Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Caritas-Affär: Enquête vun CSSF ass ofgeschloss, a wat elo ?
    D'Spuerkeess muss eng Geldstrof vu ronn 5 Milliounen Euro bezuelen, d'BGL kënnt 100,7-Informatiounen no mat enger Verwarnung dovun. De Finanzregulateur CSSF huet domat d'Enquête an der Suite vum Finanzbedruch bei der kathoulescher ONG ofgeschloss.
    Wéi kënnt et zu deenen Decisiounen a wéi si se anzeuerdnen? Kann et sinn, datt de Parquet seng Enquête géint d'Banken elo zoumécht? A wat bedeiten d'Decisioune vun der CSSF fir d'Kreditlinnen, déi d'Fondatioun Caritas bei der BGL an der BCEE nach opstoen huet?
    Eng Analys mam 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck
    7 min
  • Kris vun der daitscher Autosindustrie huet och en Impakt op Lëtzebuerg
    Déi europäesch Autosproduzenten an d’Zouliwwerbetriber gehéieren zu de Verléierer vum neien Handelsaccord tëschent der EU an den USA, huet den Julian Proffitt am 100,7-Interview confirméiert: hien ass President vum Lëtzebuerger Verband vun den Zouliwwerer.
    Déi däitsch Autosindustrie leit schonn ënner den Douanestaxen an den USA, déi zënter dem Abrëll bei 27,5 Prozent leien, an elo op 15 Prozent sollen zeréckgoen.
    15 Prozent Taxen och fir d’Zouliwwerindustrie wieren awer sechs Mol méi héich wéi nach am éischten Trimester dëst Joer, esou den Julian Proffitt.
    5 min
  • Tsunami-Warnungen a Japan
    D'Lilly Zikes vun Esch ass aktuell mat hirer Mamm an der Regioun a gouf evakuéiert nodeems et wéinst engem Äerdbiewe viru Russland kéint zu engem Tsunami kommen. Si ass eis live vun Hokkaido zougeschalt.
    5 min
  • Frëndschaften tëschent Gemengen
    Zënter bal 30 Joer besteet de Jumelage tëschent Bartreng an der italieenescher Gemeng Santa Maria Nuova. Kanner an Erwuessener si reegelméisseg ee bei deem aneren op Besuch. Bartreng huet och rezent zwee weider Jumelagen ënnerschriwwen. De Buergermeeschter Youri de Smet gëtt Erklärungen.
    6 min
  • Post-Pann: Wier nationale Roaming eng Léisung gewiescht?
    Déi Fro stellt sech, nodeems dee gréisste Provider hei am Land d'lescht Woch ronn 4 Stonne laang wéinst enger presuméierter Cyberattack een Totalausfall hat. Mee de Wiessel bei en aneren Operateur ass zu Lëtzebuerg net virgesinn a wier an dësem Fall och keng richteg Léisung gewiescht. Mir hu beim Regulateur ILR a beim Post-Konkurrent Tango nogefrot.
    3 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag