Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Franséisch Alphabetiséierung a Schoulflicht bis 18: Dat ännert 2026
    Et steet eng grouss Ännerung fir de Schoulsystem dëst Joer un. Nach kuerz virun der Chrëschtvakanz hat d'Chamber ënner anerem de Projet de loi gestëmmt, fir déi optional Alphabetiséierung op Franséisch. Dee sougenannte Projet Alpha hat fir ganz vill Diskussioune gesuergt. Déi eng maache sech Suergen zum Beispill ëm d'Méisproochegkeet, fir déi aner ass et ee wichtege Schrëtt fir d'Chancëgläichheet an der Schoul. An den 3. Dezember gouf de Projet de Loi dann ugeholl. D'Morgane Weidig huet sech en Iwwerbléck verschaf an e puer vun den Ännerunge gesammelt, déi dëst Joer op de Schoulsystem duerkommen.
    4 min
  • Schwede preparéiert sech op déi russesch Gefor
    Allerspéitstens zanter dem russeschen Ugrëff op d’Ukrain huet och fir de Rescht vun Europa d’Theema Sécherheet a Verteidegung nees absolut Prioritéit. Dat gëllt besonnesch fir déi Gebidder, déi no u Russland leien an eng Invasioun fäerten. Esou zum Beispill am baltesche Mier.
    Schweden ass zanter 2024 Member an der NATO an huet am leschte Joer säin Arméisbudget staark erhéicht. Wéi huet de Bäitrëtt d’NATO verännert a wéi plangt Schwede seng militäresch Zukunft? De Max Tholl huet zu Göteborg bei engem Expert nogefrot.
    5 min
  • ExpoCreativ
    De Rendez-vous an der Luxexpo um Kierchbierg fir jiddereen, dee gäre selwer mat den Hänn schafft a bastelt.
    3 min
  • Christophe Hansen invitéiert fir Mercosur iwwer d'Zillinn ze bréngen
    De Mercosur-Handelsaccord tëschent der EU a véier südamerikanesche Länner ass nach ëmmer net an dréchenen Dicher. A Frankräich zum Beispill ginn d’Bauere weider massiv op d’Strooss fir dogéint ze protestéieren. Mee och zu Lëtzebuerg ass d’Begeeschterung iwwer den Accord bei de Baueren net grad grouss.
    Et misst een d’Bedenke vun de Baueren eescht huelen, esou den EU-Agrar-Kommissär Christophe Hansen, deen d'Agrarministeren op eng Reunioun zu Bréissel invitéiert hat. Wat koum dobäi eraus? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
    8 min
  • Den Dram vun engem Nationalmusée iwwer d'Landwirtschaft
    Am Norde vum Land steet zanter 30 Joer an enger onscheinbarer Hal e grousse Schatz un ale Maschinnen an Apparater drop ze waarden, datt dësen Dram Realitéit gëtt. Dee jonke Student Tom Poecker wëllt elo dofir suergen, datt de Projet Nationalmusée ëmgesat gëtt.
    13 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag