Virun allem déi typesch schwaarz Beschichtung huet dem historesche Bauwierk staark zougesat. Explikatioune vum Karl-Uwe Mahler vum Rheinisches Landesmuseum Trier.
Virun allem déi typesch schwaarz Beschichtung huet dem historesche Bauwierk staark zougesat. Explikatioune vum Karl-Uwe Mahler vum Rheinisches Landesmuseum Trier.
Wat ass vun den Handelsrelatioune mat den USA nach z’erwaarden? A wéi soll d’EU op dem Trump seng Menacen am Grönland-Konflikt reagéieren? Doriwwer schwätze mir elo mam Carlo Thelen, dem Direkter vun der Chambre de Commerce.
De Mercosur-Accord muss vum Europäesche Geriichtshaff iwwerpréift ginn. Dat huet d'Europa-Parlament gëschter entscheet. Explikatioune vum Jurist an EP Deputéierte Rene Repasi.
Zu hire Liefzäite kann si op eng impressionant Karriär zeréckblécken. Mir hu laangjäreg politesch Begleeder gefrot, wéi si op déi traureg Noriicht reagéiert hunn.
Eng Diskussioun ronderëm déi aktuell Relatiounen tëschent der Schwäiz an der Europäescher Unioun. D’Froen, Erausfuerderungen a Perspektive ginn an engem oppene Kader beschwat.
D’WSA, d'Warehouses Service Agency, këmmert sech zanter iwwer 45 Joer ëm Material vum US-Militär - net nëmmen, awer haaptsächlech. An et gi Pläng fir weider auszebauen. D'Paule Rodesch war sech fir eis de Site zu Suessem ukucken.
Mat hirem Konzept "Moving Languages" wëllen den INL an den Educatiounsministère Leit op eng nei Aart a Weis Lëtzebuergesch a Franséisch bäibréngen. An dat Ganzt a nëmmen aacht Wochen. Mee wéi soll dat goen?
Am Handball gëtt no enger CLAS-Decisioun just déi lescht Zeen vum Championnatsmatch Esch géint HB Diddeléng nogespillt. D'Reaktioun vun den zwee Presidenten Christian Bock (HB Esch) a Christian Schott (HB Diddeléng)