Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • KI vs mënschlecht Gehier: Wou kann de Mënsch géint d'Technologie punkten?
    KI wäert de Mënsch a verschiddene Beräicher ersetzen, an dach wier d’mënschlecht Gehier a verschiddene Beräicher einfach besser. Déi Meenung huet den Neurowëssenschaftler Dr. Henning Beck op enger Konferenz virun engem strubbelvolle Sall am European Convention Center um Kierchbierg vertrueden. Mee wou ass de Mënsch besser a wou d'KI? A firwat ass et net onbedéngt schlecht wann d'KI de Mënsch a gewësse Beräicher ersetzt? Den Neurowëssenschaftler Dr. Henning Beck gëtt Äntwerten dodrop.
    5 min
  • De Bilan vum Autosfestival 2026
    Bleiwen d'Hybridautoe beim Verkaf am beléiftsten? Mir froen de Philippe Mersch vum Garagisteverband FEDAMO wat bei d'Clientë bei dësem Autosfestival besonnesch intresséiert huet.
    7 min
  • Vun 380 Kilo op 1 Kilo Offall d'Joer
    Wësst dir wéivill Offall dir esou am Alldag produzéiert? Eurostat no waren dat hei am Land 712 Kilo pro Persoun am Joer 2023, ganzer 200 Kilo méi wéi den EU-Duerchschnëtt. Dat kléngt no vill – an ass awer just d’Spëtzt vum Äisbierg. Well, elleng nëmme fir eng Zännbiischt vun 30g ze produzéieren, déi no e puer Wochen nees an der Poubelle lant, fale wärend der Produktioun bal 1,5 Kilo u verstopptem Offall un. Wat ass d’Léisung? Einfach keen Offall produzéieren. De Jérémie Pichon a seng Famill hunn et virgemaach a versichen zanter 10 Joer och anerer vun hirem Wee ze iwwerzeegen.
    12 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag