Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Neie Militärdéngscht: Wéi Frankräich seng Jugend un d'Arméi gewinnt
    Frankräich huet een neie Militärdéngscht. Elo am Januar huet de Rekrutement ugefaang. Den neie Service national ass reng militäresch, fräiwëlleg a riicht sech virun allem u Jonker tëschent 18 an 19 Joer, déi nëmmen op franséischem Territoire an net a Kampfhandlungen agesat ginn. Wat versprécht ee sech vun der Mesure? Eise Korrespondent Max Tholl huet nogefrot.
    8 min
  • D'asiatesch Runn: Déi gréisst Gefor fir d'Beien
    Lescht Joer sinn zu Lëtzebuerg ronn 16% vun de Beievëlker verluer gaangen - bal duebel sou vill wéi an de Jore virdrun. Dat geet aus enger Äntwert vun den CSV Ministeren Wilmes an Hansen op eng parlamentaresch Fro ervir. Wéivill vun de Verloschter wierklech op d’asiatesch Runn zréckzeféieren ass, ass onkloer. Kloer ass dogéint: d’Imker rechnen an Zukunft mat méi Problemer wéinst der invasiver Aart.
    6 min
  • De Pollo Bodem mécht 50 Joer Gemengepolitik
    De Buergermeeschter vun Useldeng ass am Oktober 1975 an de Gemengerot gewielt ginn an zanter 26 Joer ass hien un der Spëtzt vun der Gemeng. Mir froen hien no sengem Rezept fir sou laang duerchzehalen - a Succès ze hunn.
    13 min
  • Minoritéitsregierung an Holland
    3 Parteie si sech an Holland op eng Mëtt-Lénks Koalitioun eens ginn, mat dem viraussiichtlech jéngste Premier un der Spëtzt. Eng Aschätzung vun der Journalistin Ulrike Nagel.
    9 min
  • Tourismus a Kultur fir jiddereen
    Ee Klasseur a liichter Sprooch soll touristesch a kulturell Attraktiounen hei am Land fir jiddereen accessibel maachen. D'Nicole Fisch vun der 'ASBL "Op der Schock" erkläert.
    7 min
  • Méi staark NATO Presenz an der Arktis
    Grönland dominéiert zanter Wochen d’Aktualitéit, wéinst dem amerikanesche President Donald Trump senge Pläng Kontroll iwwer den Territoire ze kréien. Och wann den Donald Trump lescht Woch seng Droungen deelweis revidéiert huet, bléift een an Europa besuergt. Gëschter koumen déi dänesch Premierministesch, de grönlännesche Premier an de franséische President zu Paräis zesummen an hunn sech fir eng méi staark NATO Präsenz an der Arktis ausgeschwat. Vu Paräis, de Max Tholl.
    4 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag