn. Dëst soll Iwwergewiicht bei Kanner verhënneren. An dat ass op der Insel ee grousse Problem.
    5 min
  • 2026 an Däitschland - wat erwaart d'Politik a Gesellschaft?
    An Däitschland stinn am neie Joer eng Rei richtungsweisend Landtagswahlen um Programm. Am Mëttelpunkt steet virun allem d’Fro: Kritt déi rietsextreem AfD fir d’éischte Kéier d‘Geleeënheet eng Regierung unzeféieren? Iwwer d’Politik eraus ännere sech awer och an der däitscher Gesellschaft e puer Saache mam neie Joer.
    4 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag