Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Dammebasket: Just nach 7 Ekippen an der 1. Liga
    Wien déi leschte Weekender déi iewescht Klass vum Dammebasket suivéiert huet, deem wäert opgefall sinn, datt mëttlerweil just nach 7 Ekippen am Championnat matspillen. Eng schlecht Entwécklung fir den Dammebasket zu Lëtzebuerg. Mee wéi konnt et dozou kommen?
    5 min
  • "Le Temps du Trajet"
    Kilometerlaang Stauen, iwwerfëllten Zich a Busser oder Vëlosweeër, déi feelen. Fir vill Leit hei am Land ass de Wee op d’Aarbecht, dat ass bekannt, eng richteg Plo. Fir duerzestelle wéi vill Zäit de Salarié dobäi verluer geet, koum virun enger Woch en neit Buch eraus vun der Soziologin Jessica Lopes an dem Kënschtler Charles Vinz.
    Fir hiert Wierk hu si 13 Persounen - Residenten a Frontalieren - bei hirem Wee op d’Aarbecht suivéiert. D'Paule Rodesch begleet eng dovunner op d'Aarbecht - an huet och d'Jessica Lopes derbäi, fir sech iwwer hiert Buch ze ënnerhalen.
    8 min
  • Luxair vs. EU-Kommissioun
    D'Lëtzebuerger Airline fillt sech benodeelegt bei der Attributioun vu Start- a Landerechter zu Mailand-Linate an huet d'EU-Kommissioun dowéinst op d'Geriicht geholl. De Gilles Feith, CEO vun der Luxair, erkläert d'Hannergrënn.
    11 min
  • Vu Bamkuch a Schockela fir den Trounwiessel
    Esou munch Betriber hu sech fir den Trounwiessel eng afale gelooss. Dat geet vu Porzeläinsgeschier, iwwer Kichendicher, Puzzelen, bis zu speziellem Gedrénks, an natierlech och Pâtisserien. D’Paule Rodesch huet sech ee vun dëse Betriber erausgepickt, nämlech den Oberweis, an huet mat engem vun de Patronen, dem Jeff Oberweis, iwwer hir Kreatioun fir den Trounwiessel an och hir Roll als Fournisseur de la Cour geschwat ... an hirem Schockelasatelier op der Cloche d’Or.
    9 min
  • Jéinesch - Eng al Sprooch vu Lëtzebuerg, déi een ëmmer nees eremfënnt
    Moss, Straubejitzer, zoppen oder kuff d’Schmull: Dat sinn alles Wierder oder Ausdréck aus dem Jéineschen. Eng Sprooch, déi zu Lëtzebuerg iwwer Joerhonnerten geschwat gouf - virun allem am Pafendall an zu Weimeschkierch. D’Jéinescht gëtt och dacks als Gauner- oder Lakertesprooch bezeechent an hat seng Aflëss op eis Sprooch, wéi mir se haut kennen.
    5 min
  • Musek op 360°
    A 4 Deeg kritt Lëtzebuerg en neie Grand-Duc. Den Héichpunkt vun de Festivitéite ronderëm den Trounwiessel fënnt um Glacis um Lampertsbierg statt. Do gouf eng gigantesch, ronn Bün opgebaut. Wou fënnt een esou eng Bün a wéi schwiereg ass den Opbau, dat froe mir de Chef vum Zerwiss Evenements, fêtes et marchés vun der Gemeng Lëtzebuerg.
    7 min
  • Neie Grand-Duc, nei Euromënzen
    De leschte Freideg huet d'Lëtzebuerger Zentralbank den Design vun den Cent- an Euromënze mam Portrait vum Grand-Duc Guillaume presentéiert. Explikatiounen dozou vum Alain Hoffmann, dee bei der BCL fir d'Numismatik zoustänneg ass.
    4 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag