Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • AMMD mécht Drock
    D'Doktesch-Associatioun wëll hir Memberen den 8. Oktober op enger AGE iwwer eng Kënnegung vun de Konventioune mat der CNS ofstëmme loossen. Den Dr. Chris Roller, President vun der AMMD, erkläert firwat.
    8 min
  • Lëtzebuerger Bünepräisser
    Den Antoine Pohu gouf an der Kategorie Nowuesstalent ausgezeechent. De Frank Hoffmann, Regisseur an Direkter vum Théâtre National du Luxembourg, gouf fir säi Liewenswierk mam Lëtzebuerger Theaterpräis geéiert.
    4 min
  • Automatesch Sproocherkennung op Lëtzebuergesch
    Wat fir Däitsch oder Franséisch scho laang zum Alldag gehéiert, ass elo och fir d’Lëtzebuergescht méiglech. Mat Hëllef vun der Online-Software LuxASR kann ee lëtzebuergesch Audio- a Videodateien transkribéiere loossen. De Projet, deen als Kooperatioun vun der uni.lu mat der Chamber an d’Liewe geruff gouf, gëtt vum Professer Peter Gilles vun der Uni.lu mat entwéckelt. LuxASR soll säin Deel dozou bäidroen, datt och eng kleng Sprooche wéi Lëtzebuergesch an der digitaler Welt net ënnergeet.
    5 min
  • Déiere geréieren am Parc Merveilleux
    Am Zoo vun Nürnberg an Däitschland sinn am Juli fofzéng Pavianen doutgemaach ginn - net well se krank waren, mee well hiert Gehege dem Gesetz no ze kleng war. Dat huet fir vill Kritik vun Déiereschutz-Organisatioune gesuergt. Si hu gefuerdert, datt d’Déieren hätte misste vermëttelt ginn. Wéi ass d’Lag hei am Land? Dat froe mir de Chef-Veterinär vum Beetebuerger Park, den Dr. Guy Willems. Beim him ginn et zwar keng Pavianen, mee d’Gestioun vun der Unzuel un Déieren ass och do natierlech een Theema.
    12 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag