Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
FAQs about Moiesstudio:How many episodes does Moiesstudio have?The podcast currently has 1,948 episodes available.
August 20, 2025Wat bréngen déi nächst Woche fir d'Ukrain?D’Ukrain soll op staark Sécherheetsgarantië vun der EU an den USA kënnen zielen, fir weider russesch Attacken ofzewieren. Nach ass awer onkloer, a wéi wäit Washington sech wierklech wëllt engagéieren an och, wéi eng Roll d’EU zukünfteg fir d’Sécherheet an Europa soll spillen. Aschätzungen dozou vum Fabian Vetter, hien ass Chef vum operative Geschäft vun der Berodungsfirma Agora Strategy. Hiert weltwäit Netzwierk vun Experten an Analyste beréit Betriber a Regierungen a geopolitesche Froen....more10minPlay
August 20, 2025Op de Spuere vun den DinosaurierViru Kuerzem goufen am Dinosaurierpark Teufelsschlucht dräi Zänn vum bis ewell eelste Flugsaurier aus Däitschland fonnt. Den Alter vun den Zänn gëtt op 210 Millioune Joer geschat. Si goufen am Kader vun engem Citizen-Science-Projet entdeckt. Dëse Projet erméiglecht et Visiteure vum Park selwer no Fossilien ze sichen....more5minPlay
August 19, 2025Zu Käerjéng soll geschwë grénge Waasserstoff produzéiert ginnGréngen Hydrogen lokal produzéieren - dat ass d'Zil vum Projet LuxHyVal, deen zu Käerjeng geplangt ass. Busser an ee lokalen Industriebetrib kéinten dee Waasserstoff konsuméieren....more5minPlay
August 19, 2025Biker engagéiere sech géint MobbingD'Mélanie Weber vum Bikergrupp White Tigers for Kids erkläert, wéi d'Initiativ funktionéiert. (Rediffusioun vum 8. Mee 2025)...more12minPlay
August 19, 2025No den Entrevuen am Wäissen Haus: Ass een dem Fridden méi no komm?Stonnelaang Gespréicher gëschter am Wäissen Haus. Den Donald Trump huet zu Washington mam ukrainesche President Selenskyj a mat enger ganzer Rei aneren europäesche Leadere geschwat. Wat ass do zeréckzebehalen? Koum een dem eigentlechen Zil, nämlech engem Enn vum Krich an der Ukrain méi no? Doriwwer schwätzen mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber....more8minPlay
August 19, 2025Onerwaarte Problem: A Groussbritannien ass d'Waasser knappEis Korrespondentin Marie Billon erkläert, firwat och d'Land vum éiwege Reen am Moment eng Dréchent erlieft....more5minPlay
August 19, 2025D'Initiativ WeConnect bréngt Studente bei Privatleit ënnerMir hunn nogefrot, wéi gutt dat bis elo funktionéiert....more7minPlay
August 18, 2025Virun 31 Joer: Eng opgehaange Kaz am Staatsmusée suergt fir OpreegungMir werfen de Bléck zeréck mat eisem Archivist Gilles Schreurs op d'Konschtausstellung "Rendez-vous provoqué", déi am Kader vum 30-järege Bestoe vum Accord vun den diplomatesche Bezéiungen tëschent Holland a Lëtzebuerg am Nationalmusée organiséiert gouf....more6minPlay
August 18, 2025Wéi vill archeologesch Schätz ginn et zu Lëtzebuerg?Mir froen deen neien Direkter vum nationalen Archeologie-Institut, den David Weis. (Rediffusioun vum 12.3.2025)...more10minPlay
August 18, 2025D'Klackespill vun der Iechternacher Basilika kann och Popmusek spillenDe Fabrice Renard, dee sech 26 Joer laang ëm d'Klackespill gekëmmert huet, huet eis kuerz viru senger Pensioun mat an den Tuerm vun der Basilika geholl....more5minPlay
FAQs about Moiesstudio:How many episodes does Moiesstudio have?The podcast currently has 1,948 episodes available.