Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Wéi d‘polnesch Autoritéite géint russesch Desinformatioun virginn
    Polen huet en akute Problem am Moment, mat russescher, respektiv vu Russland gesteierter, Desinformatioun. Zënter e puer Wochen zirkuléieren do masseg Contenuen, déi vu Kënschtlecher Intelligenz generéiert goufen, an deene fir de Polexit plädéiert gëtt, also den Austrëtt vu Polen aus der Europäescher Unioun. Déi Videoe sinn esou viral ginn, dass déi polnesch Autoritéiten sech der Saach ugeholl hunn. Erklärunge vum Adrien Sarlat, eisem Korrespondent a Polen.
    6 min
  • En Ausbléck op de Luxembourg Song Contest
    Muer den Owend decidéiert sech, wie Lëtzebuerg dëst Joer um Eurovision Song Contest zu Wien vertriede wäert. D'Sophie Schroeder mat engem Ausbléck op de Luxembourg Song Contest muer an der Rockhal.
    7 min
  • EU klappt sech no Trump-Revirement op d’Schëller
    D’EU Staats- a Regierungscheffe begréissen de Verzicht vum amerikanesche President op weider Douanestaxen a féiert en op déi eegen, geschlosse Reaktioun zeréck. Wann Europa staark a gëeent ass, géif et näischt ze fäerten, sou de Premier Luc Frieden.
    7 min
  • US Ambassadrice: "Den Donald Trump ass kee Politiker, mee e Geschäftsmann"
    Et vergeet kaum en Dag wou den US President Donald Trump net mat enger Äusserung oder Menace fir Onverständnis a Roserei bei sengen europäesche Partner suergt. D’US-Ambassadrice hei zu Lëtzebuerg, d`Stacey Feinberg, fënnt awer, d’Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg an den USA wier net a Gefor, och wann et heiansdo schlecht Momenter géif ginn. Hire President Donald Trump wier eigentlech och kee Politiker, mee e Geschäftsmann, seet d’US Ambassadrice zu Lëtzebuerg am 100,7 Interview.
    6 min
  • Gilles Roth: “Ech kann een zweeten Defence Bond net ausschléissen”
    De Finanzminister Gilles Roth seet, hie wier iwwerrascht gewiescht, datt den “Defence Bond” d’lescht Woch esou séier ausverkaaft war. Hien hätt sech net erwaart, datt dat a manner wéi 24 Stonne geschitt, esou den CSV-Politiker am 100,7-Interview.
    Wéinst de séiere Verännerunge bei der geopolitescher Situatioun, kéint hien een zweeten Defence Bond net ausschléissen, huet de Gilles Roth erkläert.
    Den “Defence Bond” fir Privatleit, dee vum 15. Januar u konnt gezeechent ginn, hat ee Montant vun 150 Milliounen Euro. Den Zënstaux läit bei fixen 2,25 Prozent pro Joer.
    6 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag