Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Nei Detailer iwwer d'Tramslinn vun der Stäreplaz bis bei den CHL
    Déi geplangten Tramslinn op der Arelerstrooss vun der Stäreplaz bis den CHL wäert 171 Millioune kaschten. Dovunner iwwerhëlt de Staat zwee Drëttel an d’Stad Lëtzebuerg de Rescht. Dat geet aus dem Gesetzprojet fir d’Extensioun vum Tram-Reseau ervir, dee vum Mobilitéitsministère deponéiert gouf.
    3 min
  • D’EU kéint zum stäerksten Instrument aus senger Geschierkëscht gräifen
    Wéi soll d’Europäesch Unioun op déi neiste Menacen aus dem Wäissen Haus reagéieren? Wat kann d’EU iwwerhaapt maachen? Eng méiglech Äntwert op d’US-Droungen ass déi sougenannt Handels-Bazooka, déi an dësen Deeg zu Bréissel an aller Mond ass. Et handelt sech dobäi ëm een Anti-Coerciouns-Instrument. Deen Numm huet et, well et dat als dat stäerksten Instrument an der Geschierkëscht vun der EU ugesi gëtt.
    5 min
  • Theaterstéck am Neimënster
    D’Stéck baséiert op enger reeller Geschicht a stellt d’Fro no eiser Bezéiung zur Vergaangenheet an der Roll vun de Soziale Medien an eisem Alldag.
    3 min
  • Zypern gëtt sech een neien Image an hofft op eng Reunifikatioun
    Rechtlech gesi gouf déi ganz Insel 2004 Member vun der EU - faktesch awer blouf d’Insel am Mëttelmier zanter der Interventioun vun der Tierkescher Arméi am Joer 1974 gedeelt.
    Zanter iwwer 50 Joer gëtt et am Norden déi international net unerkannten Tierkesch Republik Nordzypern an am Süden d’Republik Zypern, dee vun alle Länner, ausser der Tierkei, unerkannt gëtt.
    D’Vereente Natiounen vermëttelen zanter Joerzéngten an deem Konflikt, en vue vun enger Reunifikatioun vun der Insel.
    Ass do méi dran an nächster Zukunft? D’Presidence vun der Europäescher Unioun kéint hëllefen, hoffe Verschiddener. Ma d’Land selwer wëll sech haut anescht als eent, wat eng Obsessioun mat der tierkescher Besatzung huet, verkafen.
    D’Danièle Weber war déi lescht Woch fir den Optakt vun der Presidence zesumme mat aneren EU-Korrespondenten op Invitatioun vun der zypriotescher Regierung op der Plaz an huet dëse Reportage mat bruecht.
    6 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag