Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Wéi ginn d'Crèchë kontrolléiert?
    Nom Fall zu Péiteng froe mir de Marco Deepen, Responsabel fir déi non-formal Bildung am Ministère, wéi Mëssstänn a Crèchë festgestallt ginn a wéi et fir déi Betraffe weidergeet.
    7 min
  • Spuerkeess: 6.000 US-Dollar fir eng Onz Gold “absolut net onméiglech”
    De Präis vum Gold hat d’lescht Woch ee Rekord vu bal 5.600 US-Dollar pro Onz (ronn 31 Gramm) erreecht. An den Deeg duerno goufen et gréisser Verloschter bei dësem Edelmetall.
    Wat muss een an dësen Zäiten als Privatpersoun wësse wann een a Gold wëllt investéieren, a wat iwwer d’Entwécklunge beim Goldpräis? Doriwwer huet de Serge Kesseler mam Investment- a Portfolio-Manager Bryan Ferrari aus dem Beräich Private Banking bei der Spuerkeess geschwat.
    7 min
  • Olympesche Wanterspiller 2026 an Norditalien
    Haut den Owend um 8 Auer ass d’Ouvertureszeremonie vun den Olympesche Wanterspiller 2026 an Norditalien. Fir d’éischt Kéier iwwerhaapt ass déi Zeremonie op véier Plaze gläichzäiteg. Den Haaptdeel wäert sech zu Mailand am Stadion San Siro ofspillen. Parallel sinn dräi Zeremonien an de Bierger geplangt dorënner an der pittoresker Dolomitte-Stad Cortina d’Ampezzo. Firwat dat sou ass a wat d’Athleete grad wéi d’Spectateuren den Owend erwaart huet de Pit Beffort zesumme gedroen.
    9 min
  • Den Internet vergësst näischt...
    Et gëtt ëmmer méi schwéier fir erauszefannen op e Contenu um Internet echt ass, oder duerch KI generéiert gouf. D’Gesiicht op der Superheldefigur fënnt ee vläicht nach witzeg. Mee a groussem Stil agesat, kënnen Deepfakes déi ëffentlech Meenung manipuléieren, Politik a Wirtschaft beaflossen, oder fir Bedruch genotzt ginn. An ëmmer méi dacks gëtt et Fäll an deenen d’Kënschtlech Intelligenz genotzt gëtt, fir Mëssbrauchsduerstellunge mat Kanner hierzestellen. Wéi d’Luxembourg Times de leschte Freideg gemellt huet, géif de Parquet hei an der Stad aktuell an zwee esou Fäll enquêtéieren. Mat dëse sougenannten “Deep-Nudes” hätten déi sexualiséiert Inhalter vu Persounen eng nei Envergure kritt, erkläert de Jeff Kauffmann, Chargé de Projet vun der Plattform Bee Secure.
    5 min
  • Esch lancéiert Biergerversammlung
    40 Residente vun Esch sollen zesumme Proposen ausschaffen, fir d'Zesummeliewen an der zweetgréisster Stad ze stäerken. Explikatioune vum Escher CSV-Buergermeeschter Christian Weis.
    10 min
  • Neutral Toiletten: Firwat déi Panik?
    Kënnt et lo zu Unisex-Toiletten an de Schoulen oder net? Gefillt ginn et méi Meenunge wéi Fakten zu dësem Thema. No enger zimmlech onverständlecher Chamberkommissioun huet de Sujet Unisex Toilettë fir sou vill Opreegung gesuergt, datt den Educatiounsministère seng Erklärunge revidéiert huet. Sou oder sou sinn duerch d’Diskussioun ronderëm genderneutral Toiletten aner wichteg Themen an den Hannergrond geréckelt, mengt d’Sophie Schroeder a sengem Commentaire.
    4 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag