Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Jeff Boonen: "Mercosur-Accord ass fir en Agrarbudget néideg"
    De Mercosur-Accord wier néideg, fir datt een an der EU en Agrarbudget kéint stemmen. Dat sot de President vun der Chamberagrarkommissioun Jeff Boonen am 100,7-Interview. Datt d’Bauere sech Suerge maachen, wier ze verstoen, well nieft dem Handelsaccord och den Agrarbudget zejoert op der Kipp stoung.
    8 min
  • Haart Aarbecht verdéngt och en haarde Sport
    1976 war de Silvester Stallone eng éischte Kéier als Rocky Balboa op der Leinwand ze gesinn an huet domat eng Kultfigur geschaf, déi nach Generatiounen duerno jidderee kënnt. D’Verëffentlechung war matten am gëllenen Zäitalter vum Boxsport, zu Zäite vu Legende wéi Muhammad Ali oder Joe Frazier - an den Hype hat och hei am Grand-Duché Fouss gefaasst, well och hei - fir genee ze soen am Süde vum Land, gouf et deemools eng gréisser Boxszen. Eng nei Ausstellung am Escher Theater kuckt op de Boxsport am Minett an de leschte 50 Joer zeréck.
    Den Dokumentarist a Rapper Alain Tshinza huet dës Expo curatéiert. Hien ass selwer am Minett opgewuess an ass enk mat der Zeeen verbonnen.
    14 min
  • Pensiounsreform: Ëmsetzungsproblemer bei der Pensiounskeess
    Bei der praktescher Ëmsetzung vun der Pensiounsreform kënnt d’Pensiounskeess (CNAP) de Moment net esou séier virun, wéi initial gehofft: dat huet de President Alain Reuter dem Radio 100,7 op Nofro hi schrëftlech confirméiert.
    D’Gewerkschaftsunioun OGBL-LCGB hat um Dag vum Vott an der Chamber vun der Pensiounsreform den 18. Dezember 2025 virun “enorme Problemer” bei der Ëmsetzung vum Gesetz bei der CNAP gewarnt.
    Wéi mir confirméiert kruten, hunn deen Dag d’Vertrieder:inne vun de Gewerkschaften an der Sitzung vum Verwaltungsrot vun der Pensiounskeess géint intern Ëmsetzungsschrëtt bei der CNAP gestëmmt.
    5 min
  • Wéi wäit ka sech Grönland op d’EU verloossen?
    Wéi soll d’EU op déi amerikanesch Menacë par Rapport zu Grönland reagéieren? Bis elo deet sech d’Europäesch Unioun schwéier domat, eng kloer Sprooch ze schwätzen.
    Et huet eng ganz Zäit gedauert, bis déi éischt Aussoen aus den ieweschten Etagë vun den EU-Institutiounen ëffentlech gemaach goufen. An et bleiwe vill Froen op. D’Danièle Weber iwwer dee virsiichtegen Ëmgank vun der Europäescher Unioun mat deem Sujet
    5 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag