Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Firwat sech Israel militäresch aus dem Iran zeréckhält

    Zanter enger Woch droen d’USA oppe mat enger Attack op den Iran. Den Iran dréit mat Vengeance: géint US-Stëtzpunkten am Noen Oste mee och géint Israel. Ausgerechent d’israeelesch Regierung hält sech awer bis elo zeréck. Firwat? E Beitrag vun Tel Aviv vum Léonardo Kahn.

    5 min
  • Gelieften Erfarung wäertschätzen
    Zu Steesel huet d’lescht Joer eng nei Schoul opgemaach, besser gesot eng Akademie, an där Leit mat engem Handicap oder enger chronescher Krankheet zum Expert vun hirer Situatioun solle ginn. Patient Expert Academy nennt sech de Projet, dee vun der fréierer Presidentin vum Centre pour l’égalité de Traitement, Susanna van Tonder, gegrënnt gouf.
    7 min
  • Walen a Portugal
    De Sonndeg si Walen a Portugal. Mir kucken zesumme mat der Chefredactrice vum Contacto, Manuela Pereira, op dës Walen.
    10 min
  • Defence Bond
    De Staat hofft 155 Milliounen Euro vun de Leit geléint ze kréien, déi an d'Verteidegung solle gestach ginn. Explikatioune vum Maurice Molitor
    6 min
  • Ka Wikipedia sech trotz KI weider duerchsetzen?
    Dës Woch feiert d’Plattform Wikipedia hire 25. Gebuertsdag. Eigentlech jo e Grond fir ze feieren. MEE d’gratis Online-Enzyklopedie stécht an enger Kris. A Schold drun ass déi Kënschtlech Intelligenz. D’Leit froen ëmmer méi dacks Chatbots amplaz Wikipedia oder eng Sichmaschinn no Informatiounen.
    Wéi geet et fir d’Plattform weider, dat froe mir de Jean-Louis Gindt vun der ASBL Wikimedia Lëtzebuerg.
    11 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag