Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Hybrid-Autoen: Eng Zort „Greenwashing“
    Bis e Méindeg dauert nach den Autosfestival – eng Zäit, an där besonnesch vill nei Autoen zu Lëtzebuerg verkaf ginn. Och hei am Land sinn an de leschte Jore méi elektresch Autoe verkaf ginn. Am populäerste sinn awer den Ament Hybrid-Autoen. An dat obwuel d‘Hybriden net méi subventionéiert ginn, a net immens ëmweltfrëndlech sinn.
    5 min
  • Affekot vun Dr. Wilmes: Et gouf net u gesonde Knéien operéiert
    Mir hunn et bis elo d’Affär Wilmes genannt, den Affekot vum Dokter Philippe Wilmes nennt et d’Affär Deprez: Zanter enger décker Woch stinn d'Virwërf, déi géint den Orthoped aus den Hôpitaux Robert Schuman erhuewe ginn am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit. Wat seet d’Defense zu de Virwërf? En Interview mam Affekot François Prum.
    10 min
  • Am LMRL diskutéieren d'Septièmen hiren Alldag mat
    Am Lycée Michel Rodange an der Stad sollen d’Septièmesschüler vun elo u matbestëmme kënnen. D’lescht Woch huet déi éischt Reunioun vum neien Delegéierterot stattfonnt. D’Klassendelegéiert hu Problemer a Léisunge fir hiren Alldag um Schoulcampus diskutéiert. D’Sophie Schroeder war sech ee Bild vun dësem neie Konzept maachen an huet mat den Delegéierten an dem Léierpersonal geschwat.
    6 min
  • Haut un den Holocaust erënneren
    Wéi schwätzt ee mat Jonken iwwer den Holocaust an Zäite wou et kaum nach Zeie ginn? Dat froe mir den Direkter vum ZPB, Marc Schoentgen, um Holocaust Remembrance Day.
    13 min
  • Solidaritéits-Piquet mat de Mënschen zu Minneapolis
    Eng gutt 30 Leit haten sech virun der US-Ambassade um Lampertsbierg an der Staat zesumme fonnt, fir hir Solidaritéit mat de Mënschen am US-Bundesstaat Minnesota auszedrécken. Zwou Persoune waren hei rezent vun der amerikanescher Immigratiounspolice ICE erschoss ginn. D‘Situatioun am den USA spëtzt sech weider zou.
    4 min
  • ArcelorMittal zu Déifferdeng: 85 Prozent manner Stëbs versprach
    De Stolproduzent ArcelorMittal versprécht, datt duerch eng nei grouss Anlag um Site zu Déifferdeng 85 Prozent vum Stëbs aus der Produktioun soll zréckbehale ginn.
    Dëse Projet géif net realiséiert ginn, fir méi ze produzéieren, mee just fir d’Ëmwelt an d’Noperschaft z’entlaaschten, hat et schonn am Joresrapport 2024 vun ArcelorMittal Lëtzebuerg geheescht.
    Den neie “Système de dépoussiérage” am Wierk zu Déifferdeng hunn déi Responsabel vun ArcelorMittal d’lescht Woch bei hirer Receptioun fir dat neit Joer presentéiert.
    6 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag