Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Wat stécht hannert de Virwërf géint d'Uni Lëtzebuerg?
    Toxescht Aarbechtsklima, Harcèlementer a Mobbing – et si schwéier Reprochen déi zanter e puer Woche géintiwwer der Uni Lëtzebuerg als Patron am Raum stinn. Publizéiert goufen dës anonym Temoignagë vun der engleschsproocheger Luxembourg Times. D’Journalistin Cordula Schnuer gëtt Präzisiounen zu der Affär.
    10 min
  • Mir gi liichten
    Wou kënnt de Brauch hir a wéi huet en sech iwwert d'Jore verännert? D'Paule Rodesch huet zu Bouneweg nogefrot.
    7 min
  • Wéi sécher ass et, an e Lëtzebuerger Apel ze bäissen?
    D‘lescht Woch hat de Mouvement écologique wéinst enger Etude vum Kollektiv PAN Europe eng Diskussioun doriwwer lassgetrëppelt. Der Etude no wier e Lëtzebuerger Apel duerchschnëttlech mat 7 Pestizide belaascht. De Landwirtschaftsministère hat nach e Freideg reagéiert a betount, datt sech un d‘Grenzwäerter zu Réckstänn vu Planzeschutzmëttel géif gehale ginn. An och den Nico Hoffmann vum Pretemer Haff, deen Äppel ubaut, betount, datt reegelméisseg kontrolléiert géif ginn.
    3 min
  • De Lucien Weiler ass dout
    E Portrait vum laangjäregen Deputéierten, CSV-Fraktiouns- a Chamberpresident an Hofmarschall, deen am Alter vu 74 Joer gestuerwen ass.
    3 min
  • 50 Joer Forum
    Den 31. Januar 1976 gouf déi 1. Editioun vun der Zäitschrëft Forum publizéiert. E Réck- an Ausbléck mam Viviane Thill, Member vu Verwaltungsrot a Redaktiounsekipp.
    11 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag