Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Peegelstänn
    Mam Olivier Jeitz vun der Waasserverwaltung maache mir de Point vun de Peegelstänn nom staarke Ree vun de leschte Stonnen.
    3 min
  • Encore!
    Zanter 20 Joer triede lokal an international Artisten am Centre de Musiques Amplifiées um Belval op. Den Owend feiert d’Rockhal mat Encore, engem éischte vun zwee Eventer, dee ronne Gebuertsdag. Eng 30 Artisten aus der Lëtzebuerger Musekszeen wäerten an der Rockhal op der Bün stoen, zesumme mat enger Hausband, déi speziell fir dësen Event op d’Bee gesat gouf. Erklärunge vum Mathieu Moës, dem Responsabele vum Rocklab
    5 min
  • De Michel Gloesener, en "illustre inconnu"
    De Lëtzebuerger Physiker huet am 19. Joerhonnert eng akademesch Karriär an der Belsch gemaach. Mee hei am Land ass wéineg iwwer hie gewosst, obschonn et duerch e glécklechen Ëmstand vill Dokumentatioun gëtt: de Robert Adam ass nämlech an den 1990er Joren op engem Floumaart zoufälleg op e ganze Fundus vu Bréiwer, Notizen a Schrëfte vum Michel Gloesener gestouss, deen iwweregens sengem Ururgrousspapp säi Brudder war.
    6 min
  • Neien Héchststand vum Goldpräis
    An de leschte Wochen erreecht de Goldpräis quasi deeglech en neien Héchststand. Gëschter am Laf vum Dag louch den offizielle Präis vum Gold un der Bourse eng éischte Kéier iwwer 3.200 Euro d'Onz. Am Januar vun dësem Joer war de Präis nach bei ënner 2.700 Euro. D’Hausse vum Goldpräis ass awer net just interessant fir déi Leit, déi an d’Gold investéieren, mee och fir déi, déi an hirem Alldag mat Gold schaffen. De Pit Beffort huet mat enger Bijoutière an engem Goldhändler iwwer den Impakt vum Goldpräis op hiert Geschäft geschwat.
    5 min
  • Mam autonome Bus iwwer de Belval
    Um Belval deet sech den Ament eppes a Saache Mobilitéit. Zanter e puer Woche fueren do autonom Busse vun den CFL am richtege Stroosseverkéier. D’Paule Rodesch mécht fir eis eng Testfaart a freet de Carlo Hansen an d’Alessandra Nonnweiler vun den CFL, wéi déi autonom Navette funktionéieren a wat se fir déi zukünfteg Entwécklung vum ëffentlechen Transport hei am Land bedeiten.
    10 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag